50. De Jesus kënnt hannescht
Säit ongeféiert 2.000 Joer héieren ëmmer méi Mënsche ronderëm d’Welt d’gutt Noriicht vum Jesus, dem Messias. D’Gemeng wiisst, an de Jesus huet versprach, datt hien um Enn vun der Welt erëm hannescht kënnt. Obwuel hie bis elo nach net hannescht komm ass, hält hien awer trotzdeem an, wat hie versprach huet.
An der Zäit, an där mir dorop waarden, datt de Jesus erëmkënnt, wëll Gott, datt mir en hellegt Liewe féieren, dat hien éiert. Hie wëll och, datt mir den anere Mënsche vu sengem Räich erzielen. Wéi de Jesus op der Äerd gelieft huet, du huet hie gesot: „Meng Jénger verkënnegen emol d’gutt Noriicht vun dem Räich, dat Gott opriicht, an der ganz Welt, an da kënnt d’Enn.“
Et gëtt ëmmer nach Volleksgruppen, déi nach näischt vum Jesus héieren hunn. Ier de Jesus an den Himmel hannescht gaang ass, huet hien de Chrëschte gesot, si sollten d’gutt Noriicht dene Mënsche verkënnegen, déi se nach ni héieren hunn. „Gitt a maacht Mënschen aus alle Vëlleker zu Jénger!“, huet hie gesot. An: „D’Felder sinn zeideg, fir erageholl ze ginn!“
De Jesus huet och gesot: „En Dénger ass net méi grouss wéi säin Här. Esou wéi déijéineg, déi an dëser Welt Muecht hunn, mech gehaasst hunn, folteren a brénge se och iech wéinst mir ëm. Obwuel dir an dëser Welt Schwéieres duerchmaache musst: Faasst Mutt! Ech sinn nämlech Här iwwert den Däiwel ginn, iwwert deen, deen dës Welt beherrscht. Wann dir mir bis un d’Enn treif bleift, da rett Gott iech!“
De Jesus huet senge Jénger e Gläichnes gesot, fir ze erkläeren, wat emol um Enn vun der Welt mat de Mënsche geschitt. „E Mann huet emol gudde Som op säi Feld geséit“, huet hie gesot. „A wéi hie geschlooft huet, du ass säi Feind komm an huet Onkraut tëschent de Weess geséit. Dunn ass hie fortgaang.“
„Wéi d’Planzen opgaang sinn, du hunn d’Dénger vun dem Mann gesot: ‚Här, du hues dach gudde Som op dëst Feld geséit. Wiesou steet dann elo Onkraut op him?‘ Hiren Här huet geäntwert: ‚E Feind muss et geséit hunn.‘“
„Du hunn d’Dénger hiren Här gefrot: ‚Solle mir d’Onkraut gieden?‘ ‚Neen‘, huet hiren Här gesot. ‚Wann dir et giet, da rappt dir och een Deel vum Weess aus. Waart bis zur Rekolt! Da kënnt dir d’Onkraut op Koupe sammelen, fir et ze verbrennen, an de Weess kënnt dir a meng Scheier bréngen.‘“
D’Jénger hunn d’Bedeitung vun dem Gläichnes net verstan. Dofir hu se de Jesus gefrot, ob hien et hinnen erkläere géing. De Jesus huet geäntwert: „De Mann, deen de gudde Som geséit huet, ass de Messias, an d’Feld ass d’Welt. De gudde Som steet fir d’Mënschen, déi zu dem Räich gehéieren, dat Gott opriicht.“
„D’Onkraut steet fir d’Mënschen, déi dem Däiwel gehéieren, an de Feind, deen d’Onkraut geséit huet, ass den Däiwel. D’Rekolt ass d’Enn vun der Welt, an d’Leit, déi d’Rekolt eranhuelen, sinn d’Engelen, déi Gott geschéckt huet.“
„Um Enn vun der Welt sammelen d’Engelen d’Mënschen, déi dem Däiwel gehéieren, alleguer an a geheie se an e Feier, dat flaamt an an dem se da kräischen an a schrecklecher Péng mat den Zänn grätschen. Da schéngen déi Gerecht wéi d’Sonn an dem Räich, dat Gott, hire Papp, opriicht.“
De Jesus huet och gesot, datt hie virum Enn vun der Welt op d’Äerd erëmkomme géing. Hie kënnt genee sou erëm, wéi hie gaang ass. Dat heescht, hien huet e physikalesche Läif a kënnt mat de Wolleke vum Himmel. Wann de Jesus erëmkënnt, da steet all Chrëscht, dee scho gestuerwen ass, vun den Doudegen op a begéint him an der Loft.
Da ginn d’Chrëschten, déi zu dem Zäitpunkt nach liewen, an d’Loft gehuewen a mat den anere Chrëschten, déi vun den Doudegen operstane sinn, vereent. Esou si se dann alleguer beim Jesus am Himmel. Dono lieft de Jesus fir ëmmer mat sengem Vollek a vollkommenem Fridden an a vollkommener Eenheet.
De Jesus huet all denen, déi un hie gleewen, eng Kroun versprach. Si liewen da fir ëmmer a vollkommenem Fridden a regéiere mat Gott.
Gott riicht awer emol jiddereen, deen net un de Jesus gleeft. Hie geheit déi Ongleeweg an d’Häll, wou si fir ëmmer kräischen a vu lauter Péng mat den Zänn grätschen. An engem Feier, dat ni ausgeet, brenne se un engem Stéck, a Wierm friessen ouni opzehalen un hinnen.
Wann de Jesus erëmkënnt, da vernicht hien den Däiwel a säi Räich vollstänneg. Hie geheit den Däiwel an d’Häll, wou hien da fir ëmmer brennt, genee sou wéi jiddereen, deen decidéiert huet, fir dem Däiwel nozelafen amplaz vu Gott ze follechen.
Well den Adam an d’Eva Gott net gefollecht an d’Sënn an d’Welt bruecht hunn, huet Gott d’Welt verflucht an decidéiert, si ze vernichten. Mee enges Dags erschaaft Gott en neien Himmel an eng nei Äerd, déi vollkomme sinn.
De Jesus an d’Mënschen, déi him gehéieren, wunnen dann op der nei Äerd, an de Jesus herrscht fir ëmmer iwwer alles, wat existéiert. Hie wëscht all Tréin of, an da gëtt et keng Leed méi, och keng Trauregkeet, kee Kräischen, näischt, wat béis ass, keng Péng a keen Doud méi. De Jesus regéiert da mat Fridden a Gerechtegkeet iwwer säi Räich an ass fir ëmmer bei sengem Vollek.
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 24,14; 28,18; Jean 15,20; 16,33; Offenbarung 2,10; Mattias 13,24-30. 36-42; 1. Thessaloniker 4,13-5,11; Jacques 1,12; Mattias 22,13; Offenbarung 20,10; 21,1-22,21