13. Gott geet mat Israel eng Allianz an
Wéi Gott d’Isaeliten duerch d’Roude Mier bruecht hat, du huet hie se duerch d’Wüst bei de Bierg Sinai gefouert. Dat war den nämmleche Bierg, bei dem de Moses de brennende Bësch gesinn hat. D’Vollek huet seng Zelter um Fouss vum Bierg opgeschloen.
Dunn huet Gott zum Moses an zum Vollek Israel gesot: „Wann dir op mech héiert a meng Allianz haalt, da sidd dir mäi besonnert Eegentom, e Kinnekräich vu Priister an en hellegt Vollek.“
Dräi Deeg méi spéit ass Gott op d’Spëtzt vum Bierg Sinai erofkomm, nodeems d’Vollek sech dorop virbereet hat. Hien ass mat Blëtz an Donner a mat Damp an haardem Toun vun engem Schofar komm. Nëmmen de Moses huet op de Berg dierfe goen.
Dunn huet Gott seng Allianz mat hinne geschlass an huet gesot: „Ech sinn de Yaweh, äre Gott, deen iech aus der Sklaverei an Ägypte befreit huet. Biet keng aner Gëtter un!“
„Maacht iech keng Gëtzebiller a biet se net un! Ech, de Yaweh, sinn nämlech e jalouse Gott. Mëssbraucht net mäin Numm, an haalt de Sabbat ëmmer helleg. Al är Aarbescht sollt dir a sechs Deg maachen. De siwenten Dag ass fir iech nämlech en Dag, un dem dir iech ausrouen an u mech denken dierft.“
„Éier däi Papp an deng Mamm! Bréng keen ëm! Briech net d’Bestiednes! Stiel net a léi net! Verlaang net no der Fra vun dengem Nächsten, och net no sengem Haus oder no iergend eppes anerem, wat dengem Nächste gehéiert!“
Dunn huet Gott dës zéng Geboter op zwee Steentafe geschriwwen an huet se dem Moses ginn. Gott huet nach vill aner Gesetzer a Veruerdnungen erlooss, déi d’Vollek beuechte sollt. Gott huet versprach: „Wann d’Vollek dës Gesetzer hält, da seenen ech et a beschützen et. Wann et d’Gesetzer net haalt, bestrofen ech et.“
Gott huet den Israeliten och eng genee Beschreiwung vun engem Zelt ginn, dat se produzéiere sollten. Een huet et „Zelt, an dem een zesummekënnt“ genannt. Et huet aus zwéi Kummere bestan, déi duerch e grousse Riddo vunenee getrennt waren. Nëmmen dem Haaptpriister war et erlaabt, an d’Kummer hannert dem Riddo ze goen, well Gott do gewunnt huet.
Jiddereen, dee géint d’Gesetz verstousst huet, dat Gott ginn hat, konnt en Déier als Affer fir Gott bei den Altor bréngen, dee virun dem Zelt stoung, an dem een zesummekomm ass. E Priister huet d’Déier da geschluecht an huet et op dem Altor verbrannt. D’Blutt vun dem Afferdéier huet d’Sënne vun der Persoun zougedeckt an huet se a Gott sengen Aen erëm reng gemaach. Gott huet den Aaron, de Brudder vum Moses, an dem Aaron seng Nokommen ausgewielt, fir him als Priister ze déngen.
D’Mënschen hunn alleguer zougestëmmt, dene Gesetzer nozekommen, déi Gott hinne ginn hat. Si hunn och zougestëmmt, nëmme Gott unzebieden a säi Vollek ze sinn. Mee schonn eng kuerz Zäit méi spéit, nodeems si zougestëmmt haten, op Gott ze héieren, hu se sech schrecklech versënnegt.
De Moses war eng ganz Rei Deg ganz uewen op dem Bierg Sinai an huet mat Gott geschwat. D’Vollek ass midd ginn, fir nach méi laang dorop ze waarden, datt hien zréckkënnt. Dofir huet et Gold bei den Aaron bruecht an huet vun him verlaangt, hie sollt e Portait fir si maachen.
Du huet den Aaron e Portrait a Form vun engem Kallef gemaach, an d’Vollek huet ugefaang, d’Gëtzebild wéi wëll unzebieden an him Affer duerzebréngen. Well d’Vollek esou gesënnegt huet, ass Gott rose mat him ginn a wollt et verdillegen. Mee de Moses huet fir d’Mënsche gebiet, a Gott huet säi Gebied erhéiert an huet se verschount.
Wéi de Moses erëm vum Bierg erofkomm ass an d’Gëtzebild gesinn huet, du ass hien esou rose ginn, datt hien Steentafelen zerstéiert huet, op déi Gott d’zéng Geboter geschriwwen hat.
Dunn huet de Moses d‘Gëtzebild zu Stëps zermujelt. An de Stëps huet hien an d’Waasser geheit an huet dem Vollek dëst Waasser ze drénke ginn. Doropshin huet Gott eng Plo ënnert d’Vollek geschéckt, an net wéineg vun hinne si gestuerwen.
De Moses ass erëm op de Bierg gaang an huet zu Gott gebiet, hie sollt dem Vollek verzeien. Gott huet de Moses erhéiert an huet de Mënsche verzien. Dunn huet Gott d’zéng Geboter op nei Steentafele geschriwwen, fir déi al ze ersetzen, déi de Moses futti gemaach hat. Dono huet Gott d’Israelite vum Bierg Sienai fort dem Land entgéint gefouert, dat hien hinne versprach hat.
Eng biblesch Geschicht aus Exodus 19-34