2. D’Sënn kënnt an d‘Welt
Den Adam a seng Fra hunn immens glécklech an dem Gaart gelieft, dee Gott fir si gemaach hat. Kee vun deenen zwee hat Kleeder un, mee si hu sech net geschummt. Et huet nämlech nach näischt Sënnegt an der Welt ginn. Si sinn oft am Gaart doruechter gaang an hu mat Gott geschwat.
Et gouf awer eng fuusseg Schlaang an dem Gaart, an déi huet d’Fra gefrot: „Huet Gott iech wierklech gesot, dir dierft net d’Fruucht vun alle Béim iessen, déi am Gaart stinn?“
D’Fra huet geäntwert: „Mir iessen d’Fruucht vun all Bam – nëmmen net déi vun dem Bam, dee Guddes a Béises erkenne léisst. Vun dem Bam huet Gott eis gesot: ‚Wann s dir dovun iesst, musst dir stierwen.‘“
D’Schlaang huet der Fra geäntwert: “Ach wat! Dir stierft dach net! Ganz am Géigendeel! Gott weess: Esoubal wéi dir vun der Fruucht iesst, sidd dir wéi hien a wësst genee sou wéi hien, wat gutt a béis ass.“
D’Fra huet gesinn, datt d’Fruucht schéin a lecker ausgesinn huet an datt si hir och méi Wësse géif ginn. Dofir huet si d’Fruucht geholl an huet dovu giess. Dunn huet si hirem Mann, dee bei hir war, och dovu ginn, an och hien huet dovu giess.
Du sinn hinnen op der Plaz d’Aen opgaang, a si hu gesinn, datt se plakeg waren. Doropshin hu si versicht, Blieder zusummen ze bitzen a sech domat Kleeder ze maachen, déi si undoe wollten.
Dono hu si héieren, wéi Gott duerch de Gaart gaang ass, an hu sech virun him verstoppt. Gott huet no dem Mënsch geruff: „Wou bass du dann?“ An den Adam huet geäntwert: „Ech hunn héieren, wéi s du duerch de Gaart gaang bass, an hu gefaart, well ech plakeg sinn. Dofir hunn ech mech verstoppt.“
Du huet Gott gefrot: „Wien huet dir da gesot, datt s du plakeg bass? Hues du vun der Fruucht giess, vun där ech dir gesot hat: ‚Ëss net dovun!‘?“ Den Adam huet geäntwert: „Du hues mir dës Fra ginn, an déi huet mir vun der Fruucht ginn.“ Doropshin huet Gott d’Fra gefrot: „Wat hues du dann hei gemaach?“ „D’Schlaang huet mech hannergaang!“, huet d’Fra geäntwert.
Doropshin huet Gott zur Schlaang gesot: „Du bass verflucht! Du solls op dengem Bauch krauchen a Knascht friessen! En Nokomme vun der Fra trëppelt dir emol de Kapp futti, an du verwonns him d’Feescht.“
Zur Fra huet Gott gesot: „Ech suergen dofir, datt s du vill Péng hues, wann s du Kanner kriss. Du hues da Verlaangen no dengem Mann, an hien herrscht iwwert dech.“
An zum Mann huet Gott gesot: „Du hues op deng Fra heieren an hues mir net gefollecht. Dofir verfluchen ech den Äerdbuedem, datt s du schwéier schaffe muss, fir dech dovun ze ernieren. A wann s du stierfs, gëtt däi Kierper erëm zu Äerd.“ De Mann huet seng Frau „Eva“ genannt. Dat bedäit: „Mamm vun allem, wat lieft“. D’Eva ass nämlech d’Mamm vun alle Mënsche ginn. Dunn huet Gott dem Adam an dem Eva Kleeder aus Déierfelle ginn.
Dono huet Gott gesot: „Elo ass de Mënsch wéi mir ginn a weess, wat gutt a béis ass. Elo solle se awer net nach vun dem Bam iessen, dee Liewe schenkt an éiweg liewen.“ Dofir huet Gott den Adam an d’Eva aus dem schéine Gaart erausgeschéckt an huet mächteg Engele bei den Agank gestallt. Déi halen all Mënsch dovun of, vun der Fruucht vun dem Bam z’iessen, dee Liewe schenkt.
Eng biblesch Geschicht aus Genesis 3