Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

39. De Jesus gëtt verhéiert

Frame 39-01

Et war elo scho matzen an der Nuecht. D’Zadoten hunn de Jesus an d’Haus vum Haaptpriister bruecht, datt deen hie verhéieren kéint. De Péitrus ass vu wäitem hannert hinnen hiergaang. Wéi de Jesus an d’Haus bruecht ginn ass, du stoung de Péitrus dobaussen an huet sech beim Feier gewiermt.

Frame 39-02

Bannen am Haus hunn d’jiddesch Iewescht de Jesus verhéiert. Si hunn eng ganz Rei falsch Zeien optriede gelooss, déi Verkéiertes iwwert de Jesus ausgesot hunn. Hir Aussoen hunn awer net mateneen iwwereegestëmmt. Dofir konnten d’jiddesch Iewescht dem Jesus näischt noweisen. De Jesus huet kee Wuert gesot.

Frame 39-03

Schlussendlech huet den Haaptpriister de Jesus direkt ugekuckt an huet gefrot: „Bass du de Messias, de Jong vum liewege Gott? So et eis!“

Frame 39-04

De Jesus huet geäntwert: „Dat sinn ech! An dir gesitt emol, wéi ech riets vu Gott sëtzen a vum Himmel kommen.“ Du huet den Haaptpriister vu lauter Roserei seng Kleeder verrappt an huet den anere reliéisen Ieweschten zougeruff: „Mir brauche keng Zeie méi! Dir hutt héieren, wéi hie gesot huet: ‚Ech sinn de Jong vu Gott.‘ Wéi fällt äert Urteel aus?“

Frame 39-05

D’jiddesch Iewescht hunn dem Haaptpriister alleguer geäntwert: „Hie verdéngt den Doud!“ Dunn hu se dem Jesus d’Ae verbonn an hunn op hie gespäizt. Si hunn hie geschloen an hunn hire Spott mat him gedriwwen.

Frame 39-06

De Péitrus huet bausse virum Haus gewaart. Du huet eng Déngerin hie gesinn an huet zu him gesot: „Du gehéiers dach och zu dësem Jesus!“ De Péitrus huet dat ofgestridden. Méi spéit huet eng aner Fra d’Nämmlecht gesot, an de Péitrus huet et erëm ofgestridden. Schlussendlech hunn d’Leit gesot: „Dach! Mir wëssen et: Du gehéiers zum Jesus. Dir sidd nämlech allenzwee aus Galiläa.”

Frame 39-07

Doropshin huet de Péitrus geschwiert: „Gott soll mech verfluchen, wann ech dëse Mann kennen!“ Am selwechten Ament huet en Hunn gekréit. De Jesus huet sech ëmgedréit an huet de Péitrus ugekuckt.

Frame 39-08

Dunn ass de Péitrus fortgaang an huet batterlech gekrasch. An der Tëschentzäit huet de Judas, deen de Jesus verroden huet, gesinn, datt d’jiddesch Iewescht de Jesus zum Doud veruerteelt haten. Du huet him Leed gedoen, wat hie gemaach hat, an hien ass fortgaang an huet sech opgehaangen.

Frame 39-09

Fréi den nächste Mueren hunn d’jiddesch Iewescht de Jesus bei de Pilatus, de réimesche Gouverneur, bruecht. Si hu gehofft, de Pilatus géing de Jesus fir schëlleg erkläeren an zum Doud veruerteelen. De Pilatus huet de Jesus gefrot: „Bass du de Kinnek vun de Judden?“

Frame 39-10

De Jesus huet geäntwert: „Esou ass et! Mee mäi Räich ass kee Räich vun dëser Welt. Wann et eent wier, da géinge meng Dénger fir mech kämpfen. Ech sinn op d’Äerd komm, fir d’Wourecht iwwer Gott virunzesoen. Jiddereen, dee gär huet, wat wouer ass, héiert op mech.“ Du huet de Pilatus gesot: „Wat ass scho Wourecht?“

Frame 39-11

Wéi de Pilatus mam Jesus geschwat hat, du ass hie bei d’Leit erausgaang an huet gesot: „Ech fanne keng Schold un him!“ Mee d’jiddesch Iewescht an d’Leit hu geruff: „Kräizeg hien!“ De Pilatus huet geäntwert: „Hien ass onschëlleg!“ Du hu se nach méi haart geruf. Doropshin huet de Pilatus eng drëtte Kéier gesot: „Hien ass onschëlleg!“

Frame 39-12

De Pilatus huet gefaart, d’Leit kéinten ufänken, ze randaléieren. Dofir huet hien decidéiert, datt seng Zaldoten de Jesus kräizege sollten. Doropshin hunn d’réimesch Zaldoten de Jesus mat der Gäissel geschloen an hunn him e Kinneksmantel ugedoen an eng Kroun aus Dären op de Kapp gedréckt. Dunn hu se hie verpott an hu gesot: „Kuckt, de Kinnek vun de Judden!“

Eng biblesch Geschicht aus Mattias 26,57-27,26; Marc 14,53-15,15, Luc 22,54-23,25; Jean 18,12-19,16