Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

36. De Jesus gëtt verwandelt

Frame 36-01

Enges Dags huet de Jesus dräi vu senge Jénger, nämlech de Péitrus an de Jacaques an de Jean, mat sech geholl. (De Jénger, dee Jean geheescht huet, war net de Selwechten, deen de Jesus gedeeft huet.) Si sinn eleng op en héiche Bierg gaang, fir ze bieden.

Frame 36-02

Wéi de Jesus gebiet huet, du ass säi Gesiicht esou hell wéi d’Sonn ginn, a seng Kleeder si wäiss wéi d’Liicht ginn, esou wäiss, wéi se keen op der Äerd maache kéint.

Frame 36-03

Da sinn de Moses an den Elija erschéngt. Dës zwee Männer haten honnerte vu Joren dovir op der Äerd gelieft. Si hu mam Jesus iwwer säin Dout geschwat, dee sech scho geschwënn zu Jerusalem ereegne géing.

Frame 36-04

Wéi de Moses an den Elija esou mam Jesus geschwat hunn, du huet de Péitrus zum Jesus gesot: „Et ass gutt, datt mir hei sinn! Loos eis dräi Zelter opriichten, eent fir dech, eent fir de Moses an eent fir den Elija!“ Hien huet awer net gewosst, wat hien do gesot huet.

Frame 36-05

Wéi de Péitrus nach am Gaang war ze schwätzen, du ass eng hell Wollek erofkomm an huet si ëmginn, an eng Stëmm aus der Wollek huet gesot: „Dat hei ass mäi léiwe Jong, un dem ech Gefalen hunn. Op hie sollt dir lauschteren!“ D’dräi Jénger sinn erféiert a sinn op de Buedem gefall.

Frame 36-06

Dunn huet de Jesus si beréiert an huet gesot: „Fäert net! Stitt op!“ Wéi se ronderëm sech gekuckt hunn, du war de Jesus den Eenzegen, deen nach do war.

Frame 36-07

Dono ass de Jesus mat sengen dräi Jénger de Bierg erëm erofgaang, an de Jesus huet zu hinne gesot: „Erzielt nach kengem vun dem, wat sech do zougedroen huet. Ech stierwe scho bal a kommen dann erëm an d’Liewen zréck. Dono dierft dir de Mënschen dovun erzielen.“

Eng biblesch Geschicht aus Mattias 17,1-9; Marc 9,2-8; Luc 9,28-36