3. D’grouss Flut
No laanger Zäit hu vill Mënschen op der Äerd gelieft. Si waren immens béis a brutal ginn. Et war esou schlëmm ginn, datt Gott beschlass huet, d’ganz Welt an enger gewalteger Flut ënnergoen ze loossen.
Nëmmen den Noach huet Gefale bei Gott fonnt. Hie war e gerechte Mann, deen ënner verduerwene Mënsche gelieft huet. Gott huet dem Noach gesot, datt hien eng grouss Flut komme loosse géing. Hien huet den Noach ugewisen, e grousst Schëff ze bauen.
Gott huet dem Noach och gesot, wéi grouss d’Schëff si soll: 140 Meter laang, 23 Meter breet an 13,5 Meter héich. Den Noach sollt et aus Holz bauen, mat dräi Decks, met ville Kummeren, engem Daach an mat engem Fënster. D‘Schëff géing den Noach, seng Famill an all Art vu Landdéieren an der Flut sécher si loossen.
Du huet den Noach gemaach, wat Gott him opgedroen hat. Zesumme mat sengen dräi Jongen huet hien d’Schëff genee so gebaut, wéi Gott et gewollt huet. Et huet eng Rei Jore gedauert, fir d‘Schëff ze bauen, well et esou grouss war. Den Noach huet d‘Mënsche virun der Flut gewarnt, déi komme géing. Hien huet hinne gesot, datt se sech Gott zoukéiere sollten, mee si hunn him net gegleeft.
Gott huet dem Noach a senger Famill och opgedroen, genuch Liewensmëttel fir sech selwer a fir d’Déieren ze sammelen. Wéi alles fäerdeg war, du huet Gott gesot, datt den Noach mat senger Famill an d’Schëff goe soll. Du ass den Noach mat senger Fra a mat senge Jongen a mat deenen hire Fraen an d’Schëff gaang, insgesamt aacht Persounen.
Gott huet vun all Déier a vun all Vull e männlecht an e weiblecht bei den Noach bruecht, fir datt se an d’Schëff ginn an an der Zäit vun der grousser Flut sécher kéinte sinn. Mee vun all Déieraart, déi fir ze affere geeignet war, huet Gott siwe männlech a siwe weiblech Déiere geschéckt. Wéi se alleguer am Schëff waren, du huet Gott selwer d’Dier zougespaart.
Dunn huet et ugefaang ze reene wéi nach ni virdrun. 40 Deeg a 40 Nuechten huet et ouni opzehale gereent. D’Waasser ass och vu bannen, aus der Äerd, opgeschoss, an huet alles op der ganz Welt zougedeckt, esouguer déi héichst Bierger.
D’Mënschen an d’Déieren, déi op dem dréchene Land gelieft hunn, sinn alleguer gestuerwen – ausser déijéineg, déi an dem Schëff waren. D’Schëff huet op dem Waasser geschwamm an huet alles, wat an him war, virum Ënnergoe geschëtzt.
Wéi et opgehal hat ze reenen, du huet d’Schëff fënnef Méint laang op dem Waasser geschwamm. An der Zäit huet d’Waasser ugefaang, zréck ze goen. D’Welt war awer ëmmer nach mat Waasser zougedeckt. Dräi Méint méi spéit konnt een dann d’Spëtze vun de Bierger gesinn.
No weider 40 Deeg huet den Noach e Kueb lassgeschéckt, fir erauszekréien, ob d’Waasser schonn ofgedréchent war. De Kueb ass hin an hier geflunn an huet no dréchenem Land gesicht, mee hie konnt keent fannen.
Méi spéit huet den Noach eng Dauf lassgeschéckt, mee och déi konnt keen dréchent Land fannen an ass schlussendlech bei den Noach zréck komm. No enger weider Woch huet den Noach d’Dauf op en Neis lassgeschéckt. Dës Kéier ass si mat engem Olivenäschtche am Schniewel zréck komm. D’Waasser ass weider zréck gaang, an d’Planzen hunn erëm ugefaang ze wuessen.
Den Noach huet nach eng Woch gewaart an huet d’Dauf dann eng drëtte Kéier lassgeschéckt. Dës Kéier huet si eng Plaz fonnt, wou si bleiwe konnt, a si ass net méi zréck komm. D’Waasser ass komplett gedréchent.
Zwee Méint méi spéit huet Gott zum Noach gesot: „Du an deng Famill an d’Déiere kënnen elo alleguer aus dem Schëff goen. Dir sollt vill Kanner a Kandskanner hunn an iech op der Äerd ausbreeden.“ Du ass den Noach a seng Famill aus dem Schëff erausgaang.
Wéi den Noach aus dem Schëff gaang war, du huet hien en Altor gebaut an huet e puer Déiere vun all Déieraart, déi fir z’affere geeignet waren, als Affer duerbruecht. Gott huet d’Affer gefall, an hien huet den Noach a seng Famill geseent.
Gott huet gesot: „Ech verspriechen, datt ech d’Äerd ni méi wéinst dem Béisen, dat d’Mënsche maachen, verfluchen. Ech zerstéieren d’Welt net méi duerch eng Flut, obwuel d’Mënsche vu Kand u béis sinn.“
Dunn huet Gott als Zeeche vun dem, wat hie versprach huet, den éischte Reebou erschénge gelooss. All Kéier, wann et um Himmel e Reebou gëtt, erënnert sech Gott a säi Vollek un dat, wat Gott versprach huet.
Eng biblesch Geschicht aus Genesis 6-8