16. D‘Riichter
Wéi de Josua gestuerwe war, du hunn d’Israeliten net méi op Gott héieren. Si hunn d’Kanaaniter, déi Rescht bliwwe waren, net verdriwwen an hunn d’Gesetzer, déi Gott hinne ginn hat, net méi agehal. Amplaz de Yaweh, de wierkleche Gott, unzebieden, hu se ugefaang, d’kanaanitesch Gëtter ze veréieren. Si hate kee Kinnek, a jiddereen huet gemaach, wat hie fir richteg gehal huet.
Well si och weider net op Gott héieren hunn, huet Gott si doduerch gestrooft, datt hien hire Feinden erlaabt huet, Här iwwer si ze ginn. Hir Feinden hunn hinne Saachen ewech geholl an hunn zerstéiert, wat si haten, an hu vill vun hinnen ëmbruecht. No vill Joren, an dene se net op Gott héieren hunn a vun hire Feinden ënnerdréckt gi sinn, si se ëmgekéiert an hu Gott gefrot, ob hie si rette géing.
Doropshin huet Gott fir e Riichter gesuergt, dee se vun hire Feinde gerett an hirem Land Fridde bruecht huet. Mee dunn hunn d’Mënsche Gott erëm vergiess an hunn ugefaang, aner Gëtter unzebieden. Du huet Gott zougelooss, datt d’Midianiter, déi e Vollek vu Feinden an der Noperschaft waren, Här iwwer si gi sinn.
D’Midianiter hu siwe Joer laang all Rekolte vun den Israelite matgeholl. D’Israeliten hunn esou gefaart, datt se sech an Hiele verstoppt hunn. D’Midianiter sollte si net fannen. Schlussendlech hu se zu Gott geruff, hie sollt si retten.
Enges Dags huet en israelitesche Mann, dee Gideon geheescht huet, heemlech Wees gedroschen. D’Midianiter sollten de Wees net stielen. Du ass den Engel vum Yaweh bei hie komm an huet gesot: „Gott ass bei dir, du staarken Held. Géi a rett Israel vun de Midianiter.”
Dem Gideon säi Papp hat en Altor, deen engem Gëtz konsakréiert war. Gott huet dem Gideon opgedroen, den Altor nidderzerappen. De Gideon huet awer d’Leit gefaart an huet dofir bis matzen an der Nuecht gewart. Dunn huet hien den Altor niddergerappt an a Stécker geschloen. Nobäi der Plaz, wou d’Gëtzenaltor stoung, huet hien en neien Altor gebaut an huet Gott en Affer op him duerbruecht.
Den nächste Mueren hunn d’Leit gesinn, datt een den Altor niddergerappt an zerstéiert hat. Du si se rose ginn a si bei d’Haus vum Gideon gaang, fir hien ëmzebréngen. Mee dem Gideon säi Papp huet gesot: „Firwat versicht dir dann, ärem Gott ze hëllefen? Wann hie wierklech Gott ass, da soll hie sech dach selwer beschëtzen!“ Well dem Gideon säi Papp dëst gesot hat, hunn d’Leit de Gideon net ëmbruecht.
Dono sinn d’Midianiter nach eng Kéier komm, fir bei den Israelite Saachen ze stielen. Si waren esou vill, datt ee se net ziele konnt. De Gideon huet d’Israeliten zesummegeruff, fir géint si ze kämpfen. Hien huet Gott gefrot, ob hien him zwee Zeeche géif ginn, fir sécher ze sinn, datt Gott hie gebrauche wollt, fir Israel ze retten.
Dat éischt Zeechen huet dora bestan, datt de Gideon e Schoffell op de Buedem geluegt a Gott gefrot huet, ob hien de Muerentau nëmmen op d’Schoffell géif fale loossen an net op de Buedem. Gott huet dat gemaach. An der nächsten Nuecht huet de Gideon Gott gefrot, ob hien nëmmen de Buedem nass gi loosse géing an net d’Schoffell. Gott huet och dat gemaach. Dës zwee Zeechen hunn de Gideon dovun iwwerzeegt, datt Gott hie gebrauche wollt, fir d’Israelite vun de Midianiter ze retten.
