24. De Jean deeft de Jesus
De Jean, de Jong vum Sacharja a vum Elisabeth, ass grouss an e Prophéit ginn. Hien huet an der Wüst gelieft an huet Hunneg vu wëlle Beien an Heesprénger giess. Seng Kleeder waren aus Kaméilhoor gewieft.
Vill Mënsche sinn an d’Wüst gaang, fir dem Jean nozelauschteren. Hien huet hinne gepriedegt: „Kéiert ëm! D’Räich, dat Gott opriicht, ass nämlech nobäi!“
Wéi d’Leit de Message héieren hunn, deen de Jean gepriedegt huet, du si vill vun hire Sënnen ëmgekéiert, an de Jean huet si gedeeft. Och d’reliéis Iewescht sinn a grousser Zuel komm, fir sech vum Jean deefen ze loossen, mee si sinn net ëmgekéiert an hunn hir Sënnen net zouginn.
De Jean huet zu de reliéisen Ieweschte gesot: „Dir Gëftschlaangen! Kéiert ëm an ännert äert Behuelen! All Bam, dee keng gutt Fruucht ervirbréngt, gëtt ofgehaen an an d’Feier gehäit.“ Mam Jean ass an Erfëllung gaang, wat d’Prophéiten ugekënnegt haten: „Pass emol op: Ech schécke mäi Buet virun dir hier. Dee soll de Wee virun dir virbereeden.“
E puer Judden hunn de Jean gefrot, ob hien de Messias wier. De Jean huet geäntwert: „Ech sinn net de Messias, mee no mir kënnt een, deen esou grouss ass, datt ech net emol wierdeg sinn, seng Sandalen opzemaachen.“
Den nächsten Dag ass de Jesus komm, fir sech vum Jean deefen ze loossen. Wéi de Jean de Jesus gesinn huet, du huet hie gesot: „Kuckt emol hei! D’Lämmchen, dat Gott geschéckt huet. Dat huelt d’Sënne vun der Welt ewech.“
De Jean huet zum Jesus gesot: „Ech sinn et net wäert, fir dech ze deefen. Amplaz datt ech dech deefen, sollt ech besser vun dir gedeeft ginn.“ Mee de Jesus huet geäntwert: „Dach, du solls mech deefen! Esou ass et nämlech richteg.“ Doropshin huet de Jean de Jesus gedeeft, obwuel de Jesus ni gesënnegt hat.
Wéi de Jesus aus dem Waasser eropgeklomm ass a gedeeft war, du ass den Hellege Geescht a Gestalt vun enger Dauf erschéngt. Hien ass erofkomm an huet sech op dem Jesus niddergelooss. Am selwechten Ament huet Gott vum Himmel geschwat. „Du bass mäi léiwe Jong, un dem ech meng Freed hunn“, huet hie gesot.
Gott hat dem Jean gesot: „Den Hellege Geescht kënnt emol erof a bleift op engem, deen du deefs. Dës Persoun ass de Jong vu Gott.“ Et gëtt nëmmen ee Gott, mee wéi de Jean de Jesus gedeeft huet, du huet hie Gott, de Papp, schwätzen héieren. Hien huet Gott, de Jong – dat ass de Jesus – gesinn, an hien huet den Hellege Geescht gesinn.
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 3; Mark 1,9-11; Luc 3,1-23