17. Gott geet mam David eng Allianz an
De Saul war den éischte Kinnek vun Israel. Hie war grouss a sympathesch, esou wéi d’Vollek et hu wollt. Déi éischt Jore vu senger Herrschaft iwwer Israel war hien e gudde Kinnek. Mee dunn ass hien e béise Mann ginn, deen net op Gott héieren huet. Aus dësem Grond huet Gott sech en anere Mann ausgewielt, deen enges Dags amplaz vum Saul Kinnek sollt ginn.
Gott huet sech e jonken Israelit ausgewielt, deen David geheescht huet an deen no dem Saul Kinnek gi sollt. Den David war e Schofhiert aus der Stad Bethlehem. Zu verschidden Zäiten hat den David, wéi hien d’Schof vu sengem Papp gehidd huet, e Léiw an e Bier dout gemaach, déi d’Schof ugefal haten. Den David war en damiddegen an e gerechte Mann, dee Gott vertraut an op hien héieren huet.
Aus dem David ass e gudden Zaldot an e gudden Ieweschte ginn. Wéi hien nach e jonke Mann war, du huet hie géint e Ris gekämpft, dee Goliat geheescht huet. De Goliat war en ausgebillten Zaldot. Hie war immens staark a bal dräi Meter grouss. Mee Gott huet dem David gehollef, de Goliat ëmzebréngen an Israel ze retten. Dono ass den David nach zu vill aner Geleeënheeten Här iwwer d’Feinde vun Israel ginn, an dofir huet d’Vollek hie gelueft.
De Saul ass jalous ginn, well d’Vollek den David gär hat. Hien huet méi wéi eng Kéier versicht, den David ëmzebréngen. Dofir huet sech den David virun him verstoppt. Enges Dags huet de Saul den David nees gesicht, fir hien ëmbréngen ze kënnen. De Saul ass an d’nämmlecht Hiel gaang, an där den David sech virun him verstoppt hat, mee de Saul huet hien net entdeckt. Den David war dem Saul elo ganz no an hätt hien ëmbrénge kënnen, mee hien huet et net gemaach. Amplaz hien ëmzuebréngen, huet hien e Stéck vum Saul senge Kleeder ofgeschnidden, fir dem Saul ze beweisen, datt hien en net ëmbrénge géing, fir Kinnek ze ginn.
Schlussendlech ass de Saul am Kampf ëmkomm, an den David ass Kinnek vum Vollek Israel ginn. Hie war e gudde Kinnek, an d’Vollek hat hie gär. Gott huet hie geseent an huet him vill Erfolleg ginn. Den David huet vill Kricher gefouert, a Gott huet him gehollef, iwwer d’Feinde vun Israel Här ze ginn. Den David huet Jerusalem eruewert an huet et zu senger Haaptstad gemaach. An der Zäit, an där hie geherrscht huet, ass Israel mächteg a räich ginn.
Den David wollt och en Tempel bauen, an dem d’Israelite Gott ubieden an him Affer duerbrénge kéinten. Ongeféier 400 Joer laang hat d’Vollek Gott an dem Zelt ugebiet, an dem se zesummekomm waren, an hunn him do Affer duerbruecht. De Moses hat dëst Zelt opgebaut.
Mee Gott huet de Prophéit Natan mat dësem Message bei den David geschéckt: „Well s du e Mann bass, dee Krich féiert, baus du dësen Tempel net fir mech op. Däi Jong baut en emol op. Ech seenen dech awer. Ee vun dengen Nokomme regéiert emol fir ëmmer als Kinnek iwwert mäi Vollek!” Den eenzegen Nokomme vum David, dee fir ëmmer regéiere kéint, war de Messias. De Messias ass deejeenegen, dee Gott sech ausgewielt huet an deen d’Welt vun hire Sënne rette géing.
Wéi den David dëst héieren huet, du huet hie Gott op der Plaz Merci gesot an huet hie gelueft, well hien him dës grouss Éier a vill Segnungen zougesot hat. Den David huet net gewosst, wéini Gott dat alles maache géing. D’Israeliten hunn nach laang waarde mussen, bis de Messias komm ass, bal 1.000 Joer.
Den David huet jorelaang trei a gerecht regéiert, a Gott huet hie geseent. Mee géint Enn vu sengem Liewen huet hie sech schrecklech géint Gott versënnegt.
Enges Dags – seng Zaldote waren alleguer vun doheem fort an hu Krich gefouert – huet hien aus sengem Palais gekuckt an huet gesinn, wéi eng schéi Fra sech gebued huet. D’Fra huet Batseba geheescht.
Mee amplaz ewech ze kucken, huet den David ee lassgeschéckt an huet d’Batseba bei sech huele gelooss. Dunn huet hie mat him geschlooft an huet hatt erëm heemgeschéckt. Net laang dono huet d’Batseba dem David eng Noriicht geschéckt an huet him matgedeelt, datt hatt schwanger ass.
Dem Batseba säi Mann, deen Urija geheescht huet, war ee vum David senge beschten Zaldoten. Den David huet den Urija aus dem Kampf zréckgeruff an huet zu him gesot: „Géi bei deng Fra!“ Mee den Urija huet refuséiert, fir heemzegoen, andeems déi aner Zaldote gekämpft hunn. Den David huet hien dofir an de Kampf zréckgeschéckt an huet sengem General den Opdrag ginn, den Urija do anzesetzen, wou de Feind um stärksten ass, fir datt den Urija ëmkomme géing.
Wéi den Urija dout war, du huet den David d’Batseba bestued. Dono huet d’Batseba dem David säi Jong op d’Welt bruecht. Gott war immens rose wéinst dem, wat den David gemaach hat. Dofir huet hien de Prophéit Natan geschéckt, fir dem David ze soen, wéi schrecklech hie gesënnegt hätt. Den David huet iwwer dat, wat hien ugestallt hat, Bouss gedoen, a Gott huet him verzien. Fir de Rescht vu sengem Liewen huet den David mat Gott gelieft an huet op hien héieren, esouguer a schwéier Zäiten.
Als Strof fir dat, wat den David ugestallt hat, huet säi Jong stierwe mussen. An a senger Famill huet et Kampf a Sträit ginn, esou laang wéi hien nach gelieft huet. Seng Muecht ass immens geschwächt ginn. Obwuel den David Gott d’Trei gebrach hat, ass Gott sengen Zousoen trei bliwwen. Den David an d’Batseba hunn nach en anere Jong kritt an hunn hie Salomo genannt.
Eng biblesch Geschicht aus 1. Samuel 10; 15-19; 24; 31; 2. Samuel 5; 7; 11-12