8. Gott rett de Jousef a seng Famill
Eng Rei Jore si vergaang. De Jakob war elo schonn en ale Mann. Du huet hien de Jousef, säi léifste Jong, lassgeschéckt. Dee sollt no senge Bridder kucken, déi hir Häerde gehitt hunn.
D’Bridder vum Jousef hunn de Jousef gehaasst, well hire Papp de Jousef um meeschte gär hat a well de Jousef eng Kéier gedreemt hat, hie géing iwwer se herrschen. Wéi de Jousef bei seng Bridder komm ass, du hu se hien entféiert an hunn hien u Sklavenhändler verkaaf.
Ier d’Bridder vum Jousef sech op den Heemwee gemaach hunn, hu se dem Jousef säi Mantel verrappt an a Schoofsblutt gedaucht. Dunn hu se de Mantel hirem Papp gewisen. Dee sollt denken, e wëllt Déier hätt de Jousef verrappt. De Jakob war immens traureg.
D’Sklavenhändler hunn de Jousef no Ägypte bruecht. Ägypte war e grousst a mächtegt Land um Nil. D’Händler hunn de Jousef als Sklav un e räiche Regéierungsbeamte verkaaf. De Jousef huet sengem Här gutt gedéngt, a Gott huet de Jousef geseent.
D’Haushärin wollt mam Jousef schlofen, mee de Jousef huet refuséiert, esou géint Gott ze sënnegen. Du ass si rose ginn an huet de Jousef fälschlecherweis beschëllegt, esou datt hie verhaft ginn an an de Prisong komme géing. Mee och am Prisong ass de Jousef Gott trei bliwwen, a Gott huet hie geseent.
Zwee Joer méi spéit war de Jousef ëmmer nach am Prisong, obwuel hien onschëlleg war. Dunn ass eng Nuecht komm, an där de Pharao (esou hunn d’Ägypter hire Kinnek genannt) zweemol eppes gedreemt huet, wat hien immens beonrouegt huet. Kee vu senge Beroder konnt him d’Bedeitung vun dem, wat hie gedreemt hat, erkläeren.
Gott hat dem Jousef d’Fähegkeet ginn, fir ze deiten, wat een dreemt. Dofir huet de Pharao hien aus dem Prisong huele gelooss. De Jousef huet dem Pharao gedeit, wat hie gedreemt hat. „Gott léisst siwe Jore mat iwwerräich Rekolte kommen“, huet hie gesot. „Dono komme siwen Hongerjoren.“
De Pharao war vum Jousef esou impressionéiert, datt hien en zu zweetmächtegste Mann vu ganz Ägypte gemaach huet.
De Jousef huet de Leit gesot, se sollten an dene siwe Joren, an dene si vill eranhuelen, e groussen Dee vun der Rekolt usammelen. Wéi dann d’siwe Hongerjore komm sinn, huet hien d’Fruucht un d’Leit verkaf, fir datt se genuch z’iessen hätten.
D’Hongersnout war grouss – net nëmmen an Ägypten, mee och a Kanaan, wou de Jakob a seng Famill gelieft huet.
Dofir huet de Jakob seng méi al Jongen an Ägypte geschéckt, fir Fruucht ze kafen. Wéi d’Bridder virum Jousef stoungen, fir Fruucht ze kafen, du hu se de Jousef net erkannt. Mee de Jousef huet si erkannt.
De Jousef huet seng Bridder op d’Prouf gestallt, fir ze gesinn, ob si sech geännert hätten. Dunn huet hien zu hinne gesot: „Ech sinn de Jousef, äre Brudder! Fäert net! Dir hutt versicht, Béises ze maachen, wéi dir mech als Sklav verkaaft hutt, mee Gott huet dat Béist fir eppes Guddes gebraucht. Kommt a bleift an Ägypten. Da kann ech fir iech an är Famille suergen.“
Wéi d’Bridder vum Jousef erëm heemkomm sinn an hirem Papp erzielt hunn, datt de Jousef nach lieft, du war hire Papp iwwerglécklech.
Obwuel de Jakob schonn al war, ass hie mat senger ganzer Famill an Ägypte geplënnert. Do si se alleguer wunne bliwwen. Ier de Jakob gestuerwen ass, huet hie jidderee vu senge Jonge geseent.
D’Zousoe vun der Allianz, déi Gott dem Abraham ginn hat, sinn op den Isaak, dono op de Jakob an dunn op d’zwielef Jonge vum Jakob an op denen hir Famillen iwwergaang. Aus den Nokomme vun den zwielef Jonge sinn d’zwielef Stämm vum Vollek Israel entstan.
Eng biblesch Geschicht aus Genesis 37-50