32.000 israelitesch Zaldote si bei de Gideon komm, mee Gott huet him gesot, datt dat ze vill waren. Doropshin huet de Gideon 22.000 heemgeschéckt, déi de Kampf gefaart hunn. Dunn huet Gott dem Gideon gesot: „Du hues ëmmer nach ze vill Männer.“ Also huet de Gideon bis op 300 Zaldoten alleguer heemgeschéckt.
An dëser Nuecht huet Gott zum Gideon gesot: „Géi emol an d’midianitescht Lager erof, a wann s du héiers, wat d’Midianiter soen, da fäerds du net méi.“ Doropshin ass de Gideon matzen an der Nuecht bei d’Lager gaang an huet héieren, wéi e midianiteschen Zaldot sengem Kamerad erzielt huet, wat hie gedreemt hat. De Kamerad vun dem Mann huet gesot: „Wat s du gedreemt hues, bedeit: D’Arméi vum Gideon gëtt Här iwwer d’Arméi vun de Midianiter.“ Wéi de Gideon dat héieren huet, du huet hie Gott ugebiet.
Dono ass de Gideon bei seng Zaldoten zreckkomm an huet jidderengem en äerde Krou an eng Fakel ginn. Si hunn e Belagerungsrénk ronderëm d’Lager gezunn, an dem d’midianitesch Zaldote geschlooft hunn. D’dräihonnert Zaldote vum Gideon haten hir Fakelen an den äerde Kréi. Dofir konnten d’Midianiter d’Liicht vun de Fakelen net gesinn.
Dunn hunn d’Zaldote vum Gideon hir äerde Kréi alleguer zum selwechten Zäitpunkt futti geschloen an hunn esou d’Feier vun hire Fakelen zum Virschäi bruecht. Si hunn hir Schofare gebloost an hu geruf: „E Schwäert fir de Yaweh a fir de Gideon.“
Gott huet d’Midianiter ier gemaach, esou datt se ugefaang hunn, een den aneren unzegräifen an ëmzebréngen. D’reschtlech Israelite sinn eenzock aus hiren Haiser geruff ginn, fir ze hëllefen, d’Midianiter ze verdreiwen. D’Israeliten hu vill vun hinnen ëmbruecht an hunn de Rescht aus hirem Land verdriwwen. Un dem Dag sinn 120.000 Midianiter ëmkomm. Gott hat Israel gerett.
D’Mënsche wollten de Gideon elo zu hirem Kinnek maachen. De Gideon huet hinnen dat net erlabt, mee hien huet se gefrot, ob hien e puer vun dene Réngen aus Gold hu kéint, déi jidderee vun hinnen de Midianiter ofgeholl hat. Doropshin hunn d’Mënschen dem Gideon vill Gold ginn.
De Gideon huet d’Gold benotzt, fir e besonnere Rack hierzestellen, een ewéi den Haaptpriister hien un hat. D’Mënschen hunn awer ugefaang, de Rack unzebieden, esou wéi wann hien e Gëtz wier. Doropshin huet Gott Israel erëm eng Kéier gestrooft, well se Gëtzen ugebiet hunn. Gott huet zougelooss, datt hir Feinden Här iwwer si gi sinn. Dunn endlech hu se Gott gefrot, ob hien hinnen hëllefe géing, a Gott huet hinnen en anere Riichter geschéckt.
Dëst Muster sech ze behuelen huet sech oft widderhuelt: D’Israeliten hu gesënnegt, Gott huet se gestrooft, a si sinn ëmgekéiert. Dunn huet Gott hinnen e Riichter geschéckt, fir si ze retten. Gott huet hinnen iwwer d’Jore vill Riichter geschéckt, déi se vun hire Feinde gerett hunn.
Schliislech wollt d’Vollek vu Gott e Kinnek hunn, esou wéi all déi aner Vëlleker een haten. Si wollten e Kinnek hunn, dee grouss a staark war an dee se an de Kampf féiere kéint. Gott war iwwer dat, wat se do verlaangt hunn, net grad erfreet, awer hien huet hinnen e Kinnek ginn, genee sou wéi s’et verlaangt haten.
Eng biblesch Geschicht aus Riichter 1-3; 6-8