Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

28. De räiche jonke Mann

Frame 28-01

Enges Dags ass en Ieweschten, dee räich a jonk war, bei de Jesus komm an huet hie gefrot: „Gudde Meeschter, wat muss ech da maachen, fir d’éiwegt Liewen ze kréien?“ De Jesus huet zu him gesot: Firwat nenns du mech da gutt? Et gëtt nëmmen een, dee gutt ass, an dat ass Gott. Mee wann s du d‘éiwegt Liewen hu wëlls, dann hal d’Gesetzer an, déi Gott ginn huet.“

Frame 28-02

„Wéi eng muss ech dann anhalen?“, huet de jonke Mann gefrot, an de Jesus huet geäntwert: „Bréng keen ëm! Briech d’Bestiednes net! Stiel net a léi net! Éier däi Papp an deng Mamm! An: Du solls däin Nächste genee sou gär hunn ewéi dech selwer!”

Frame 28-03

Dorop huet de jonke Mann gesot: „Dës Gesetzer hunn ech alleguer vu Kand un agehal. Wat muss ech dann nach maachen, fir éiweg liewen ze kënnen?“ De Jesus huet hien ugekuckt an hat hie gär.

Frame 28-04

Dunn huet de Jesus geäntwert: „Wann s du vollkomme si wëlls, da géi a verkaf alles, wat du hues, a gëff d’Geld den Aarmen. Dann hues du e Schaz am Himmel. An da komm a géi mat mir.“

Frame 28-05

Wéi de jonke Mann dat héieren huet, du ass hie ganz traureg ginn. Hie war nämlich onheemlech räich a wollt net ewechginn, wat hien hat.

Frame 28-06

Doropshin huet de Jesus zu senge Jénger gesot: „Et ass immens schwéier fir Räicher, an d’Räich ze kommen, dat Gott opriicht! Jo, et ass méi liicht fir e Kaméil, duerch d’Lach vun enger Bitznol ze goen, wéi fir e Räichen, an d’Räich ze kommen, dat Gott opriicht.“

Frame 28-07

Wéi d’Jénger héieren hunn, wat de Jesus gesot huet, du ware se schockéiert an hu gefrot: „Wie kann dann nach gerett ginn?“

Frame 28-08

De Jesus huet se ugekuckt an huet gesot: „Bei de Mënschen ass dat onméiglech, mee bei Gott ass alles méiglech.“

Frame 28-09

Dono huet de Péitrus zum Jesus gesot: „Mir hunn alles zréckgelooss a si mat dir gaang. Wat fir eng Belounung kréie mir dann dofir?“

Frame 28-10

De Jesus huet geäntwert: „Jiddereen, dee wéinst mir Haiser, Bridder, Schwësteren, Papp, Mamm, Kanner oder Besëtz zréckléisst, dee kritt honnertmol esou vill zréck, an hie kritt d’éiwegt Liewen. Mee vill, déi déi Éischt sinn, sinn dann déi Lescht, a vill, déi Lescht sinn, sinn dann Éischt.“

Eng biblesch Geschicht aus Mattias 19,16-30; Mark 10,17-31; Luc 18,18-30