31. De Jesus geet op dem Waasser
Dono huet de Jesus senge Jénger gesot, si sollten an den Naache klammen an op d’aner Säit vum Séi fueren, iwwerdeems hien nach de Leit Äddi gesot huet. Wéi hien d’Mënschen heemgeschéckt hat, du ass hien op e Bierg gaang, fir ze bieden. Do war hien eleng, an hien huet bis spéit an d’Nuecht gebiet.
An der Tëschentzäit hunn d’Jénger hiren Naache geruddert, mee bis spéit nuets si se nëmme bis op d’Mëtt vum Séi komm. Si hate grouss Schwieregkeete mam Rudderen, well e staarke Géigewand gebloosst huet.
Dunn ass de Jesus mat biede fäerdeg ginn, an hien ass bei seng Jénger gaang. Hien ass op dem Waasser iwwert de Séi op hiren Naachen zougaang.
Wéi d’Jénger de Jesus gesinn hunn, du ass hinnen de Schreck an d’Glidder gefuer. Si hunn nämlech geméng, si géingen e Geescht gesinn. De Jesus huet gewosst, datt se gefaart hunn. Dofir huet hien hinnen zougeruff: „Fäert net! Ech sinn et.”
Dorop huet de Péitrus zum Jesus gesot: „Meeschter, wann s du et bass, da gëff mir den Uerder, fir op dem Waasser bei dech ze kommen.“ De Jesus huet dem Péitrus geäntwert: „Komm!“
Du ass de Péitrus aus dem Naache geklomm an huet ugefaang, op dem Waasser op de Jesus zouzegoen. Wéi hie schonn eng kuerz Streck zréckgeluegt hat, du huet hie vum Jesus ewechgekuckt an huet ugefaang, op d’Wellen ze kucken an de staarke Wand ze spieren.
Du huet hien Angscht kritt an huet ugefaang, am Waasser ënnerzegoen. „Meeschter, rett mech!“, huet hie geruff. Du huet de Jesus seng Hand ausgestreckt an huet hie festgehal. Dunn huet hien zum Péitrus gesot: „Wat hues du dach nëmmen e klenge Glawen! Fir wat hues du da gezweiwelt?“
Wéi de Péitrus an de Jesus an den Naache geklomm sinn, du huet sech de Wand op der Plaz geluegt, an d’Waasser ass ganz stëll ginn. D’Jénger hu gestaunt. Dunn hu se de Jesus ugebiet an hunn zu him gesot: „Wierklech, du bass de Jong vu Gott!“
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 14,22-33; Marc 6,45-52; Jean 6,16-21