Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

41. Gott léisst de Jesus vun den Doudegen operstoen

Frame 41-01

Wéi d’Zaldoten de Jesus gekräizegt haten, du hunn d’jiddesch Iewescht, déi net un de Jesus gegleeft hunn, zum Pilatus gesot: „De Jesus, dëse Ligener, huet behaapt, hie géing no dräi Deeg vun den Doudegen operstoen. Iergend ee muss op d’Graf oppassen, fir sécher ze stellen, datt seng Jénger d’Läich net stielen an da behaapten, hie wier vun den Doudegen operstan.“

Frame 41-02

De Pilatus huet geäntwert: „Huelt e puer Zaldote mat a séchert d’Graf, esou gutt dir kënnt.“ Doropshin hu se de Stee virum Agang vum Graf versigelt an hunn e puer Zaldoten do gelooss, fir sécher ze stellen, datt keen d’Läich stiele kann.

Frame 41-03

Een Dag méi spéit, nodem een de Jesus bäigesat hat, war Sabbat. Un dësem Dag war et de Judden net erlaabt, bei e Graf ze goen. Dofir hu sech e puer Fraen um Muere nom Sabbat scho fréi op de Wee gemaach, fir bei d’Graf ze goen, an dem de Jesus loung. Si wollte seng Läich mat Ueleg, dat gutt richt, abalsaméieren.

Frame 41-04

Du gouf et op eng Kéier e grousst Äerdbiewen. En Engel, deen ewéi de Blëtz geschéngt huet, ass vum Himmel erschéngt. Hien huet de Stee ewechgerullt, deen den Agank zum Graf verspärt hat, an huet sech op hie gesat. D’Zaldoten, déi op d’Graf opgepasst hunn, sinn erféiert an sinn ewéi dout op de Buedem gefall.

Frame 41-05

Wéi d’Frae beim Graf ukomm sinn, du huet den Engel zu hinne gesot: „Fäert net! De Jesus ass net hei. Hien ass vun den Doudegen operstan, esou wéi hien et ugekënnegt hat. Kuckt emol an d’Graf a maacht iech selwer e Bild!“ D’Fraen hunn an d’Graf gekuckt an hu gesinn, wou een d’Läich vum Jesus higeluegt hat. Hie war net méi do.

Frame 41-06

Doropshin huet den Engel zu hinne gesot: „Gitt a sot senge Jénger: ‚De Jesus ass vun den Doudegen operstan a geet virun ich hier a Galiläa!‘“

Frame 41-07

D’Frae ware voll Respekt an hu sech imens gefreet. Da si se bei d’Jénger gelaf an hunn hinnen d’gutt Noriicht bruecht, datt de Jesus operstan ass.

Frame 41-08

Wéi se nach ënnerwee bei d’Jénger waren, fir hinnen dës gutt Noriicht ze iwwerbréngen, du ass de Jesus hinnen erschéngt, a si hunn hien ugebiet. De Jesus huet gesot: „Fäert net! Gitt a sot menge Jénger, si sollen a Galiläa goen. Do gesi se mech dann.“

Eng biblesch Geschicht aus Mattias 27,62-28,15; Marc 161-11; Luc 24,1-12; Jean 20,1-18