Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

44. De Péitrus an de Jean maachen en Heescher gesond

Frame 44-01

Enges Dags sinn de Péitrus an de Jean an den Tempel gaang. A wéi se bei d’Tempelpaart komm sinn, du hu se e verkrëppelte Mann gesinn, deen do Geld geheescht huet.

Frame 44-02

Du huet de Péitrus de Schlammen ugekuckt an huet gesot: „Ech hunn zwar kee Geld, fir dir et ze ginn, mee wat ech hunn, dat ginn ech dir. Am Numm vum Jesus: Stéi op a géi dorëmmer!“

Frame 44-03

Am selwechten Ament huet Gott de Schlamme geheelt, an hien huet ugefaang, ze lafen an do rëmmerzespréngen a Gott ze luewen. D’Mënschen am Tempelvirhaff hu sech gewonnert.

Frame 44-04

Et sinn och séier vill Leit zesummekomm, fir de Mann ze gesinn, dee Gott geheelt hat. De Péitrus huet zu dëse Leit gesot: „Firwat wonnert dir iech dann doriwwer, datt dëse Mann gesond gin ass? Mir hunn hien net duerch eis eege Kraaft geheelt oder well mir esou gutt sinn. Et war villméi d’Kraaft vum Jesus an de Glawen, deen de Jesus schenkt, déi hie geheelt hunn.“

Frame 44-05

„Dir sidd déijéineg, déi de réimesche Gouverneur opgefuerdert hunn, de Jesus ëmzebréngen. Dir hutt de Prënz vum Liewen ëmbruecht, mee Gott huet hie vun den Doudegen operstoe gelooss. Obwuel dir net wierklech gewosst hutt, wat dir gemaach hutt, huet Gott äert Don benotzt, fir d’Prophezeiungen antreffen ze loossen, datt de Messias Schwéieres duerchmaache misst an datt hie stierwe géing. Kéiert elo also ëm a bekéiert iech zu Gott, datt är Sënnen ofgewäscht ginn.“

Frame 44-06

Déi Iewescht vum Tempel hu sech iwwer dat, wat de Péitrus an de Jean gesot hunn, geiergert. Dofir hu se déi Zwee festgeholl an hu se an de Prisong bruecht. Vill Mënschen hunn awer dem Message vum Péitrus gegleeft, an d’Zuel vun de Männer, déi un de Jesus gegleeft hunn, ass op ongeféier 5.000 geklomm.

Frame 44-07

Den nächsten Dag hunn d’jiddesch Iewescht de Péitrus an de Jean virun den Haaptpriister an virun déi aner reliéis Iewescht bruecht. „Duerch wat fir Kraaft hutt dir dann de Schlamme geheelt?“, hu se de Péitrus an de Jean gefrot.

Frame 44-08

De Péitrus huet hinne geäntwert: „Dëse Mann stitt duerch d’Kraaft vum Jesus, dem Messias, geheelt virun iech. Dir hutt de Jesus gekräizegt, mee Gott huet hien erëm lieweg gemaach. Dir hutt hie verworf, mee et gëtt keng aner Méiglechkeet, fir gerett ze ginn, wéi duerch d’Kraaft vum Jesus!“

Frame 44-09

Déi Iewescht waren entsat, datt de Péitrus an de Jean esou fräi eraus schwätze konnten. Si konnten nämlech gesinn, datt d’zwee Männer einfach Leit ouni Bildung waren. Mee dunn hu se sech dorun erënnert, datt déi Zwee mam Jesus zesumme waren. Du hu se hinne gedrät an hu se dono goe gelooss.

Eng biblesch Geschicht aus Apostelgeschicht 3,1-4,22