5. Gott versprécht dem Abraham e Jong
Den Abram an d’Sarai hu schonn zéng Joer a Kanaan gewunnt an haten ëmmer nach kee Kand. Du huet d’Sarai, dem Abram seng Fra, zum Abram gesot: „Gott huet mir kee Kand geschenkt, an elo sinn ech zu al dofir. Bestued dach och d’Hagar, meng Déngerin. Vläicht kommen ech duerch si nach zu engem Kand.
Den Abram huet op d’Sarai héieren an huet d’Hagar bestued. Dono huet d’Hagar e klenge Jong kritt, an den Abram huet hien Ismael genannt. D’Sarai huet d’Hagar awer ouni Matgefill behandelt. Wéi den Ismael 13 Joer al war, huet Gott nach eng Kéier zum Abram geschwat.
Gott huet gesot: “Ech sinn den allmächtege Gott. Mat dir ginn ech eng Allianz an.“ Du huet den Abram sech bis op d’Äerd verneipt. Gott huet weider gesot: „Ech maachen dech zum Papp vu ville Vëlleker. Dir an dengen Nokomme ginn ech d’Land Kanaan. Et soll fir ëmmer dengen Nokomme gehéieren, an ech sinn dann hire Gott. Beschneit all Mann an denger Famill!“
„D’Sarai, deng Fra, kritt e Jong. Deen ass de Jong, deen ech versprach hat. Gëff him den Numm Isaak. Ech gi meng Allianz mat him an, an hie gëtt zu engem grousse Vollek. Och den Ismael maachen ech zu engem grousse Vollek, awer meng Allianz ginn ech mam Isaak an.“ Dono huet Gott dem Abram säin Numm an Abraham geännert. Dat bedeit: „Papp vu villen“. Och dem Sarai seng Numm huet Gott geännert an huet hatt Sarah genannt, wat esou vill wéi „Prinzessin“ bedeit.
Un dësem Dag huet den Abraham d’Männer vu sengem Haus alleguer beschnidden. Ongeféier ee Joer méi spéit, wéi den Abraham 100 Joer an d’Sarah 90 Joer al war, huet d’Sarah dem Abraham säi Jong op d’Welt bruecht. Si hunn hien Isaak genannt, esou wéi Gott et hinnen opgedroen hat.
Wéi den Isaak schonn e jonke Mann war, du huet Gott de Glawe vum Abraham op d’Prouf gestallt. „Huel den Isaak, däin eenzege Jong“, huet Gott gesot, „a bréng hie mir als Affer duer.“ Den Abraham huet och elo erëm gemaach, wat Gott gesot huet an huet sech dorop virbereet, säi Jong ze afferen.
Den Abraham an den Isaak hu sech op de Wee op déi Plaz gemaach, op där den Affer duerbruecht sollt ginn. Ënnerwee huet den Isaak gefrot: „Papp, mir hunn Holz fir den Affer, mee wou ass dann d’Lamm?“ Den Abraham huet geäntwert: „Gott suergt fir en Afferlamm, mäi Jong.“
Wéi déi zwee op déi Plaz komm sinn, op där den Affer duerbruecht sollt ginn, du huet den Abraham den Isaak, säi Jong, gefesselt an huet hien op den Altor geluegt. Hie wollt hie grad ëmbréngen, wéi Gott geruff huet: „Halt! Do dem Jong näischt un! Elo weess ech, datt s du Respekt viru mir hues. Du hues mir nämlech däin eenzege Jong net virenthal.”
Dunn huet den Abraham nobäi e Schofsbock gesinn, dee sech an engem Bësch verfaang hat. Gott hat fir de Schofsbock gesuergt, datt hien amplaz vum Isaak geaffert gi konnt. Du huet den Abraham sech gefreet an huet de Schofsbock als Affer duerbruecht.
Dono huet Gott zum Abraham gesot: „Well s du bereet wars, mir alles ze ginn, esouguer däin eenzege Jong, verspriechen ech dir, dech ze seenen. Deng Nokomme sinn emol méi wéi d’Stären am Himmel. Well s du gemaach hues, wat ech gesot hunn, ginn d’Geschlechter op der Äerd emol alleguer duerch deng Famill geseent.
Eng biblesch Geschicht aus Genesis 16-22