18. Israel gëtt an zwee Räicher gedeelt
Eng ganz Rei Jore si verstrach, an den David ass gestuerwen. Dunn huet de Salomo, säi Jong, d’Herrschaft iwwer Israel ugetrueden. Gott huet zum Salomo geschwat an huet hie gefrot: „Wat hätts du da gär um léifsten?“ Wéi de Salomo Wäisheet hu wollt, du hat Gott Gefalen dorun, an hien huet hien zum Mann mat der meescht Wäisheet an der Welt gemaach. De Salomo huet villes geléiert a war e Riichter, dee wierklech schaarfsënneg geurteelt huet. Gott huet him och e grousse Räichtum ginn.
Hien huet den Tempel zu Jerusalem gebaut, deen den David, säi Papp, scho geplangt hat a fir deen dee scho Material gesammelt hat. D’Vollek huet Gott vun elo un am Tempel ugebiet an huet him do an net méi an dem Zelt Affer duerbruecht, an dem d’Mënschen zesummekomm waren. Gott ass komm a war am Tempel do, an hien huet esou matzen ënnert sengem Vollek gelieft.
Mee de Salomo hat Fraen aus aner Länner gär. Hien huet net op Gott héieren an huet vill, zesummen ongeféiert 1.000 vun dene Frae bestued. Vill vun hinne waren aus friem Länner an hunn hir Gëtter matbruecht an hunn déi och weider ugebiet. Wéi de Salomo al gi war, du huet och hien hir Gëtter ugebiet.
Du ass Gott mam Salomo rose ginn, an als Strof dofir, datt de Salomo Gott ontrei war, huet Gott ugekënnegt: „Wann s du gestuerwe bass, deelen ech d’Vollek Israel an zwee Räicher.“
Dunn ass de Salomo gestuerwen, an de Rehabeam, säi Jong, ass Kinnek ginn. De Rehabeam war en ongeschéckte Kinnek. D’Leit vum Vollek Israel sinn alleguer zesummkomm, fir hien als Kinnek ze bestätegen. Si hu sech awer bei him beklot: „De Salomo huet eis vill a schwéier Aarbescht operluegt, a mir mussen héich Steiere bezuelen.“
De Rehabeam huet hinnen ongeschéckt geäntwert: „Dir gleeft, datt mäi Papp iech schwéier schaffe gelooss huet. Ech loossen iech nach méi schwéier wéi hie schaffen, an ech strofen iech nach méi schwéier wéi hien!“
Doropshin hunn zéng vun den israelitesche Stämm géint de Rehabeam rebelléiert. Nëmmen zwee Stämm hunn him d’Trei gehal. Aus dësen zwee Stämm ass d’Räich Juda ginn.
Déi aner zéng Stämm vum Vollek Israel, déi géint de Rehabeam rebelléiert haten, hunn e Mann, dee Jerobeam geheescht huet, zu hirem Kinnek ernannt an hunn hiert Räich am nërdlechen Deel vum Land opgeriicht. Een huet se d’Räich Israel genannt.
De Jerobeam huet géint Gott rebelléiert an huet d’Vollek dozu verféiert, ze sënnegen. Hien huet zwee Gëtzebiller hiergestallt, déi säi Vollek ubeide sollt. Et sollt Gott net méi am Tempel am Räich Juda veréieren.
D’Räich Juda an d’Räich Israel ass eent dem anere säi Feind ginn, a si hunn oft géintenee gekämpft.
Am neie Räich Israel waren d’Kinneken alleguer béis. Eng ganz Rei vun hinnen ass vun aneren Israeliten ëmbruecht ginn, déi gär an hirer Plaz Kinnek wollte ginn.
All Kinneken an d’meescht Mënschen am Räich Israel hunn d’Gëtzen ungebiet. Hire Gëtzendéngscht ass oft och mat Houerei an heiansdo esouguer mat Kanneraffer Hand an Hand gaang.
D’Kinneke vu Juda waren Nokomme vum David. E puer vun hinne ware gutt Mënschen, déi gerecht regéiert a Gott ugebiet hunn. Mee d’Meescht vun hinne ware béis a verduerwen an hunn d’Gëtzen ugebiet. Munnech hunn de verkéierte Gëtter esouguer hir eege Kanner als Affer duerbruecht. D’meescht Mënschen a Juda hunn och géint Gott rebelléiert an hunn aner Gëtter ugebiet.
Eng biblesch Geschicht aus 1. Kinneken 1-6; 11-12