9. Gott berifft de Moses
Wéi de Jousef gestuerwe war, du sinn d’Leit, déi mat him Famill waren, alleguer an Ägypte bliwwern. Si an hir Nokommen hu weider do gelieft an hu vill Kanner kritt. Si sinn Israelite genannt ginn.
Honnerte vu Jore méi spéit waren d’Israeliten immens zuelräich ginn. D’Ägypter hu sech net méi un de Jousef erënnert an un alles, wat hie fir si gemaach hat, fir hinnen ze hëllefen. Si hunn Angscht virun den Israelite kritt, well se sou vill waren. Dofir huet de Pharao, deen zu där Zäit iwwer Ägypte geherrscht huet, d’Israeliten zu Sklave vun den Ägypter gemaach.
D’Ägpyter hunn d’Israelite gezwong, fir vill Gebaier an esouguer ganze Stied ze bauen. D’haart Aarbescht huet hinnen d’Liewe schwéier gemaach, mee Gott huet si geseent, a si hunn nach méi Kanner kritt.
Wéi de Pharao gewuer ginn ass, datt d’Israeliten ëmmer méi Kanner kritt hunn, du huet hie sengem Vollek de Befehl ginn, si sollten d’israelitesch Jongen, déi op d’Welt kommen, alleguer an den Nil geheien an esou ëmbréngen.
Dunn huet eng israelitesch Fra engem Jong d’Liewe geschenkt. Si an hire Mann hunn d’Kand verstoppt, esou laang wéi se konnten.
Wéi d’Elteren hire Jong net méi länger verstoppe konnten, du hu se hien an engem schwammfeste Kuerf beim Uwwer vum Nil am Schëllef ausgesat, fir hie virum Doud ze retten. Seng méi al Schwëster huet nogekuckt, wat mat him geschéie géing.
Eng Duechter vum Parao huet de Kuerf entdeckt an huet eragekuckt. Wéi se d’Kand gesinn huet, du huet si et als hiert eegent Kand ugeholl. Si huet eng israelitesch Mamm dofir bezuelt, datt si et geniert huet, ouni ze wëssen, datt d’Fra d’Mamm vum Kand war. Wéi d’Kand al genuch war a keng Mammemëllech méi gebraucht huet, du huet d’Mamm et der Duechter vum Pharao zréckginn. D’Duechter vum Pharao huet dem Kand den Numm Moses ginn.
Enges Dags – de Moses war schonn en erwuessene Mann – huet hie gesinn, wéi en Ägypter en israelitesche Sklav geschloen huet. Du huet hie versicht, dem Sklav ze hëllefen.
De Moses huet geduecht, et géing hie kee gesinn. Hien huet den Ägypter dout geschloen a begruewen. Mee et hat dach ee gesinn, wat hie gemaach huet.
Wéi de Pharao héieren huet, wat de Moses gemaach hat, du huet hie versicht, de Moses ëmzebréngen. Mee de Moses huet sech vun Ägypten ewech gemaach an ass an d’Wüst gelaf, wou hie virun den Zaldote vum Pharao sécher war.
De Moses ass e Schofhiert an der Wüst ginn, wäit ewech vun Ägypten. Hien huet eng Fra vun do bestued an huet zwee Jonge kritt.
Wéi de Moses enges Dags seng Schof gehitt huet, du huet hien e Bësch gesinn, dee gebrannt huet. Mee de Bësch ass net niddergebrannt. De Moses ass op de Bësch zougaang, fir hie besser gesinn ze kënnen. Wéi hien him méi no komm ass, du huet hien héieren, wéi Gott gesot huet: „Do deng Schong aus, Moses! Du stees op hellegem Buedem.“
Weider huet Gott gesot: „Ech hu gesinn, wat meng Vollek alles duerchmécht. Dofir schécken ech dech bei de Pharao, fir d’Israeliten aus hirer Sklaverei an Ägypten ze befreien. Ech ginn hinnen d’Land Kanaan, dat ech dem Abraham an dem Isaak an dem Jakob versprach hat.“
De Moses huet gefrot: „A wann d’Vollek wësse wëll, wie mech geschéckt huet, wat soll ech hinnen dann äntweren?“ „Ech sinn, deen ech sinn“, huet Gott gesot. „So hinnen: ‚Deejeenegen, deen ECH SINN heescht, huet mech bei iech geschéckt.‘ Weider solls du hinne soen: ‚Ech sinn de Yaweh, de Gott vum Abraham a vum Isaak a vum Jakob, äre Virfueren.‘ Dat ass fir ëmmer mäin Numm.“
De Moses huet gefaart a wollt net bei de Pharao goen, well hie geduecht huet, hie kënnt net gutt schwätzen. Dofir huet Gott den Aaron, de Brudder vum Moses, geschéckt, fir dem Moses ze hëllefen. Gott huet de Moses an den Aaron dovir gewarnt, datt de Pharao verbruet géing sinn.
Eng biblesch Geschicht aus Exodus 1-4