Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

49. D’nei Allianz, déi Gott agaang ass

Frame 49-01

En Engel hat ener Jongfra, déi Maria geheescht huet, ugekënnegt, datt se de Jong vu Gott op d’Welt brénge géing. Den Hellege Geescht huet d’Maria iwwerschied, wéi hatt nach Jongfra war, an hatt ass schwanger ginn. Hatt huet e Jong op d’Welt bruecht an huet hie Jesus genannt. Dofir ass de Jesus Gott a Mënsch an enger Persoun.

Frame 49-02

De Jesus huet vill Wonner gewierkt, déi beweisen, datt hie Gott ass. Hien ass op dem Waasser gaang, huet Wieder gestëllt, vill Kranker geheelt, Dämonen ausgedriwwen an Doudeg nees lieweg gemaach. An hien huet aus fënnef Brout an zwéi klenge Fësch genuch gemaach, datt iwwer 5.000 Mënschen eppes z’iessen haten.

Frame 49-03

De Jesus war och e grousse Léiermeeschter, an hien huet mat Vollmuecht geschwat, well hien de Jong vu Gott ass. Hien huet geléiert, datt s du déi aner Mënsche genee sou gär hu solls wéi dech selwer.

Frame 49-04

An hien huet geléiert, datt s du Gott méi wéi alles anert, och méi wéi däi Räichtum, gär hu solls.

Frame 49-05

De Jesus huet gesot, datt d’Räich, dat Gott opriicht, méi wäertvoll wéi alles anert an der Welt ass. D’Wichtegst fir all Mënsch ass, datt hien zu dem Räich gehéiert, dat Gott opriicht. A fir an dëst Räich ze kommen, muss du vun denge Sënne gerett ginn.

Frame 49-06

De Jesus huet geléiert, datt munnech Mënschen hien unhuelen a gerett géife ginn an datt aner dat net mache géingen. Hien huet gesot, datt munnech Mënsche wéi gudder Buedem sinn. Si huelen d’gutt Noriicht, déi vum Jesus handelt, un a gi gerett. Aner si wéi den harte Buedem vum Wee, an deen de Som vun dem, wat Gott gesot huet, net andréngt an dofir och keng Rekolt ervirbréngt. Esou Mënsche verweigere sech dem Message vum Jesus a kommen net a säi Räich.

Frame 49-07

De Jesus huet geléiert, datt Gott d‘Sënner imens léif huet. Hie wëll hinne verzeien a si zu senge Kanner maachen.

Frame 49-08

De Jesus huet awer och gesot, datt Gott d‘Sënn haasst. Wéi den Adam an d’Eva gesënnegt hunn, du hat dat Auswierkunge fir all hir Nokommen. Als Resultat dovu sënnegt all Mënsch op der Welt an ass vu Gott getrennt. Dofir ass och jiddereen zu engem Feind vu Gott ginn.

Frame 49-09

Mee Gott hat d’Welt esou gär, datt hie säin eenzege Jong hierginn huet. Dofir gëtt jiddereen, deen un de Jesus gleeft, net fir seng Sënne bestrooft, mee lieft fir ëmmer bei Gott.

Frame 49-10

Well s du gesënnegt hues, bass du schëlleg a verdéngs den Doud. Gott wier zu Recht rose mat dir, mee amplaz vun dir huet hie seng Roserei um Jesus ausgelooss. Wéi de Jesus op dem Kräiz gestuerwen ass, du ass hien un denger Plaz bestrooft ginn.

Frame 49-11

De Jesus hat ni gesënnegt, mee hien huet decidéiert, d’Strof op sech ze huelen an als vollkomenen Affer ze stierwen an deng Sënnen an d’Sënne vun der ganz Welt ewechzehuelen. Well de Jesus sech geaffert huet, ka Gott all Sënn verzeien, esouguer ganz schrecklech Sënnen.

Frame 49-12

Gutt Wierker kënnen dech net retten. Du kanns näischt dozou bäidroen, fir mat Gott an d’Rengent ze kommen. Nëmmen de Jesus kann deng Sënnen ofwäschen. Gleef nëmmen, datt de Jesus de Jong vu Gott ass an datt hien un denger Plaz op dem Kräiz gestuerwen ass, a gleef, datt Gott hien erëm lieweg gemaach huet.

Frame 49-13

Gott rett jiddereen, deen un de Jesus gleeft an deen hien als säin Här unhëllt. Hie rett awer keen, deen net un de Jesus gleeft. Dobäi spillt et keng Roll, ob du arm oder räich bass, ob Mann oder Fra, ob al oder jonk oder wou s du wunns. Gott huet dech gär a wëll, datt s du un de Jesus gleefs. Da kann hien an enger Gemeinschaft mat dir liewen.

Frame 49-14

De Jesus lued dech an, un hien ze gleewen a gedeeft ze ginn. Gleefs du, datt de Jesus de Messias ass, den eenzege Jong vu Gott? Gleefs du, datt s du e Sënner bass an datt s du et verdéngt häss, vu Gott bestrooft ze ginn? Gleefs du, datt de Jesus op dem Kräiz gestuerwen ass, fir deng Sënnen ewechzehuelen?

Frame 49-15

Wann s du un de Jesus gleefs an un dat, wat hie fir dech gemaach huet, da bass du e Chrëscht! Dann huet Gott dech dem däischtere Räich vum Däiwel entrass an a säi Räich, dat voll Liicht ass, versat. Gott huet deng al sënneg Aart, Saachen ze maachen, ewechgeholl an huet dir eng nei, gerecht Aart ze handele geschenkt.

Frame 49-16

Wann s du e Chrëscht bass, dann huet Gott dir deng Sënnen op Grond vun dem, wat de Jesus gemaach huet, verzien. Gott betruecht dech elo als enge Frënd an net méi als Feind.

Frame 49-17

Wann s du e Frënd vu Gott bass a wann s du dem Jesus, dem Här, déngs, da wëlls du och dem follechen, wat dech de Jesus léiert. Obwuel du e Chrëscht bass, gëss du nach versicht, fir ze sënnegen. Mee Gott ass trei, an hie seet: Wann s du deng Sënne bekenns, da verzeit hien dir. Hie gëtt dir da Kraaft, fir géint d’Sënn ze kämpfen.

Frame 49-18

Gott seet dir: Biet, lies a sengem Wuert, biet hien zesumme mat aner Chrëschten un, a verziel anere Mënsche vun dem, wat hie fir dech gemaach huet! All dat hëlleft dir, an eng méi déif Gemeinschaft mat Gott ze kommen.

Eng biblesch Geschicht aus Réimer 3,21-26; 5,1-11; Jean 3,16; Marc 16,16; Kolosser 1,13-14; 2. Korinther 5,17-21; 1. Jean 1,5-10