46. De Paul gëtt Chrëscht
De Schaul war de jonke Mann, deen op d’Kleeder vun denen opgepasst hat, déi de Stephan ëmbruecht haten. Hien huet net un de Jesus gegleeft, an dofir huet hien d’Gleeweg verfollegt. Hien ass zu Jerusalem vun Haus zu Haus gaang, fir Männer wéi Frae festzehuelen an an de Prisong ze bréngen. Den Haaptpriister huet hie mat Vollmuechten ausgestatt, fir och op Damaskus ze reesen an d’Chrëschten do festzehuelen an op Jerusalem hannescht ze bréngen.
Wéi de Schaul ënnerwee op Damaskus war, du huet op eng Kéier en hellt Liicht ronderëm hie geliicht, an hien ass op de Buedem gefall. De Schaul huet héieren, wéi ee gesot huet: „Schaul, Schaul! Firwat verfollegs du mech?“ De Schaul huet gefrot: „Wie bass du, Meeschter?“ An de Jesus huet geäntwert: „Ech sinn de Jesus. Du verfollegs mech!“
Wéi de Schaul opgestan ass, du konnt hien näischt méi gesinn. Seng Frënn hunn hien op Damaskus féiere mussen. Dräi Deeg laang huet hien näischt giess an näischt gedronk.
Zu Damaskus huet e Jénger gewunnt, deen Hananias geheescht huet. Gott huet zu him gesot: „Géi an d’Haus, an dem sech de Schaul ophält, a lee him d’Hänn op, datt hien erëm gesi kann.“ Mee den Hananias huet gesot: „Meeschter, ech hunn dovun héieren, wéi dëse Mann d’Gleeweg verfollegt.“ Gott huet him geäntwert: „Géi! Ech hunn hien dozou ausgewielt, fir de Judden an de Mënschen aus den anere Vëlleker mäin Numm ze verkënnegen, a wéinst mengem Numm mécht hien emol nach vill Schwéieres duerch.“
Du ass den Hananias bei de Schaul gaang an huet him d’Hänn opgeluegt a gesot: „De Jesus, deen dir op dem Wee heihinner erschéngt ass, huet mech bei dech geschéckt. Du solls erëm gesi kënnen a mam Hellege Geescht erfëllt ginn. Dunn huet de Schaul eppes giess, a seng Kraaft ass nees zréckkomm.
Dono huet de Schaul ouni ze zécken domat ugefaang, de Judden zu Damaskus ze priedegen: „De Jesus ass de Jong vu Gott!“ D’Judden hu sech gewonnert, datt een, deen d’Gleeweg ausrotte wollt, elo och un de Jesus gleeft. De Schaul huet mat Iwwerzeegung zu de Judde geschwat an huet hinnen nogewisen, datt de Jesus de Messias ass.
Eng Zäitlaang méi spéit hunn d’Judden e Plang gemaach, wéi se de Schaul ëmbrénge kënnten. Si hunn d’Paarte vun der Stad bewaache gelooss, fir hien ëmzebréngen. Mee de Schaul huet vun hirem Plang erfuer. Du hu seng Frënn him gehollef, fir ze entkommen. Enges Nuets hu se hien an engem Kuerf iwwer d’Stadtmauer erofgelooss. Wéi hie vun Damaskus entkomm war, du huet hie weider iwwert de Jesus gepriedegt.
De Schaul ass op Jerusalem gaang, fir sech do mat de Jénger ze treffen, mee d’Jénger hunn hie gefaart. Dunn ass e Gleewegen, dee Bar-Naba geheescht huet, mat him bei d’Apostele gaang an huet hinnen erzielt, wéi de Schaul fräi eraus zu Damaskus gepriedegt hat. Dono hunn d’Jénger hien opgeholl.
E puer Gleeweg, déi sech wéinst der Verfollegung vu Jerusalem ewech gemaach haten, si bis op Aniochia gaang an hunn do iwwert de Jesus gepriedegt. D’meescht Mënschen zu Antiochia ware keng Judden, mee fir déi éischte Kéier si vill vun dëse Mënsche gleeweg ginn. De Bar-Naba an de Schaul sinn op Antiochia gereest, fir d’nei Gleeweg nach méi iwwert de Jesus ze léieren a fir d’Gemeng staark ze maachen. Zu Antiochia goufen déijéineg, déi un de Jesus gegleeft hunn, fir déi éischte Kéier Chrëschte genannt.
Wéi d’Chrëschten zu Antiochia enges Dags gefaascht hunn, du huet den Hellege Geescht zu hinne gesot: „Sënnert mir de Bar-Naba an de Schaul aus, datt se déi Aarbecht maache kënnen, zu där ech si beruff hunn.“ Du huet d’Gemeng zu Antiochia fir de Bar-Naba a fir de Schaul gebiet an huet hinnen d’Hänn opgeluegt. Dunn hu se se lassgeschéckt, fir d’gutt Noriicht vum Jesus op villen anere Plazen ze priedegen. De Bar-Naba an de Schaul hu Mënschen aus verschidde Vëlleker geléiert, a vill Leit hunn un de Jesus gegleeft.
Eng biblesch Geschicht aus Apostelgeschicht 8,3; 9,1-31; 11,19-26; 13,1-3