Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

34. De Jesus erzielt nach aner Gläichnesser

Frame 34-01

De Jesus huet nach vill aner Gläichnesser iwwert d’Räich erzielt, dat Gott opriicht. Hien huet zum Beispill gesot: „D’Räich, dat Gott opriicht, ass wéi e Moschterkär, deen een op säi Feld geséit huet. Dir wësst, datt de Moschterkär de klengste vun alle Somkären ass.“

Frame 34-02

„Mee wann de Moschterkär wiisst, da gëtt aus him déi gréisst vun alle Gaartplanzen. Si gëtt grouss genuch, datt esouguer d’Vulle kommen a sech op hiren Äschchen nidderloossen.“

Frame 34-03

De Jesus huet nach en anert Gläichnes erzielt: „D’Räich, dat Gott opriicht, ass wéi Deessem, deen eng Fra a Broutdeeg gemëscht huet, bis de ganzen Deeg duerchsaiert war.“

Frame 34-04

„D’Räich, dat Gott opriicht, ass wéi e Schaz, deen een a sengem Feld verstoppt huet. Een aneren huet de Schaz fonnt an huet hien erëm vergruewen. Hien huet sech esou riseg doriwwer gefreet, datt hie fortgaang ass an alles verkaaft huet, wat hien hat. Dunn huet hien d’Geld investéiert, fir dëst Feld ze kafen.“

Frame 34-05

„D’Räich, dat Gott opriicht, ass wéi eng vollkommen a wäertvoll Pärel. Wéi e Perlenhändler d’Pärel fonnt huet, du huet hien alles verkaaft, wat hien hat, an huet d’Geld investéiert, fir se ze kafen.“

Frame 34-06

Dono huet de Jesus e puer Leit, déi op hir eege gutt Wierker vertraut an aner veruecht hunn, e Gläichnes erzielt. „Zwee Mënsche sinn emol an den Tempel gaang, fir ze bieden“, huet hie gesot. „Ee vun hinne war e Stierenandreiwer an den aneren e Pharisäer.

Frame 34-07

„De Pharisäer huet esou gebiet: ‚Merci Gott, datt ech kee Sënner sinn ewéi déi aner Leit. Ech si kee Raiber an och keen ongerechte Mënsch, keen, deen d’Bestiednes briecht an och net wéi dëse Steierenandreiwer.‘“

Frame 34-08

„‚Ech faaschten zum Beispill zweemol an der Woch a spenden den zéngten Deel vun allem Geld a Gutt, dat ech verdéngen.‘“

Frame 34-09

„Mee de Steierenandreiwer stoung wäit ewech vun dem Pharisäer an huet nach net emol an den Himmel eropgekuckt. Amplaz an den Himmel ze kucken, huet hie sech mat der Fauscht un d’Broscht geschloen an huet gebiet: ‚Gott, sief mir dach gnädeg! Ech sinn e sënnege Mënsch.‘“

Frame 34-10

Dono huet de Jesus gesot: „Dat eent soen ech iech: Gott huet erhéiert, wat de Steierenandreiwer gebiet huet, an huet hie fir gerecht erkläert. Mee dat, wat de Pharisäer gebiet huet, huet him net gefall. Gott erniddregt emol jiddereen, deen houfreg ass, an hien erhieft jiddereen, dee sech selwer erniddregt.“

Eng biblesch Geschicht aus Mattias 13,31-33. 44-46; Marc 4,30-32; Luc 13,18-21; 18,9-14