43. Den Ufank vun der Gemeng
Wéi de Jesus an den Himmel hanneschtgaang war, du sinn d’Jénger zu Jerusalem bliwwen, esou wéi hien et hinne gebueden hat. D’Gleeweg zu Jerusalem si regelméisseg zesummekomm, fir ze bieden.
D’Judden hunn all Joer 50 Deeg nom Pessachfest e wichtegen Dag gefeiert, dee Päischte geheescht huet. Päischte war d’Zäit, an där si d’Weessrekolt gefeiert hunn. D’Judde sinn aus der ganz Welt op Jerusalem komm, fir zesummen d’Päischtfest ze feieren. An dësem Joer war Päischten ongeféier eng Woch, nodem de Jesus an den Himmel hanneschtgaang war.
Wéi d’Gleeweg alleguer zesumme waren, du huet op eng Kéier en Dausche wéi d’Dausche vun engem staarke Wand d’Haus erfëllt, an dem sie waren. Dunn ass eppes iwwer de Käpp vun alle Jénger erschéngt, dat wéi Feierflamen ausgesinn huet. D’Jénger sinn alleguer mam Hellege Geescht erfëllt ginn an hunn ugefaang, an aner Sproochen ze schwätzen.
Wéi d’Leit zu Jerusalem d’Kaméidi héieren hunn, du ass eng grouss Mënschemass zesummekomm, fir ze gesinn, wat do geschitt. A wéi d’Leit héieren hunn, wéi d’Gleeweg d’wonnerbar Saache verkënnegt hunn, déi Gott gemaach hat, du hu se sech doriwwer gewonnert, datt se dat alles an hirer eege Mammesprooch héieren hunn.
E puer Leit hunn de Jénger virgeheit, si wiere voll. Du ass de Péitrus opgestan an huet zu hinne gesot: „Lauschtert mir emol no! Dës Leit sinn net voll! Hei trefft d’Prophezeiung vum Prophéit Joel an, an där Gott seet: ‚An de leschten Deeg loossen ech mäi Geescht op alle Mënsche kommen.‘”
„Dir Männer vun Israel! De Jesus ass de Mann, deen an der Kraaft vu Gott vill mächteg Zeechen a Wonner gewierkt huet, esou wéi dir et gesinn hutt a scho wësst. Mee dir hutt hie gekräizegt!“
„Obwuel de Jesus gestuerwen ass, huet Gott hien erëm vun den Doudegen operstoe gelooss. Domat ass d’Prophezeiung agetraff, déi seet: ‚Du, Gott léiss däin Hellegen net am Graf verwiesen.‘ Mir sinn Zeien dovun, datt Gott de Jesus erëm lieweg gemaach huet.“
„De Jesus ass elo op déi Plaz riets vu Gott, dem Papp, erhéit. An de Jesus huet den Hellege Geescht geschéckt, esou wéi hien et versprach hat. Den Hellege Geescht bewierkt déi Saachen, déi dir hei gesitt an héiert.“
„Dir hutt dëse Mann, de Jesus, ëmbruecht. Mee dir kënnt ganz sécher sinn: Gott huet hien zum Här a Messias gemaach!“
D’Mënschen, déi dem Péitrus nogelauschtert hunn, ware vun dem, wat hie gesot huet, déif impressionéiert. Dofir hu se de Péitrus an déi aner Jénger gefrot: „Dir Bridder, wat solle mir dann elo maachen?“
De Péitrus huet hinne geäntwert: „Jidderee vun iech soll ëmkéieren a sech op den Numm vum Jesus Christus deefe loossen, fir datt Gott iech är Sënne verzeit. Da gëtt hien och iech den Hellege Geescht als Kaddo.“
Ongeféier 3.000 Mënschen hu gegleeft, wat de Péitrus gesot huet a si Jénger vum Jesus ginn. Si hu sech deefe gelooss a si Glidder vun der Gemeng zu Jerusalem ginn.
D’Jénger hu regelméisseg der Beléierung duerch d’Apostelen nogelauschtert an hunn Zäit matenee verbruecht. Si hunn zesumme giess an hu matenee gebiet, a si hate Freed dorun, Gott ze luewen. Si hunn och alles matenee gedeelt, wat se haten. Jiddereen huet nëmme Guddes iwwer si geduecht. An all Dag sinn ëmmer méi Mënsche gleeweg ginn.
Eng biblesch Geschicht aus Apostelgeschicht 2