35. D’Gläichnes vun engem Papp a sengen zwee Jongen
Enges Dags huet de Jesus vill Steierenandreiwer a Sënner geléiert, déi zesummekomm waren, fir him nozelauschteren.
E puer Schrëftgeléiert a Pharisäer, déi och do waren, hu gesinn, datt de Jesus d’Sënner wéi Frënn behandelt huet. Du hu se ënnner sech ugefaang, de Jesus ze kritizéieren. Doropshin huet de Jesus hinnen dëst Gläichnes erzielt:
„E Papp hat zwee Jongen. De méi jonke Jong huet zu sengem Papp gesot: ‚Papp, ech hätt gär elo meng Ierfschaft!‘ Du huet de Papp ënner seng Jongen opgedeelt, wat hien hat.“
„Net laang dono huet de méi jonke Jong alles, wat hien hat, zesummegekratzt an ass an d’Ausland gereest, wou hie säi Geld mat engem sënnege Lieweswandel dropgemaach huet.“
„Dono huet eng schwéier Hongersnout d’Land getraff, an dem de méi jonke Jong elo war. Hien hat kee Geld méi, fir sech eppes z’iessen ze kafen. Du huet hien déi eenzeg Arbescht ugeholl, déi hie fanne konnt: Schwéng hidden. Hie war esou miserabel drun an esou hongereg, datt hien esouguer d’Schwéngsfutter iesse wollt.“
„Schlussendlech huet hie sech gesot: ‚Wat maachen ech hei eegentlech? Dat ganzt Déngschtpersonal vu mengem Papp huet räichlech z’iessen, an ech sinn um verhongeren. Ech gi bei mäi Papp zréck a froen hien, ob ech ee vu sengen Dénger si kann.‘“
„Doropshin huet hie sech op den Heemwee gemaach. Wéi hien nach wäit vun Doheem ewech war, du huet säi Papp hie scho gesinn an hat Erbaarme mat him. Hien ass bei hie gelaf an huet hien ëmaarmt an huet him eng Bees ginn.“
„Dunn huet de Jong gesot: ‚Papp, ech hu géint Gott a géint dech gesënnegt. Ech sinn et net méi wäert, däi Jong ze sinn.’”
„Mee de Papp huet zu engem vu sengen Dénger gesot: ‚Géi séier a bréng d’bescht Gezei an do et mengem Jong un! Steck him e Rénk u säi Fanger an do him Sandalen un! Da schluecht d’beschte Kallef, datt mir e Fest hunn a feiere kënnen. Mäi Jong war nämlech dout, mee elo lieft hien nees! Hie war verluer, mee elo ass hien erëmfonnt.“
„Du hunn d’Leit ugefaang ze feieren. Net laang dono ass de méi ale Jong vun der Aarbescht op dem Feld heemkomm an huet Danzmussik héieren. Du huet hie sech gefrot, wat dat ze bedeiten huet.“
„A wéi hie gewuer ginn ass, datt gefeiert gouf, well säi Brudder heemkomm ass, du ass hien imens béis ginn a wollt net an d’Haus goen. Doropshin ass säi Papp erauskomm an huet un him ugehal, hie sollt dach kommen a mat hinne feieren, mee hien huet dat refuséiert.“
„‚All dës Joren hunn ech trei fir dech geschafft‘, huet hien zu sengem Papp gesot. ‚Ëmmer hunn ech gemaach, wat s du gewollt hues, an trotzdem hues du mir ni och nëmmen eng jong Geess ginn, datt ech mat menge Frënn hätt kënne feieren. Mee wéi deen do, däi Jong, deen däi Geld mat engem sënnege Lieweswandel verbëtzt huet, heemkomm ass, du hues du dat bescht Kallef fir hie geschluecht!‘“
„De Papp huet geäntwert: ‚Mäi Jong, du bass ëmmer bei mir, an alles, wat ech hunn, ass däin. Du ass et dach nëmme richteg, datt mir feieren! Däi Brudder war nämlech dout, mee elo lieft hien nees. Hie war verluer, mee elo ass hien erëmfonnt!‘“
Eng biblesch Geschicht aus Luc 15,11-32