42. De Jesus geet an den Himmel zréck
Den Dag, un dem de Jesus vun den Doudegen operstan war, waren zwee vu senge Jénger ënnerwee an en Duerf nobäi. Iwwerdems si gaang sinn, hu se sech iwwer dat ënnerhal, wat mam Jesus geschitt war. Si hate gehofft, de Jesus wier de Messias, mee dunn ass hien ëmbruecht ginn. An elo hunn e puer Frae behaapt, hie géing erëm liewen. Si hunn net gewosst, wat se gleewe sollten.
De Jesus ass op si zougaang an huet ugefaang, mat hinnen ze goen, mee si hunn hien net erkannt. Hien huet se gefrot, iwwer wat si sech dann ënnerhal hunn, a si hunn him vun all dene bemierkenswäerte Saachen erzielt, déi sech an de leschten Deeg a Bezuch op de Jesus zougedroen haten. Si hu gegleeft, si géinge mat engem schwätzen, deen op Besuch war an deen net gewosst huet, wat sech zu Jerusalem ereegent huet.
Doropshin huet de Jesus hinnen erkläert, wat Gott säi Wuert iwwert de Messias seet. Hien huet se dorun erënnert, datt d’Prophéiten ugekënnegt haten, datt de Messias Schwéieres duerchmaache misst an datt hien ëmbruecht ginn an den drëtten Dag erëm operstoe géif. Wéi si an dem Duerf ukomm sinn, an dem déi Zwee bleiwe wollten, du war et scho bal Owend.
Déi Zwee hunn de Jesus agelueden, fir bei hinnen ze bleiwen, wat hien dann och gemaach huet. Wéi et esou wäit war, fir ze Owend ze iessen, du huet de Jesus e Laif Brout geholl an huet Got Merci dofir gesot. Dunn huet hien d’Brout a Stécker gebrach. Op eng Kéier hunn déi zwee Jénger erkannt, datt de Jesus bei hinne war. Mee schon am nächsten Ament ass hie virun hiren Ae verschwonn.
Déi Zwee hunn zouenee gesot: „Dat war de Jesus! Dofir huet eist Häerz also méi héich geschloen, wéi hien eis erkläert huet, wat Gott gesot huet!“ An op der Plaz si se erëm op Jerusalem hannescht gaang. Wéi se ukomm sinn, du hu se den anere Jénger erzielt: „De Jesus lieft, a mir hunn hie gesinn!“
Nach wéi d’Jénger matenee geschwat hunn, ass de Jesus op eng Kéier an dem Raum virun hinnen erschéngt an huet gesot: „Fridde sief mat iech!“ D’Jénger hu gegleeft, hie wier e Geescht, mee de Jesus huet gesot: „Firwat fäert dir dann, a firwat zweiwelt dir? Kuckt iech meng Hänn a meng Féiss un! Geeschter hu kee Kierper esou wéi ech!" Fir ze beweisen, datt hie kee Geescht ass, huet hien eppes fir z’iesse verlaangt. Du hu se him e Stéck Fësch ginn, dee gebruet war, an hien huet d’Stéck giess.
Dunn huet de Jesus gesot: „Ech hunn iech gesot, datt alles antreffe muss, wat a Gott sengem Wuert iwwer mech geschriwwe steet.“ Dono huet hien hinnen d’Versteesdemech opgemaach, datt se verstoe konnten, wat Gott gesot huet. De Jesus huet gesot: „Viru laanger Zäit ass schonn opgeschriwwe ginn, datt de Messias Schwéieres duerchmaache misst an datt hie stierwen an den drëtten Dag vun den Doudegen operstoe géing.“
„Et ass och an der Helleger Schrëft festgehal ginn, datt meng Jénger emol verkënnegen: ‚Jidderee soll ëmkéieren, datt Gott him seng Sënne verzeit.‘ Meng Jénger fänken domat zu Jerusalem un a ginn dann iwwerall hin, bei all Vollek. Dir sidd Zeie vun all dem.“
An den nächste 40 Deeg ass de Jesus senge Jénger nach méi oft erschéngt. Eng Kéier ass hien esouguer méi wéi 500 Mënschen zegläich erschéngt! Hien huet senge Jénger op eng villfälteg Aart a Weis bewisen, datt hie lieft, an hien huet se iwwert d’Räich, dat Gott opriicht, geléiert.
De Jesus huet zu senge Jénger gesot: „Gott huet mir onbeschränkt Vollmuecht am Himmel an op der Äerd ginn. Gitt dofir a maacht d’Vëlleker alleguer zu Jénger. Deeft d’Mënschen am Numm vum Papp a vum Jong a vum Hellege Geescht, a léiert si, alles anzehalen, wat ech iech gebueden hunn! An denkt dorun: Ech sinn ëmmer bei iech!“
40 Deeg, nodem de Jesus vun den Doudegen operstane war, huet hien zu senge Jénger gesot: „Bleift zu Jerusalem, bis mäi Papp iech Kraaft gëtt, wann den Hellege Geescht op iech erofkënnt.“ Dono ass hien an den Himmel eropgeklomm, an eng Wollek huet hie virun hiren Aen ewechgeholl. De Jesus huet sech riets vu Gott higesat, fir iwwer alles ze herrschen.
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 28,16-20; Marc 16,12-20; Luc 24,13-53; Jean 20,19-23; Apostelgeschicht 1,1-11