4. Gott geet mam Abraham eng Allianz an
Vill Jore no der Flut huet et erëm vill Mënschen op der Welt ginn, a si hunn alleguer d’nämmlech Sprooch geschwat. Mee amplaz sech iwwert d’Äerd auszebreeden, esou wéi Gott et gebueden hat, hu se sech an engem flaache Gebitt gesammelt an eng grouss Stad gebaut.
Si waren immens houfreg an hu sech net ëm dat gekëmmert, wat Gott gesot huet. Si hunn esouguer damat ugefaang, e groussen Turm se bauen, dee bis an d’Spëtzt vum Himmel goe sollt. Gott huet gesinn, datt se nach vill aner sënneg Saache maache kéinten, wa se sech doran eens waren.
Dofir huet Gott aus hire Sproochen eng Mass verschidde Sprooche gemaach an huet d’Mënschen iwwert d’ganz Äerd verstreet. Si hunn opgehal, d’Stad ze bauen, an esou huet d’Stad den Numm Babel kritt. Dat bedeit: „verwirrt“.
Honnerte vu Jore méi spéit huet Gott zu engem Mann geschwat, deen Abram geheescht huet. Gott huet hien opgefuerdert: „Géi aus dengem Land a vun denger Famill fort! Géi an d’Land, dat ech dir weisen. Ech seenen dech a maachen dech zu engem grousse Vollek. Däin Numm maachen ech grouss. Ech seenen déijéineg, déi dech seenen, a verfluchen déijéineg, déi dech verfluchen. Duerch dech gëtt emol all Famill op der Äerd geseent.“
Den Abram huet gemaach, wat Gott gesot huet. Hien huet d’Sarai, seng Fra, an all seng Dénger an alles, wat hien hat, geholl an ass an d’Land gaang, dat Gott him gewisen hat, d’Land Kanaan.
Wéi den Abram a Kanaan ukomm war, du huet Gott zu him gesot: „Kuck emol ronderëm dech! D’ganzt Land, dat s du hei gesäis, ginn ech dir an dengen Nokommen als Ierfschaaft.“ Du huet den Abram sech an dem Land niddergelooss.
Enges Dags huet den Abram de Melchizedek getraff, deen e Priister vu Gott, dem Héchsten, war. De Melchizedek huet den Abram geseent an huet gesot: „Gott den Héchsten, dem den Himmel an d’Ärd gehéiert, soll den Abram seenen.“ Dunn huet den Abram dem Melchizedek den zéngten Deel vun allem ginn, wat hien hat.
Eng Rei Jore si vergaang, an nach ëmmer haten den Abram an d’Sarai kee Kand. Gott huet dem Abram dann nach eng Kéier versprach, datt hien e Jong kréie géing an esou vill Nokommen, wéi et Stären am Himmel gëtt. Den Abram huet Gott gegleeft, an dofir huet Gott hie fir gerecht erkläert.
Dunn ass Gott mam Abram eng Allianz agaang. Eng Allianz ass e Vertrag tëschent zwee Parteien. Gott huet gesot: „Ech ginn dir e Jong, dee vun dengem eegene Läif kënnt. D’Land Kanaan ginn ech denge Nokommen.“ Nach hat den Abram awer kee Jong.
Eng biblesch Geschicht aus Genesis 11-15