Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

33. D’Gläichnes vum Séimann

Frame 33-01

Enges schéines Dags huet de Jesus eng grouss Mënschemass beim Uwwer vum Séi geléiert. Et sinn esou vill Mënsche komm, fir him nozelauschteren, datt hien an en Naachen um Rand vum Séi geklomm ass, fir genuch Ofstand ze hunn a fir zu hinne schwätzen ze kënnen. Hien huet sech an den Naache gesat an huet d’Mënsche geléiert.

Frame 33-02

De Jesus huet hinnen dëst Gläichnes erzielt: „E Bauer ass emol op d’Feld gaang, fir Som ze séien. A wéi hien d’Somkäre vun Hand ausgestreet huet, du sinn e puer op de Wee gefall. An d’Vulle si komm an hu se alleguer opgepickt.“

Frame 33-03

„Aner Somkäre sinn op e fielsegen Ënnergrond gefall, wou et nëmme wéing Äerd ginn huet. D’Somkären op dem fielsege Grond si séier opgaang, mee hir Wuerzele konnten net déif an d’Äerdräich eragoen. Wéi d’Sonn héich geklomm a wéi et heess ginn ass, du sinn d’Planze verwielecht a sinn agaang.“

Frame 33-04

„Nach aner Somkäre sinn an d’Däregestrëpp gefall. Si hunn ugefaang ze kéngen an ze wuessen, mee d’Dären hu se erstéckt. Dofir hunn d’Planzen, déi aus dene Somkären op dem Däre bewuessene Buedem entstan waren, keng Fruucht ervirbruecht.“

Frame 33-05

„Aner Somkäre sinn op e gudder Buedem gefall. D’Käre sinn opgewuess an hunn 30, 40 an esouguer 100mol esou vill Fruuchtkären ervirbruecht wéi de Som, deen de Séimann ausgestreet hat. Wien Oueren huet fir ze lauschteren, dee soll nolauschteren!“

Frame 33-06

Dëst Gläichnes huet d’Jénger ier gemaach. Dofir huet de Jesus hinnen erkläert: „De Som ass dat, wat Gott gesot huet. De Wee steet fir jiddereen, deen héiert, wat Gott gesot huet an deen et net versteet. Da kënnt den Däiwel an huelt de Message vun him ewech.“

Frame 33-07

„De fielsege Buedem stellt een duer, deen héiert, wat Gott gesot huet an deen et mat Freed unhuelt. Mee wann hien dann duerch schwéier Zäiten a Verfollegung geet, da fällt hien erëm of.“

Frame 33-08

„De Däre bewuessene Buedem steet fir een, deen héiert, wat Gott gesot huet, mee mat der Zäit erstécken d’Suergen an de Räichtum an e Liewe voll Plëséier seng Léift zu Gott. Um Enn bréngt d’Ënnerweisung, déi hien héieren huet, keng Fruucht ervir.“

Frame 33-09

„Mee de gudde Buedem stellt een duer, deen héiert, wat Gott gesot huet an deen him gleeft a Fruucht dreet.“

Eng biblesch Geschicht aus Mattias 13,1-8. 18-23; Marc 4,1-8. 13-20; Luc 8,4-15