19. D‘Prophéiten
Duerch d’ganz Geschicht vun Israel duerch huet Gott den Israelite Prophéite geschéckt. D’Prophéiten hu Message vu Gott kritt an hu se un d’Vollek weiderginn.
Den Elija war Prophéit, wéi den Ahab Kinnek iwwer d’Räich Israel war. Den Ahab war e béise Mënsch, deen dem Vollek dozou Mutt gemaach huet, fir e verkéierte Gott unzebieden, dee Baal geheescht huet. Den Elija huet zum Ahab gesot: „Am Räich Israel gëtt et kee Reen an och keen Da méi, bis ech et soen.“ Dat huet den Ahab iwweraus rose gemaach.
Doropshin huet Gott zum Elija gesot: „Géi un e Floss an der Wüst a verstopp dech do virum Ahab. Den Ahab wëll dech nämlech ëmbréngen.“ Mueres an owes hunn d’Vullen him ëmmer Brout a Fleesch bruecht. Den Ahab a seng Arméi hunn den Elija gesicht, mee si konnten hien net fannen. D’Dréchent war esou grouss, datt de Floss schlussendlech ausgedréchent ass.
Doropshin ass den Elija an en Noperland gaang. Eng Witfra an hire Jong an dem Land hate scho bal näischt méi z’iessen, well de Reen, dee gefeelt huet, eng Hongersnout veruursaacht hat. Déi Zwee hu sech awer ëm den Elija gekëmmert, a Gott huet si versuergt, esou datt d’Miel an hirem Dëppen an d’Olivenueleg an hirem Krou ni ausgaang sinn. D’ganz Hongersnout iwwer hate se z’iessen. Den Elija ass e puer Joer do bliwwen.
Dräienhallef Joer méi spéit huet Got zum Elija gesot: „Géi erëm an d’Räich Israel zréck a schwätz mam Ahab.“ Gott wollt et nämlech nees reene loossen. Wéi den Ahab den Elija gesinn hat, du huet hie gesot: „Hei bass du jo, du Troll!“ Den Elija huet him geäntwert: „Du bass den Troll! Du hues de Yaweh, de wierkleche Gott, opginn an hues de Baal ugebiet. Bréng emol d’Mënsche vum Räich Israel alleguer op de Bierg Karmel.“
Du sinn d’Mënsche vum Räich Israel an och d‘véierhonnert Prophéite vum Baal alleguer op de Bierg Karmel komm. Dunn huet den Elija zu de Mënsche gesot: „Wéi laang wëllt dir är Meenung dann nach dauernd änneren? Wann de Yaweh Gott ass, dann déngt dem Yaweh! Wann et awer de Baal ass, dann déngt dem Baal!“
Dono huet den Elija zu de Prophéite vum Baal gesot: „Schluecht emol e Stéier a präparéiert hien als Affer, mee maacht kee Feier un! Ech maachen dann d’Nämmlecht. De Gott, dee mat Feier äntwert, ass de wierkleche Gott.“ Du hunn d’Baalsprophéiten en Affer präparéiert, mee si hu kee Feier gemaach.
Dono hunn d’Prophéite vum Baal gebiet: „Baal, héier eis!“ De ganzen Dag laang hu se gebiet a geruff an hu sech esouguer mat Messere geschnitten, mee et ass keng Äntwert komm.
Um Enn vun dem Dag huet den Elija säin Affer fir Gott präparéiert. Dunn huet hien de Leit gesot: „Schëtt emol zwielef grouss Kréi Waasser op den Affer, bis d’Fleesch an d’Holz an esouguer d’Äerd ëm den Altor ganz naass sinn.“
Dono huet den Elija gebiet: „Yaweh, du Gott vum Abraham a vum Isaak a vum Jakob, weis eis haut, datt s du de Gott vum Vollek Israel bass an datt ech dir déngen. Gëff mir eng Äntwert, fir datt dëst Vollek erkennt, datt s du de wierkleche Gott bass!“
Du ass op eng Kéier Feier vum Himmel gefall an huet d’Fleesch, d’Holz, d’Steng, d’Äerd an esouguer d’Waasser, dat ëm den Altor stoung, verbrannt. Wéi d’Mënschen dat gesinn hunn, du hu se sech op de Budem geheit an hu gesot: „De Yaweh ass Gott! De Yaweh ass Gott!“
Dono huet den Elija gesot: „Loosst kee vu de Baalsprophéiten entkommen!“ Du hunn d’Leit d’Baalsprophéite gegraff an hu se vun do fortgefouert an ëmbruecht.
Doropshin huet den Elija zum Kinnek Ahab gesot: „Géi séier an d’Stad zréck! De Ree kënnt nämlech schonn.“ Net laang dono ass den Himmel schwaarz ginn, an et huet ugefaang, kräfteg ze reenen. De Yaweh hat der Dréchent en Enn gemaach an huet bewisen, datt hien de wierkleche Gott ass.
No de Zäit vum Elija huet Gott sech e Mann ausgewielt, deen Elisa geheescht huet. Den Elisa sollt säi Prophéit sinn. Gott huet duerch den Elisa vill Wonner gewierkt. Eent dovun huet sech um Naaman ereegent, engem feindleche General, deen eng schrecklech Hautkrankheet hat. Den Naaman hat vum Elisa héieren. Dofir ass e bei hie gaang an huet hie gefrot, ob hien e heele géing. Den Elisa huet zum Naaman gesot: „Dauch dech siwemol am Jordanfloss ënner!“
Fir d’éischt war den Naaman rosen a wollt dat net maachen, well et him domm virkomm ass. Awer dann huet hie seng Meenung geännert, an hien huet sech siwemol am Jordan ënnergedaucht. Wéi hien d’leschte Kéier opgedaucht ass, du war seng Haut total geheelt. Gott hat hie gesond gemaach.
Gott huet nach vill aner Prophéite geschéckt. Déi hunn de Mënschen alleguer gesot: „Haalt op domat, d’Gëtter unzebieden, an erweist iech vun elo un als gerecht! Bréngt aneren Erbaarmen entgéint!“ D’Prophéiten hunn d’Mënsche gewarnt: „Wann dir net ophaalt, Béises ze maachen an net ufänkt, op Gott ze lauschteren, dann erkläert Gott iech fir schëlleg a strooft iech!“
D’Mënschen hunn éischter net op Gott gelauschtert. Oft hu se d’Prophéite mësshandelt, an heiansdo hu se se souguer ëmbruecht. De Jeremia ass enges Dags an eng Zistern geheit an do zréckgelooss ginn, fir ze stierwen. Hien ass an de Schlamm erofgaang, deen op dem Buedem vun der Zistern war. Mee dunn hat de Kinnek Erbaarme mat him an huet sengen Dénger opgedroen: „Zéit hien erëm aus der Zistern, ier hie stierft!“
D’Prophéiten hu weider am Opdrag vu Gott geschwat, obwuel se vum Vollek gehaasst gi sinn. Si hunn d’Mënsche gewarnt: „Gott vernicht iech emol, wann dir net ëmkéiert!“ D’Prophéiten hunn d’Leit och un dat erënnert, wat Gott versprach hat, nämlech datt de Messias komme géing.
Eng biblesch Geschicht aus 1. Kinneke 16-18; 2. Kinneke 5; Jeremia 38