37. De Jesus mécht de Lazarus erëm lieweg
Enges Dags huet de Jesus d’Noriicht kritt, datt de Lazarus imens krank wier. De Lazarus a seng zwéi Schwësteren, d’Maria an d’Marta, ware gutt Frënn vum Jesus. Wéi de Jesus d’Noriicht héieren huet, du huet hie gesot: ‚Dës Krankheet end emol net mam Doud, mee déngt dozou, datt Gott verherrlecht gëtt.“ De Jesus hat seng Frënn gär, mee hien huet do, wou hie war, nach zwee Deeg gewaart.
Wéi d’zwee Deeg eriwwer waren, du huet hien zu sene Jénger gesot: „Kommt, mir ginn a Judäa zréck!“ „Mee Meeschter“, hunn d’Jénger geäntwert, „et ass nach net laang hier, du wollten dech d’Leit do ëmbréngen.“ De Jesus huet gesot: „De Lazarus, eise Frënd, ass ageschlooft, an ech muss hien erëm waakreg maachen.“
D’Jénger hu geäntwert: „Meeschter, wann de Lazarus schléift, da geet et him geschwë besser.“ Dorophsin huet de Jesus hinne fräi eraus gesot: „De Lazarus ass gestuerwen, an ech si frou, datt ech net do war. Dir sollt nämlech u mech gleewen.“
Wéi de Jesus an dem Duerf ukomm ass, an dem de Lazarus doheem war, du war de Lazarus scho säit véier Deeg dout. D’Marta ass dem Jesus entgéint gaang an huet gesot: „Meeschter, wann s du hei gewiescht wiers, wier mäi Brudder net gestuerwen. Mee ech gleewen, datt Gott dir alles gëtt, wat s du vun him verlaangs.“
De Jesus huet geäntwert: „Ech sinn d’Operstéiung an d’Liewen! Wien u mech gleeft, dee lieft, och wann hie stierft. A wien u ech gleeft, dee stierft ni méi! Gleefs du dat?“ D’Marta huet geäntwert: „Jo, Meeschter! Ech gleewen, datt s du de Messias, de Jong vu Gott, bass.“
Dunn ass och d’Maria ukomm. Hatt ass virum Jesus senge Féiss niddergefall an huet gesot: „Meeschter, wann s du hei gewiescht wiers, wier mäi Brudder net gestuerwen.“ Doropshin huet de Jesus déi zwéi gefrot: „Wou hutt dir dann de Lazarus higeluegt?“ Si hunn him gesot: „An d’Graf! Komm a kuck!“ Dunn huet de Jesus gekrasch.
D’Graf war eng Hiel. Virun den Agank haten d’Leit e Stee gerullt. Wéi de Jesus bei d’Graf komm ass, du huet hien zu de Leit gesot: „Rullt de Stehn ewech!“ Mee d’Marta huet geäntwert: „Hien ass scho véier Deeg dout. Et richt gang bestëmmt schrecklech.“
De Jesus huet awer gesot: „Hunn ech dir net gesot, datt s du gesi géings, wéi herrlech Gott ass, wann s du u mech gleefs?” Doropshin hunn d’Leit de Steen ewechgerullt.
Dono huet de Jesus an den Himmel eropgekuckt an huet gesot: „Merci Papp, datt s du mech erhéiers! Ech weess, datt s du ëmmer op mech héiers, mee ech soen dëst fir d’Mënschen, déi hei stinn. Si solle gleewen, datt s du mech geschéckt hues.“ Dunn huet de Jesus haart geruff: „Lazarus, komm eraus!“
Du ass de Lazarus erauskomm! Hie war nach ëmmer a Grafdicher gewéckelt. De Jesus huet zu de Leit gesot: „Hëlleft him emol, d’Grafdicher auszedoen, a loosst hie goen!“ Wéinst dësem Wonner hu vill Judden un de Jesus gegleeft.
Mee d’reliéis Iewescht vun de Judde si jalous ginn. Dofir si se zesummekomm, fir e Plang ze maachen, wéi se de Jesus an de Lazarus ëmbrénge kéinten.
Eng biblesch Geschicht aus Jean 11,1-46