30. De Jesus gëtt 5.000 Mënschen eppes z’iessen
De Jesus huet seng Apostelen an vill verschidden Dierfer geschéckt, fir do ze priedegen an d’Mënschen ze léieren. Wéi se bei de Jesus zréckkomm sinn, du hu se him verzielt, wat se alles erreecht haten. Dunn huet de Jesus si agelueden, mat him op eng roueg Plaz op der aner Säit vum Séi ze goen, datt se sech e bësselchen ausroue kéinten. Du si se an en Naache geklomm a sinn op d’aner Säit vum Séi gefuer.
Vill Leit hunn awer gesinn, wéi de Jesus a seng Jénger an dem Naachen fortgefuer sinn. Du si se den Uwwer vum Séi laanscht gelaf, fir nach virun him op der aner Säit unzekommen. Wéi de Jesus a seng Jénger dann ukomm sinn, du war schonn eng grouss Mënschemass versammelt an huet op hie gewaart.
An der Mënschemass waren iwwer 5.000 Männer, d’Fraen a Kanner net matgezielt. De Jesus hat e grousst Matleed mat hinnen. Fir hie waren d’Mënsche wéi Schof, dee keen Hiert hunn. Dofir huet hie se geléiert an huet déijéineg vun hinne geheelt, déi krank waren.
De spéiten Nomëtteg vun dem Dag hunn d’Jénger zum Jesus gesot: „Et ass scho spéit, an nobäi si keng Dierfer. Schéck dach d’Leit fort, datt se sech eppes fir z’iesse besuerge kënnen.“
Mee de Jesus huet zu senge Jénger gesot: „Gitt dir hinnen dach eppes z’iessen!“ D’Jénger hu geäntwert: „Wéi kënne mir dat dann? Mir hunn dach nëmme fënnef Brout an zwee Fësch.“
Du huet de Jesus seng Jénger ugewisen: „Sot dene ville Leit, si solle sech a Gruppe vu jeweils 50 Persounen an d’Gras setzen.“
Dono huet de Jesus d‘fënnef Brout an d’zwee Fësch geholl an huet an den Himmel eropgekuckt an huet Gott fir d’Iesse Merci gesot.
Dunn huet hien d’Brout an d’Fësch a Stécker gebrach an huet se senge Jénger ginn, datt déi se un d’Leit virugi konnten. D’Jénger hunn ëmmer méi Brout a Fësch verdeelt. Se sinn hinnen net ausgaang, an d’Mënschen hunn alleguer giess a si sat ginn.
Dono hunn d’Jénger d’Reschter agesammelt, déi d’Leit net giess haten. Et war nach genuch, fir zwielef Kierf domat voll ze maachen. Dat ganzt Iessen ass vun dene fënnef Brout an zwee Fësch komm.
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 14,13-21; Mark 6,31-44; Luc 9,10-17; Jean 6,5-15