15. D’Land, dat Gott Israel versprach hat
Elo war et esou wäit, datt d’Israeliten a Kanaan goe konnten, an d’Land, dat Gott hinnen zougesot hat. De Josua huet zwee Spiounen an d’kanaanitesch Stad Jericho geschéckt, déi vu staark Mauere geschëtzt war. An der Stat huet eng Prostituéierte gelieft, déi Rahab geheescht huet. Déi huet d’Spioune verstoppt an huet hinne gehollef, ze entkommen. Si huet dat gemaach, well si u Gott gegleeft huet. D’Spiounen hu versprach, si ze beschëtzen, si an hir Famill, wann d’Israelite Jericho zerstéiere géingen.
Fir an d’Land, dat Gott Israel zougesot hat, eranzekommen, mussten d’Israeliten iwwer de Jordanfloss goen. Gott huet zum Josua gesot: „Looss d’Priister fir d’éischt goen.“ Wéi d’Priister hire Fouss an de Jordan gesat hunn, du huet d’Waasser flossopwäerts opgehal ze lafen. Dofir konnten d’Israeliten op dréchenem Buedem op d’aner Säit vum Floss goen.
Wéi d’Vollek iwwert de Jordan gaang war, du huet Gott dem Josua gesot, wéi hie Jericho, d’mächteg Stad, ugräife soll. D’Vollek huet gemaach, wat Gott gesot huet. Esou, wéi Gott et hinnen opgedroen hat, sinn d’Zaldoten an d’Priister sechs Deeg laang eng Kéier den Dag ronderëm Jericho marschéiert.
De siwenten Dag si se siwe weider Kéieren ëm d’Stad marschéiert. Wéi si dat déi lescht Kéier gemaach hunn, du hunn d’Zaldoten esou haart gejaut, wéi se konnten, an d’Priister hunn hir Schofare gebloost.
Du sinn d’Mauere ronderëm Jericho zesummegefall. An d’Israeliten hunn alles an der Stad zerstéiert, esou wéi Gott et hinnen opgedroen hat. Nëmmen d’Rahab a seng Famill hu se verschount. Déi sinn dann zu engem Deel vum Vollek Israel ginn. Wéi déi aner Vëlleker, déi a Kanaan gelieft hunn, héieren hunn, datt d’Israelite Jericho zerstéiert haten, du hu se gefaart, datt d’Israeliten och si ugräife kéinten.
Gott hat den Israeliten opgedroen, mat kengem vun de Vëlleker a Kanaan Fridden ze maachen. Mee eng vun dene kanaanitesche Volleksgruppen, d’Gibeoniter, hunn de Josua belunn an hu virginn, si géingen aus enger Stad kommen, déi wäit vu Kanaan ewech leit. Si hunn de Josua gefrot, ob hie Fridde mat hinne maache géing. De Josua an d’Israeliten hu Gott net gefrot, vu wou d’Gibeoniter komm sinn. An esou huet de Josua Fridde mat hinne gemaach.
Wéi d’Israelite gewuer gi sinn, datt se vun de Gibeoniter hannergaang gi waren, du si se rose ginn. Mee si hu sech un d’Friddensofkomme gehal, dat se mat hinne geschlass haten. Et war nämlech eppes, wat se viru Gott versprach haten. Eng Zäitlaang méi spéit hunn d’Kinneke vun engem anere Vollek a Kanaan, d’Amoriter, dovun erfuer, datt d’Gibeoniter mat den Israelite Fridde gemaach haten. Du hu se hir Armeien zu enger grousser Arméi vereent an hu Gibeon ugegraff. D’Gibeoniter hunn dem Josua eng Noriicht geschéckt an hunn un him ugehal, hie sollt hinnen hëllefen.
Doropshin huet de Josua d’israelitesch Arméi aberuff, a si sinn d’ganz Nuecht marschéiert, fir op Gibeon ze kommen. Am Mueregrauen hu se d’Arméi vun den Amoriter iwwerrascht an hu se ugegraff.
Gott huet un dem Dag fir Israel gekämpft. Hien huet d’Amoriter verwirrt an huet grouss Knëppelsteng geschéckt, déi vill Amoriter doutgeschloen hunn.
Gott huet och d’Sonn am Himmel stëll stoe gelooss, datt Israel genuch Zäit hätt, iwwer d’Amoriter komplett Här ze ginn. Un dem Dag huet Gott e grousse Sieg fir Israel bruecht.
Wéi Gott iwwer dës Arméien Här gi war, du hu sech vill vun den anere Vëlleker a Kanaan versammelt, fir géint Israel ze kämpfen. De Josua an d’Israeliten hu se ugegraff a vernicht.
No dëser Schluecht huet Gott jiddem israelitesche Stamm säin Deel um Land ginn, dat hien hinne versprach hat. Dono huet Gott fir Fridden un de Granzen zu Israel gesuergt.
De Josua war elo schonn al ginn. Du huet hien d’Vollek Israel zesummegeruff an huet d’Israeliten un hir Verpflichtung erënnert, der Allianz ze follechen, déi Gott beim Bierch Sinai mat hinnen agaang war. D’Vollek huet gelueft, Gott trei ze bleiwen a seng Gesetzer ze halen.
Eng biblesch Geschicht aus Josua 1-24