38. De Jesus gëtt verrot
All Joer hunn d’Judden d’Pessachfest gefeiert. Dobäi hu se sech dorun erënnert, wéi Gott hir Vierfuere viru ville Joerhonnerten aus der ägyptescher Sklaverei fräi gemaach hat. Ongeféier dräi Joer, nodem de Jesus ugefaang hat, ëffentlech ze priedegen an ze léieren, huet hien zu senge Jénger gesot: „Ech wëll d’Pessachfest zesumme mat iech zu Jerusalem feieren. Do ginn ech dann ëmbruecht.“
Ee vun de Jénger vum Jesus war e Mann, dee Judas geheescht huet. De Judas huet d’Keess vun den Apostele verwalt, mee hien huet um Geld gehaangen an huet méi oft emol Geld aus der Keess gestuelen. Wéi de Jesus a seng Jénger zu Jerusalem ukomm waren, du ass de Judas bei d’Iewescht vum jiddesche Vollek gaang an huet hinnen ugebueden, de Jesus fir Geld u si ze verroden. Hien huet gewosst, datt d’jiddesch Iewescht de Jesus als Messias net akzeptéiert hunn an datt se geplangt haten, de Jesus ëmzebréngen.
D’jiddesch Iewescht, déi vum Haaptpriister ugefouert gi sinn, hunn dem Judas fir de Verrot um Jesus 30 Sëlwermënze bezuelt. Domat ass genee dat agetraff, wat d’Prophéiten am Viraus ugekënnegt haten. De Judas huet zougestëmmt an huet d’Geld geholl an ass senger Weeër gaang. Hien huet ugefaang, no enger Geleeënheet ze sichen, wéi hien de jiddeschen Ieweschten hëllefe kéint, de Jesus festzehuelen.
De Jesus huet d’Pessachfest mat senge Jénger zu Jerusalem gefeiert. A wéi se d’Pessachlämmche giess hunn, du huet de Jesus d’Brout geholl an huet et a Stécker gebrach. „Huelt dat an iesst et!“, huet hie gesot. „Dëst ass mäi Läif, dee fir iech gebrach gëtt. Maacht et, fir iech u ech ze erënneren.“ Domat huet de Jesus gesot, datt säi Läif fir si geaffert géif ginn.
Dono huet de Jesus e Becher geholl an huet gesot: „Drénkt doraus! Dëst ass mäi Blutt, mat dem den neie Bond besigelt gëtt. Et gëtt geaffert, datt Sënne verzie kënne ginn. Maacht et all Kéier, wann dir doraus drénkt, fir iech u mech ze erënneren.“
Dono huet de Jesus zu senge Jénger gesot: „Ee vun iech verréit mech.“ D’Jénger waren entsat an hu sech gefrot, wien esou eppes wuel maache géing. De Jesus huet gesot: „Deejeenegen, dem ech dëst Stéck Brout ginn, dee verréit mech.“ Dunn huet hien dem Judas d’Brout ginn.
Wéi de Judas d’Brout geholl hat, du ass den Däiwel an hie gefuer. Hien ass erausgaang an huet sech doru gemaach, de jiddeschen Ieweschten ze hëllefen, de Jesus festzehuelen. Et war Nuecht.
Nom Iessen ass de Jesus mat senge Jénger bei den Uelegbierg gaang. Do huet de Jesus gesot: „Haut Nuecht loosst dir mech alleguer am Stach! Et steet nämlech geschriwwen: ‚Ech schloen den Hiert dout, an d’Schof lafen alleguer auserneen.‘“
De Péitrus huet geäntwert: „Och wann dech déi aner alleguer am Stach loossen – ech net!“ Doropshin huet de Jesus zum Péitrus gesot: „Den Däiwel hätt iech gär alleguer, mee ech hu fir dech gebiet, Péitrus, datt däi Glawen net ophëlt. Trotzdem streits du haut Nuecht, nach ier den Hunn kréit, dräimol of, datt s du mech kenns.“
Dorop huet de Péitrus zum Jesus gesot: „Och wann ech stierwe muss: Ech verleechnen dech ni!" Och déi aner Jénger hunn alleguer d’Nämmlecht gesot.
Dunn ass de Jesus mat senge Jénger op eng Plaz gaang, déi Getsemane geheescht huet. Do huet hien zu hinne gesot: „Biet, datt dir net a Versuchung kënnt!“ Dunn ass hie virugaang, fir eleng ze bieden.
De Jesus huet dräimol gebiet: „Mäi Papp, wann et méiglech ass, da maach dach, datt ech dëse Kielech, dee mat esou vill Leed verbonn ass, net drénke muss! Wann et awer keng aner Méiglechkeet gëtt, fir d’Sënne vun de Mënschen ze verzeien, da looss geschéien, wat s du wëlls.“ De Jesus war déif traureg, a säi Schweess ass wéi Bluttsdrëpse sinn. Doropshin huet Gott en Engel geschéckt, fir hie staark ze maachen.
All Kéier, wann de Jesus gebiet hat, ass hie bei seng Jénger hannescht gaang, mee si hu geschlooft. Wéi hien d’drëtte Kéier hanneschtkomm ass, du huet hie gesot: „Gëtt waakreg! Deejeenegen, dee mech verréit, ass hei.“
De Judas ass mat de jiddeschen Ieweschten, mat Zaldoten a mat enger Rei anere Leit komm. Si hate Schwäerter a Knëppel dobäi. De Judas ass op de Jesus zougaang an huet gsot: „Sief gegréisst, Meeschter!“, an huet him eng Bees ginn. Dat war d’Zeeche fir d’jiddesch Iewescht, un dem si erkannt hunn, wie se festhuele sollten. Dunn huet de Jesus gesot: „Judas, mat enger Bees verréits du mech?“
Wéi d’Zaldoten de Jesus festgeholl haten, du huet de Péitrus säi Schwäert gezunn an huet dem Dénger vum Haaptpriister en Ouer ofgehaen. Mee de Jesus huet gesot: „Stiech däi Schwäert erëm an! Ech kéint vu mengem Papp eng Arméi Engele verlaangen, déi mech verdeedege géingen. Mee ech muss op mäi Papp héieren.“ Dunn huet de Jesus d’Ouer vun dem Mann nees geheelt. Wéi d’Zaldoten de Jesus festgeholl haten, du sinn d’Jénger alleguer fortgelaf.
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 26,14-56; Marc 14,10-50; Luc 22,1-53; Jean 12,6; 18,1-11