32. De Jesus mécht e Besiessene fräi an heelt eng krank Fra
Enges schéines Dags ass de Jesus mat senge Jénger an engem Naachen op déi aner Säit vum Séi an e Gebitt gefuer, an dem d’Gerasener gewunnt hunn.
Wéi se do ukomm sinn, du ass e Mann op de Jesus zougerannt komm, dee vun Dämone besiess war.
Dëse Mann war esou staark, datt keen hien ënner Kontroll hale konnt. D’Leit haten hien esouguer schonn un den Armen an un de Bee mat Kette gefesselt, mee hien hat d’Ketten ëmmer erëm ausernee gebrach.
De Mann huet an de Grafhiele vun dem Gebitt gehaust. Dag an Nuecht huet hien ëm sech gejaut. Hien hat keng Kleeder méi un an huet mat Steng op sech ageschloen.
Wéi dëse Mann bei de Jesus komm ass, du ass hie virum Jesus op d’Knéie gefall, an de Jesus huet den Dämon opgefuerdert: „Komm aus dem Mann eraus!“
Du huet de Besiessenen haart opgejaut: „Wat hunn ech da mat dir ze dinn, Jesus, du Jong vu Gott, dem Héchsten? Péngeg mech dach net!“ Dorop huet de Jesus den Dämon gefrot: „Wéi heeschs du dann?“ Den Dämon huet geäntwert: „Ech heesche Legioun. Mir sinn der nämlech vill.“ Eng Legioun war eng Grupp vun e puer dausend Zaldoten an der réimeschen Arméi.
D’Dämonen hunn de Jesus ugebiedelt: „Schéck eis dach net aus dëser Géigend fort!“ Op engem Bierg nobäi war just en Trapp Schwäin um Friessen. Du hunn d’Dämone gebiedelt: „Schéck eis doch léiwer an d’Schwäin!“ „Gitt!“, huet de Jesus geäntwert.
Du sinn d’Dämonen aus dem Mann erauskomm a sinn an d’Schwäin eragefuer. Doropshin hu sech d’Schwäin den Ofhank erof an de Séi gestierzt a si versoff. De ganzen Trapp bestoung aus ongeféier 2.000 Schwäin.
Wéi d’Schwéngshierte gesinn hunn, wat sech zougedroen hat, du si se an d’Stad gelaf an hunn do jidderengem verzielt, wat de Jesus gemaach hat. Du sinn d’Leit aus der Stad komm an hunn de Mann gesinn, dee bis dohi besiess war. Hie souz roueg do a war ugedoen an huet sech wéi e normale Mënsch beholl.
Du hunn d’Leit et mat der Angscht ze di kritt, a si hunn de Jesus opgefuerdert ze goen. Doropshin ass de Jesus an den Naache geklomm an huet sech bereet gemaach, fir ofzefueren. De Mann, dee bis dohi besiess war, huet hie gefrot, ob hie mat him goen dierft.
Mee de Jesus huet zu him gesot: „Neen, géi léiwer heem a verziel denge Frënn an denger Famill vun allem, wat Gott fir dech gemaach a wéi hie sech iwwer dech erbaarmt huet.“
Doropshin ass de Mann fortgaang an huet iwwerall verzielt, wat de Jesus fir hie gemaach hat. A jiddereen, deen et héieren huet, war verwonnert an huet nëmmen esou gestaunt.
De Jesus ass op déi aner Säit vum Séi zréckgaang. Wéi hien do ukomm ass, du huet sech eng grouss Mënschemass versammelt an ëm hie gedréckt. Ënnert dene ville Mënsche war eng Fra, déi schonn zwielef Joer laang mat Bluddungen ze dinn hat. Hiert ganzt Geld hat se scho fir d’Dokteren ausginn, déi se heele sollten, mee et war nëmme méi schlëmm ginn.
D’Fra hat héieren, datt de Jesus scho vill Kranker gesond gemaach hat an huet geduecht: „Wann ech nëmme seng Kleeder upake kann, da ginn och ech ganz bestëmmt geheelt!“ Aus dësem Grond huet si sech vun hannen un de Jesus drugeschafft an huet seng Kleeder ugepaakt. An dem Ament hunn d’Bluddungen opgehal!
De Jesus huet direkt gemierkt, datt Kraaft vun him ausgaang war. Dofir huet hie sech erëmgedréit an huet gefrot: „Wien huet mech dann ugepaakt?“ D’Jénger hu geäntwert: „Eng Mass Leit drécke sech ronderëm dech a stousse mat dir zesummen. Firwat frees du dann do: ‚Wien huet mech ugepaakt?‘“
D’Fra ass virum Jesus op d’Knéie gefall an huet vu lauter Angscht gezittert. Dunn huet si him verzielt, wat se gemaach hat an datt se gesond ginn ass. De Jesus huet zu hir gesot: „Däi Glawen huet dech geheelt! Géi a Fridde fort!“
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 8,28-34; 9,20-22; Marc 5,1-20. 24b-34; Luc 8,26-39; 8,42b-48