Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

21. Gott versprécht de Messias

Frame 21-01

Vun Ufank un hat Gott geplangt, de Messias ze schécken. Déi éischt Zouso, datt hie komme géing, ass un den Adam an un d’Eva ergaang. Gott hat versprach, datt en Nokomme vum Eva op d’Welt komme géing, deen der Schlaang de Kapp futti triede géing. D’Schlaang, déi d’Eva verféiert hat, war den Däiwel. Wat Gott zougesot hat, huet och bedäit, datt de Messias total Här iwwert den Däiwel géing ginn.

Frame 21-02

Gott hat dem Abraham versprach, datt d’Vëlleker vun der Welt alleguer duerch hie geseent géife ginn. De Sege géing antreffen, wann de Messias iergendwann an der Zukunft komme géing. De Messias géing de Mënschen aus alle Vëlleker et méiglech maachen, gerett ze ginn.

Frame 21-03

Gott hat dem Moses versprach, datt hien an der Zukunft en anere Prophéit wéi de Moses optriede loosse géing. Dat war nach eng aner Zouso, datt de Messias zu engem méi spéiten Zäitpunkt komme géing.

Frame 21-04

Dem Kinnek David hat Gott versprach, datt ee vu sengen Nokomme fir ëmmer als Kinnek iwwert d’Vollek vu Gott regéiere géing. Dat huet bedeit, datt de Messias ee vun den Nokomme vum David si géing.

Frame 21-05

Duerch de Prophéit Jeremia hat Gott versprach, datt hien eng nei Allianz agoe géing, eng, déi net esou beschaff war wéi déijéineg, déi hie beim Bierch Sinai mat Israel agaang war. Ënner der neien Allianz géing Gott säi Gesetz an d’Häerz vun de Mënsche schreiwen, an d’Mënsche géinge Gott perséinlech kennen. Si géinge säi Vollek sinn, a Gott géing hir Sënne verzeien. Mam Messias géing d’nei Allianz ufänken.

Frame 21-06

D’Prophéiten, déi Gott geschéckt huet, hunn och ugekënnegt, datt de Messias e Prophéit, e Priister an e Kinnek géing sinn. E Prophéit ass een, deen héiert, wat Gott seet, an deen dat dann un d’Mënsche virugitt. De Messias, dee Gott schécke géing, esou wéi hien et versprach hat, géing dëse vollkommene Prophéit sinn.

Frame 21-07

D’israelitesch Priister hu Gott fir d’Vollek Affer duerbruecht als Ersatz fir d’Bestrofung vun hire Sënnen. Si hunn och fir d’Vollek zu Gott gebiet. De Messias géing de vollkommenen Haaptpriister sinn, dee sech selwer als vollkommenen Affer Gott duerbrénge géing.

Frame 21-08

E Kinnek ass een, deen iwwert e Räich regéiert an deen d’Mënsche riicht. De Messias géing de vollkommene Kinnek sinn, deen op dem Troun vum David, sengem Virfuer, sëtze géing. Hie géing fir ëmmer iwwer d’ganz Welt regéieren, an hie géing fir ëmmer oprichteg riichten a gerecht Uerteeler fällen.

Frame 21-09

D’Prophéiten, déi Gott geschéckt huet, hunn nach vill aner Saachen iwwert de Messias virausgesot. De Prophéit Maleachi huet prophezeit, datt virum Messias e grousse Prophéit optriede géing. De Prophet Jesaja huet virausgesot, datt eng Jongfra de Messias op d’Welt brénge géing, an de Prophéit Micha huet ugekënnegt, datt de Messias an der Stad Bethlehem op d’Welt komme géing.

Frame 21-10

De Prophéit Jesaja huet gesot, datt de Messias a Galiläa liewe géing. Hie géing Mënsche mat engem gebrachenen Häerz tréischden, de Gefaangenen d’Fräiheet verkënnegen an déi am Prisong befreien. De Jesaja huet och virausgesot, datt de Messias déi Krank heele géing, ausserdem déijéineg, déi net héieren, net gesinn, net schwätzen oder net goe kënnen.

Frame 21-11

De Prophéit Jesaja huet och prophezeit, datt de Messias ouni Grond gehaasst a verworf géing ginn. Aner Prophéiten hu virausgesot, datt déijéineg, déi de Messias ëmbréngen, iwwer senge Kleeder louse géingen an datt e Frënd hie verrode géing. De Prophéit Sacharja huet virausgesot, datt dëse Frënd als Bezuelung fir säi Verrot 30 Sëlwermënze kréie géing.

Frame 21-12

D’Prophéiten hunn och doriwwer geschwat, wéi de Messias stierwe géing. De Jesaja huet prophezeit, datt d’Mënschen op hie späize géingen. Si géingen hien och verspotten a schloen. Si géingen duerch hie stiechen, an hie géing ënner grousser Péng an Doudesangscht stierwen, obwuel hien ni eppes Béises gemaach hat.

Frame 21-13

D’Prophéiten hunn och dovu geschwat, datt de Messias vollkommen an ouni Sënn si géing. Hie géing als Strof fir d’Sënne vun den anere Mënsche stierwen. Seng Bestrofung géing Fridden tëschent Gott an de Mënsche bréngen. Dofir huet Gott och gewollt, datt de Messias zerschlo gi sollt.

Frame 21-14

D’Prophéiten hu virausgesot, datt de Messias stierwen an datt Gott hien erëm vun den Doudegen operstoe loosse géing. Duerch den Doud an d’Operstéiung vum Messias géing Gott säi Plang ausféieren an d’Sënner retten an d’nei Allianz asetzen.

Frame 21-15

Gott huet de Prophéite vill Saachen iwwert de Messias offenbart, mee de Messias ass net an der Zäit vun engem vun dëse Prophéite komm. Méi wéi 400 Joer, nodeem Gott d’lescht vun dëse Prophezeiunge ginn hat, géing hie genee zum richtegen Zäitpunkt de Messias an d’Welt schécken.

Eng biblesch Geschicht aus Genesis 3,15; 12,1-3; Deuteronomium 18,18; 2. Samuel 7; Jeremia 31; Jesaja 59,16; Daniel 7; Maleachi 3,23; Jesaja 7,14; Micha 5,1; Jesaja 9,1-7; 35,3-5; 53; Psalm 22,19; 35,19; 69,5; 41,10; Sacharja 11,12-13; Jesaja 50,6; Psalm 16,10-11