12. Israel geet vun Ägypte fort
D’Israeliten hu sech immens gefreet, datt se vun Ägypte fortgoen hunn dierfen. Elo ware se keng Sklave méi, a si sinn dem Land entgéint gezunn, dat Gott hinnen zougesot hat. D’Ägypter hunn hinnen alles ginn, wat se hu wollten, esouguer Gold a Sëlwer an aner wäertvoll Saachen. Vun den anere Vëlleker hunn och e puer Mënschen u Gott gegleeft a si mat den Israelite gaang, wéi déi vun Ägypten opgebrach sinn.
Gott huet d’Israelite mat enger grousser Wollekestäil gefouert, déi dagsiwwer virun hinnen hiergezunn an nuets zu enger grousser Feierstäil ginn ass. Gott war ëmmer bei hinnen an huet si op hirer Wannerung gefouert. Si hunn nëmmen hannert him hiergoe mussen.
Eng kuerz Zäit méi spéit hunn de Pharao a säi Vollek hir Meenung geännert. Si hätten d’Israelite gär erëm als Sklave gehat. Gott huet de Pharao verbruet: D’Mënsche sollte gesinn, datt Gott den eenzeg wierkleche Gott ass, a si sollte verstinn, datt hien, de Yaweh, méi mächteg wéi de Pharao a seng Gëtter ass.
De Pharao a seng Arméi sinn den Israeliten nogejot, fir si erëm zu hire Sklaven ze maachen. Wéi d’Israeliten d’ägyptesch Arméi komme gesinn hunn, du sinn se gewuer ginn, datt se tëschent der Arméi vum Pharao an dem Roude Mier an der Fal souzen. Si hunn immens gefaart an hu gejaut: „Firwat si mir nëmme vun Ägypte fortgaang? Elo musse mir stierwen!“
De Moses huet den Israelite gesot: „Fäert net! Gott kämpft haut fir iech a rett iech.“ Dunn huet Gott dem Moses opgedroen: „So dem Vollek, et soll op d’Roude Mier zougoen.“
Dono huet Gott d’Wollekestäil a Bewegung gesat an huet se tëschent d’Israeliten an d’Ägypter gestallt, esou datt d’Ägypter d’Israeliten net méi gesi konnten.
Gott huet dem Moses opgedroen, seng Hand iwwer d’Mier héich ze hiewen an d’Waasser ze deelen. Dunn huet Gott e Wand opkomme gelooss, deen d’Waasser riets a lénks opgetiermt huet, fir datt e Wee duerch d’Mier fräi géif ginn.
D’Israelite sinn op dréchenem Buedem duerch d’Mier gaang, iwwerdems d’Waasser op all Säit wéi e Wand stoung.
Dunn huet Gott d’Wollekstäil aus dem Wee gehuewen, fir datt d’Ägypter gesi konnten, wéi d’Israeliten entwëscht sinn.
Dofir si se hannert den Israeliten hier op dene Wee duerch d’Mier. Gott huet se awer a Panik gerode gelooss an huet dofir gesuergt, datt hir Sträitwéin stecke bliwwe sinn. Du hu se geruff: „Näischt wéi fort vun hei! Gott kämpft fir d’Israeliten!“
Wéi d’Israeliten alleguer sécher op der aner Säit vum Mier ukomm waren, du huet Gott zum Moses gesot: „Streck däin Arm erëm aus!“ Dat huet de Moses da gemaach. Du ass d’Waasser op d’ägyptesch Arméi gefall an ass u seng normal Plaz zréckgelaf. D’ganz ägyptesch Arméi ass ersoff.
Wéi d’Israelite gesinn hunn, datt d’Ägypter dout waren, du hu se hiert Vertrauen op Gott gesat an hu gegleeft, datt de Moses e Prophéit ass, dee Gott geschéckt hat.
D’Israeliten hu sech och gefreet a waren déif impressionéiert, well Gott si aus der Sklaverei a vum Dout gerett hat. Elo ware se fräi, fir Gott ze déngen. Si hu vill Lidder gesong, fir hir Fräiheet ze feieren a fir Gott ze luewen, well hie se vun der ägyptescher Arméi gerett hat.
Gott huet den Israeliten opgedroen, d’Pessachfest all Joer ze feieren a sech dorun ze erënneren, wéi Gott hinnen de Sieg iwwer d’Ägypter geschenkt a si aus der Sklaverei fräi gemaach huet. Si hunn d’Fest gefeiert andeems si e Lamm ouni Feeler geschluecht an et mat ongesaiertem Brout giess hunn.
Eng biblesch Geschicht aus Exodus 12,33-15,21