40. De Jesus gëtt gekräizegt
Wéi d’Zaldoten de Jesus verspott haten, du hu se hien ofgefouert, fir hien ze kräizegen. Hien huet säi Kräiz selwer droe mussen, op dem hie stierwe géing.
D’Zadoten hunn hien op eng Plaz bruecht, déi „Doudekapp“ geheescht huet, an hu seng Hänn a seng Féiss op d’Kräiz geneelt. Mee de Jesus huet geruff: „Papp, verzei hinnen! Si wëssen net, wat se maachen.“ De Pilatus huet sengen Zaldoten och gebueden, datt se „Kinnek vun de Judden“ op eng Plack schreiwen an déi Plack iwwert dem Kapp vum Jesus festmaache sollten.
D’Zaldoten hunn d’Keeder vum Jesus ënner sech verloust. Domat hu se eng Prophezeiung erfëllt, déi seet: „Si hu meng Kleeder ënner sech opgedeelt, a mäi Gewand hu se verloust.“
De Jesus ass tëschent zwee Raiber gekräizegt ginn. Ee vun hinnen huet de Jesus verspott, mee den aneren huet gesot: „Hues du da kee Respekt viru Gott? Mir si schëlleg, mee dëse Mann ass et net.“ Dunn huet hien zum Jesus gesot: „Wann ech glifft, denk u mech, wann s du däi Räich opriichs.“ De Jesus huet him geäntwert: „Haut nach bass du mat mir am Paradeis.“
D’jiddesch Iewescht an déi aner Leit an der Mënschemass hunn de Jesus verspott an hunn zu him gesot: „Wann s du de Jong vu Gott bass, da komm dach vum Kräiz erof a rett dech selwer! Da gleewe mir dir.“
Dono ass den Himmel iwwert dem ganze Gebitt vollstänneg däischter ginn, obwuel et matzen um Dag war. Géint Mëtteg ass et däischter ginn an ass dräi Stonnen esou bliwwen.
Dono huet de Jesus ausgeruff: „Elo hunn ech alles zum Ofschluss bruecht! Papp, ech leeë mäi Geescht an deng Hänn.“ Dunn huet hien de Kapp hänke gelooss an huet säi Geescht opginn. Wéi hie gestuerwen ass, du huet et en Äerdbiewe ginn, an de grousse Riddo, deen d’Mënschen am Tempel vun do, wou Gott war, getrennt huet, ass auserneegerappt ginn, vun uewe bis ënnen.
Doduerch, datt de Jesus gestuerwen ass, huet hien de Mënschen de Wee fräi gemaach, fir bei Gott ze kommen. Wéi den Zaldot, deen op de Jesus opgepasst huet, alles gesinn huet, wat sech zougedroen hat, du huet hie gesot: „Dëse Mann war ganz sécher onschëlleg! Hie war de Jong vu Gott.“
De Yossef an den Nikodemos waren zwee jiddesch Iewescht, déi doru gegleeft hunn, datt de Jesus de Missias ass. Déi Zwee hunn de Pilatus da gefrot, ob si de Läif vum Jesus hu kéinten. Dono hu se hien a Léngent gewéckelt an an e Graf geluegt, dat an e Fiels gehae war. Dunn hu se e grousse Stee virun d’Graf gerullt, fir den Agank ze verspären.
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 27,27-61; Marc 15,16-47; Luc 23,26-56; Jean 19,17-42