26. De Jesus fänkt mat sengem Déngscht un
Wéi de Jesus de Versuchunge vum Däiwel widderstan hat, du ass hien an der Kraaft vum Hellege Geescht an d’Gebitt vu Galiläa zréckgaang, wou hie gewunnt huet. Dunn ass hie vu Plaz zu Plaz gereest an huet d’Mënsche geléiert. Jiddereen huet nëmme Guddes vun him verzielt.
Hien ass och op Nazaret gaang, wou hie gewunnt hat, wéi hien nach e Kand war. Um Sabbat ass hien an d’Synagog gaang, déi Plaz, op där ee Gott ugebiet huet. Do huet hien d’Schrëftroll vum Prophéit Jesaja gereecht kritt, fir doraus virzeliesen. De Jesus huet d’Schrëftroll opgemaach an huet de Mënschen eng Passage aus hir virgeliest.
„Gott huet mir säi Geescht ginn“, huet de Jesus geliest, „datt ech den Aarmen eng gutt Noriicht brénge kann, de Gefaangen d’Fräiheet, de Blann d’Aeliicht an denen, déi niddergeschlo sinn, d’Befreiung. Dat hei ass d’Joer vun der Gonscht, dat den Här zougesteet.“
Dunn huet de Jesus sech higesat, a si hunn hien alleguer schaarf ugekuckt. Si hu gewosst: D’Passage, déi de Jesus just aus der Helleger Schrëft virgeliest hat, bezéit sech op de Messias. De Jesus huet doropshi gesot: „D’Wierder, déi ech iech just virgeliest hunn, droe sech an dësem Ament zou.“ D’Mënschen hunn alleguer gestaunt. „Ass dat dann net de Jong vum Jousef?“, hu se gefrot.
Dunn huet de Jesus gesot: „Et ass wouer: Kee Prophéit gëtt an der Stad opgeholl, an där hien doheem ass. An der Zäit vum Prophéit Elija huet et vill Witfraen an Israel ginn. Mee wéi et dräiehallef Joer laang net gereent huet, du huet Gott den Elija net geschéckt, fir enger Witfra an Israel ze hëllefen, mee enger aus engem anere Vollek.“
A weider huet de Jesus gesot: „An der Zäit vum Prophéit Elisa hate vill Mënschen an Israel eng Hautkrankheet. Mee den Elisa huet kee vun hinne geheelt.“ D’Mënschen, déi dem Jesus nogelauschtert hunn, ware Judden. Dofir si se rosen op hie ginn, wéi se hien dëst soen héieren hunn.
D’Mënsche vun Nazaret hunn de Jesus aus der Synagog gestousst an hunn hien un de Rand vun engem Ofhank bruecht, fir hien do erofzestierzen an ëmzebréngen. Mee de Jesus ass matzen duerch d’Leit gaang an huet d’Stad Nazaret hanner sech gelooss.
Dono ass de Jesus duerch d’Gebitt vu Galiläa gereest. Grouss Menschemasse si bei hie komm. Een huet och vill Leit bei hie bruecht, déi krank oder schlamm waren, och esou eng, déi net gesinn, net goen, net héieren oder net schwätze konnten, an de Jesus huet si geheelt.
Och vill Mënschen, déi vun Dämone besiess waren, si bei de Jesus bruecht ginn. Hien huet d’Dämone kommandéiert, an si si vun de Mënschen ausgefuer. Oft hunn d’Dämone geruff: „Du bass de Jong vu Gott!“ Déi vill Mënschen hu gestaunt an hu Gott dodriwwer ugebiet.
Dunn huet de Jesus sech zwielef Männer ausgewielt, déi hien Apostele genannt huet. D’Apostele si mam Jesus gereest an hu sech vun him ënnerriichte gelooss.
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 4,12-25; Mark 1,14-15. 35-39; 3,13-21; Luc 4,14-30. 38-44