1. Gott erschaaft d’Welt
Esou huet alles ugefaang: Gott huet den Himmel an d’Äerd an alles, wat an hinnen ass, a sechs Deeg erschaf. Am Ufank war d’Äerd däischter an eidel, an et huet nach näischt op hir ginn. Mee Gott säi Geescht huet iwwert dem Waasser geschwieft.
Dunn huet Gott gesot: „Et soll Liicht entstoen!“ Du ass Liicht entstan. Gott huet gesinn, datt d’Liicht gutt war, an huet et vun der Däischtert getrennt. D’Liicht huet hien „Dag“ genannt an d’Däischtert „Nuecht“. Et gouf Owend an da Mueren. Dat war den éischten Dag.
Den zweeten Dag huet Gott geschwat an huet den Himmel iwwert der Äerd erschaf. Hien huet den Himmel gemaach, andeems hien d’Waasser uewen an d’Waasser ënne vunenee getrennt huet.
Den drëtten Dag huet Gott geschwat an huet esou d’Waasser vum dréchene Land getrennt. D’dréchent Land huet hien „Äerd“ genannt an d’Waasser „Mier“. A Gott huet gesinn, datt et gutt war.
Dunn huet Gott gesot: „Op der Äerd sollen all Zorte vu Béim a Planze wuessen a Fruucht droen.“ Esou ass et da komm, a Gott huet gesinn, datt gutt war, wat hie gemaach hat.
De véierten Dag huet Gott geschwat an huet d’Sonn an de Mound an d’Stäre gemaach. Hien huet se gemaach, fir der Äerd Liicht ze ginn a fir Dag an Nuecht vuneneen ze trennen. Och Joren a Joreszäite sollten esou bestëmmt ginn. A Gott huet gesinn, datt et gutt war.
De fënneften Dag huet Gott alles gemaach, wat am Waasser schwëmmt, an all Vullen. A Gott huet gesinn, datt et gutt war. Du huet hie se geseent.
De sechsten Dag huet Gott gesot: „Et soll ganz verschidden Zorte vu Landdéiere ginn.“ An et ass genee sou komm, wéi hien et gesot hat. Gott huet Hausdéieren erschaf, esou eng, déi op der Äerd krauchen, a wëll Déieren. A Gott huet gesinn, datt et gutt war.
Dunn huet Gott gesot: „Loosst eis Mënsche maachen, déi esou sinn ewéi mir. Si sollen iwwer all Déieren an iwwer d’Äerd Muecht hunn.“
Doropshin huet Gott Äerd geholl an huet e Mënsch doraus geformt an huet him de Liewesotem agehaucht. De Mënsch huet Adam geheescht. Gott huet och e Gaart geplanzt, an dem den Adam wunne konnt an ëm dee hie sech këmmere sollt.
An der Mëtt vun dem Gaart huet Gott zwee extra Béim geplanzt: de Bam, dee Liewe schenkt, an de Bam, dee Guddes a Béises erkenne léisst. Dunn huet hien dem Adam opgedroen: „Du däerfs vun all Bam am Gaart iessen, nëmmen net vun dem Bam, dee Guddes a Béises erkenne léisst. Wann s du vun dësem Bam ëss, da muss du stierwen.“
Dono huet Gott gesot: „Et ass net gutt, datt de Mënsch eleng ass.“ Mee keent vun de Déieren konnt dem Adam eng Hëllef sinn.
Dofir huet Gott den Adam déif aschlofe gelooss. Dunn huet hien eng vu senge Rëppe geholl an huet eng Fra doraus gemaach an huet se bei hie bruecht.
Wéi den Adam d’Fra gesinn huet, du huet hie gesot: „Endlech! Dat hei ass ee wéi ech! Si soll ‘Fra’ heeschen, well si aus dem Mann gemaach gouf.“ Aus dësem Grond léisst e Mann och säi Papp a seng Mamm hannescht a gëtt mat senger Fra eens.
Gott huet de Mann an d’Fra no sengem eegene Bild gemaach. Hien huet si geseent an huet zu hinne gesot: „Dir sollt vill Kanner an Enkel hunn an d’Äerd mat hinne voll maachen!“ A Gott huet gesinn, datt alles immens gutt war, wat hie gemaach hat. Et huet him gutt gefall. All dat huet sech de sechsten Dag ereegent.
Wéi de siwenten Dag ugefaang huet, du war Gott mat senger Aarbescht fäerdeg. Du huet hie vun allem gerout, wat hie gemaach hat. Hien huet de siwenten Dag geseent an huet e fir helleg erkläert, well hien un dem Dag vu senger Aarbescht gerout huet. Esou huet Gott den Himmel an d’Äerd an alles, wat an hinnen ass, entsti gelooss.
Eng biblesch Geschicht aus Genesis 1 an 2.