Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

10. D’zéng Ploen

Frame 10-01

De Moses an den Aaron si bei de Pharao gaang an hu gesot: „Dat hei seet de Gott vum Vollek Israel: ‚Looss mäi Vollek goen!‘“ Mee de Pharao huet net op si héieren. Amplaz d’Israelite fräi ze loossen, huet hie si gezwong, noch méi schwéier ze schaffen.

Frame 10-02

De Pharao huet och weiderhi refuséiert, d’Vollek goen ze loossen. Dofir huet Gott zéng schrecklech Ploen iwwer Ägypte geschéckt. Duerch d’Ploen huet Gott dem Pharao gewisen, datt hie méi mächteg wéi de Pharao an alle Gëtter vun Ägypten ass.

Frame 10-03

Gott huet d’Waasser vum Nil a Blutt verwandelt, mee de Pharao wollt d’Israeliten ëmmer nach net goe loossen.

Frame 10-04

Dorop huet Gott Fräsch iwwer ganz Ägypte geschéckt. De Pharao huet vum Moses verlaangt, datt hien d’Fräsch ewechhuele soll. Wéi d’Fräsch dann alleguer dout waren, du huet de Pharao säin Häerz haart gemaach an huet d’Israeliten net goe gelooss.

Frame 10-05

Dofir huet Gott eng Moustiqueplo an dono eng Méckeplo geschéckt. De Pharao huet de Moses an den Aaron geruff an huet hinnen erkläert: „Wann dir d’Plo stoppt, dann däerfen d’Israelite vun Ägypte fortgoen.“ Du huet de Moses gebiet, a Gott huet d’Mécken alleguer vun Ägypten ewechgeholl. Mee de Pharao huet säin Häerz haart gemaach an huet d’Vollek net goe gelooss.

Frame 10-06

Als Nächstes huet Gott alle Notzdéieren, déi den Ägypter gehéiert hunn, krank ginn a stierwe gelooss. Mee de Pharao huet säin Häerz haart gemaach an huet d’Israeliten net goe gelooss.

Frame 10-07

Dunn huet Gott zum Moses gesot: „Gehei virun den Ae vum Pharao Stëps an d’Loft!“ Wéi de Moses dat gemaach huet, du si bei den Ägypter Schwieren ausgebrach, déi immens wéi gedoen hunn, nëmme bei den Israeliten net.

Frame 10-08

Dono huet Gott Knëppelsteng geschéckt, déi de gréissten Deel vun der Rekolt vun den Ägypter zerstéiert a jiddereen doutgeschloen hunn, dee sech dobaussen opgehal huet. Du huet de Pharao de Moses an den Aaron geruff an huet zu hinne gesot: „Ech hu gesënnegt. Dir kënnt goen.“ Doropshin huet de Moses gebiet, an d’Knëppelsteng hunn opgehal ze falen.

Frame 10-09

Mee de Pharao huet erëm gesënnegt an huet säin Häerz haart gemaach. Hien huet d’Israeliten net goe gelooss.

Frame 10-10

Also huet Gott masseweis Heesprénger geschéckt, déi iwwer Ägypten hiergefall sinn. D’Heesprénger hunn d’Fruucht ratzebotz gefriess, déi vun de Knëppelsteng nach Rescht war.

Frame 10-11

Dono huet Gott eng Däischtert geschéckt, déi dräi Deeg laang ugehal huet. Et war esou däischter, datt d’Ägypter net aus hiren Haiser goe konnten. Do, wou d’Israelite gewunnt hunn, war et awer hell.

Frame 10-12

Och no dësen néng Ploen huet de Pharao ëmmer nach refuséiert, d’Israelite goen ze loossen. Well hien net héieren huet, wollt Gott nach eng lescht Plo schécken. Déi géing de Pharao dann ëmstëmmen.

Eng biblesch Geschicht aus Exodus 5-10