Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

27. D’Geschicht vum baarmhäerzege Samariter

Frame 27-01

Enges Dags ass en Expert vum jiddesche Gesetz bei de Jesus komm, fir hien op d’Prouf ze stellen. „Meeschter“, huet hie gesot, „wat muss ech da maachen, fir d’éiwegt Liewen ze kréien?“ De Jesus huet geäntwert: „Wat steet dann an dem Gesetz, dat Gott ginn huet?“

Frame 27-02

Den Expert vum Gesetz huet geäntwert: „D’Gesetz, dat Gott ginn huet, seet: ‚Du solls den Här, däi Gott, vu ganzem Häerz a vu ganzer Séil, mat denger ganzer Kraaft a mat all dengem Denke gär hunn! An du solls däin Nächste genee sou gär hunn ewéi dech selwer.‘“ Dorop huet de Jesus gesot: „Richteg! Maach dat, da liefs du.“

Frame 27-03

Mee den Expert vum Gesetz wollt beweisen, datt hie gerecht ass, an esou huet hie gefrot: „A wien ass mäin Nächsten?“

Frame 27-04

De Jesus huet dem Expert vum Gesetz geäntwert, andeem hien e Geschicht verzielt huet: „E Judd ass emol op der Strooss vu Jerusalem op Jericho erofgereest.“

Frame 27-05

„Ënnerwee ass hie vun enger Grupp Raiber iwwerfall ginn. D’Raiber hunn him alles ofgeholl, wat hien hat, an hunn hien esou laang geschloen, bis hien hallef dout war. Dunn hu se sech dovu gemaach.“

Frame 27-06

„Eng Zäitlaang méi spéit ass e jiddesche Priister d’nämmlech Strooss erofgaang. Wéi dëse reliéisen Ieweschten de Mann gesinn huet, deen d’Raiber ausgeholl a geschloen haten, du ass hien op d’aner Säit vun der Strooss gaang. Hien huet net op de Mann Uecht geholl, deen Hëllef gebraucht huet, an ass virugaang.“

Frame 27-07

„Net laang dono ass e Levit op der Strooss laanscht komm. D’Levite waren e jiddesche Stamm, deen de Priister am Tempel assistéiert huet. De Levit ass och op d’aner Säit vun der Strooss gaang an huet net op de Mann Uecht geholl, deen d’Raiber ausgeholl a geschloen haten.“

Frame 27-08

„Den Nächsten, deen op der Strooss ënnerwee war, war e Samariter. D’Samariter waren d’Nokomme vu Judden, déi Partner aus anere Vëlleker bestued haten. D’Samariter an d’Judde konnte sech net ausstoen. Wéi awer dëse Samariter de Judd gesinn huet, du hat hien e grousst Erbaarme mat him. Dofir huet hien e versuergt an huet seng Wonne verbonn.“

Frame 27-09

„Dunn huet de Samariter de Mann op säin Iesel gehuewen an huet hien an e Gaaschthaus beim Wee bruecht, wou hien e versuerge konnt.“

Frame 27-10

„Den nächste Mueren huet de Samariter seng Rees fortsetze mussen. Hien huet dem Gaaschtwiert Geld ginn an huet gesot: ‚Suerg fir dëse Mann, a wann s du nach méi Geld ausgi muss, dann erstatten ech dir d’Ausgaben, wann ech zréckkommen.‘“

Frame 27-11

Dunn huet de Jesus den Expert vum Gesetz gefrot: „Wat méngs du? Wie vun dësen dräi Männer war e Nächste fir de Mann, deen d’Raiber ausgeholl a geschloen haten?“ Den Expert vum Gesetz huet geäntwert: „Deejeenegen, dee baarmhäerzeg un him gehandelt huet.“ Doropshin huet de Jesus zu dem Expert vum Gesetz gesot: „Da géi a maach et genee sou!“

Eng biblesch Geschicht aus Luc 10,25-37