7. Gott seent de Jakob
D’Jonge si grouss ginn, an de Jakob ass um léifsten doheem bliwwen. Den Esau dogéint ass gär joe gaang. D’Rebekka huet de Jakob virgezunn, an den Isaak huet den Esau virgezunn.
Wéi den Esau enges scheenes Dags vum Joen heemkomm ass, du war hien immens hongereg, an hien huet zum Jakob gesot: „Gëff mir emol vun dem Iessen, dat s du gekacht hues.“ De Jakob huet geäntwert: „Dann trëtts du awer fir d’éischt deng Rechter als eelste Jong u mech of.“ Du huet den Esau seng Rechter als Eelsten un de Jakob ofgetrueden. Dono huet de Jakob him eppes vu sengem Iesse ginn.
Den Isaak wollt dem Esau säi Sege ginn. Mee ier hien dat maache konnt, hunn d’Rebekka an de Jakob hien hannergaang. De Jakob huet virginn, hie wier den Esau. Den Isaak war schonn al a konnt näischt méi gesinn. Dofir huet de Jakob sech dem Esau seng Kleeder ugedoen an huet Geessenhaut ëm säin Hals an ëm seng Hänn geluegt.
Dunn ass hie bei den Isaak gaang an huet gesot: „Ech sinn den Esau a si komm, fir datt s du mech seene kanns.“ Wéi den Isaak d’Geessenhoer gefillt an un de Kleeder geroch huet, du huet hie gegleeft, den Esau géing virun him stoen an huet hie geseent.
Den Esau huet de Jakob gehaasst, well de Jakob him seng Rechter als eelste Jong an säi Sege geholl hat. Aus dësem Grond huet den Esau geplangt, de Jakob ëmzebréngen, wann hire Papp emol net méi do wier.
D’Rebekka huet awer Wand vun dem kritt, wat den Esau geplangt hat. Dofir hu se de Jakob wäit fort geschéckt. Hie sollt bei dene Leit bleiwen, déi mam Rebekka Famill waren.
De Jakob huet laang Jore bei dene Leit gewunnt, déi mam Rebekka Famill waren. An dëser Zäit huet hie sech bestued an huet zwielef Jongen an ee Meedche kritt. Gott huet hien immens räich gi gelooss.
20 Joer laang war de Jakob vu Kanaan, wou hien doheem war, fort. Dunn ass hie mat senger Famill a senge Kniechten a mat all senge Véihäerden dohin zréckgaang.
De Jakob huet awer gefaart, well hie geduecht huet, den Esau wollt hien ëmmer nach ëmbréngen. Dofir huet hie vill Véihäerden als Geschenk un den Esau geschéckt. D’Kniechten, déi dem Esau d’Déieren iwwerbruecht hunn, hu gesot: „De Jakob, däi Kniecht, schenkt dir dës Déieren. Hie kënnt bal no.“
Mee den Esau hat dem Jakob scho verzien, a si hu sech gefreet, datt se sech erëm gesinn hunn. Dono huet de Jakob am Fridden a Kanaan gewunnt. Dunn ass den Isaak gestuerwen, an de Jakob an den Esau hunn hie begruewen. D’Zousoe vun der Allinaz, déi Gott dem Abraham ginn hat, sinn elo vum Isaak op de Jakob iwwergaang.
Eng biblesch Geschicht aus Genesis 25,27-33,20