Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

45. De Stephan an de Philippe

Frame 45-01

Ee vun dene Leit, déi der fréi Gemeng virgestan hunn, war e Mann, dee Stephan geheescht huet. Hien hat e gudde Ruff a war vum Hellege Geescht erfëllt an hat vill Wäisheet. De Stephan huet vill Wonner gewierkt an huet iwwerzeegend dovu geschwat, datt d’Mënschen un de Jesus gleewe sollten.

Frame 45-02

Enges Dags – de Stephan huet grad iwwert de Jesus geléiert – hunn e puer Judden, déi net un de Jesus gegleeft hunn, ugefaang, mam Stephan ze sträiden. Si sinn imens béis ginn an hu virun de reliéisen Ieweschte Ligen iwwert hie verbreet. „Mir hunn héieren, wéi hie Béises iwwert de Moses an iwwert Gott verkënnegt huet“, hu se gesot. Doropshin hunn d’reliéis Iewescht de Stephan festgeholl an hunn hie bei den Haaptpriister a bei déi aner Iewescht vun de Judde bruecht. Do hunn nach méi falsch Zeie Ligen iwwert hie verbreet.

Frame 45-03

Dunn hunn déi iewescht Priister hie gefrot: „Ass dat wouer?“ De Stephan huet geäntwert, andeems hie se u vill vun de grouss Saachen erënnert huet, déi Gott gemaach huet, ugefaang vun der Zäit vum Abraham bis an d’Zäit vum Jesus, a wéi d’Vollek Gott permanent net gefollecht huet. Dunn huet hie gesot: „Dir Déckkäpp a Rebellen! Permanent widderstrieft dir dem Hellege Geescht, genee sou wéi är Virfuere Gott permanent widderstrieft an d’Prophéiten ëmbruecht hann. Mee dir hutt nach eppes méi Schlëmmes wéi är Virfuere gemaach. Dir hutt de Messias ëmbrucht!“

Frame 45-04

Wéi d’reliéis Iewescht dat héieren hunn, du si se esou béis ginn, datt se sech d’Oueren zougehal an haart gejaut hunn. Dunn hu se de Stephan aus der Stad geschleeft an hu Steng op hie geheit, fir hien ëmzebréngen.

Frame 45-05

Wéi de Stephan gestuerwen ass, du huet hien ausgeruff: “Jesus, huel mäi Geescht op!” Dunn ass hien op d’Knéie gefall an huet erëm ausgeruff: „Meeschter, rechen hinnen dës Sënn net un!“ Dono ass hie gestuerwen.

Frame 45-06

E jonke Mann, dee Schaul geheescht huet, huet dene Leit zougestëmmt, déi de Stephan ëmbruecht hunn, an huet op hir Kleeder opgepasst, iwwerdeems si Steng op de Stephan geheit hunn. Deen Dag hu vill Leit zu Jerusalem ugefaang, déijéineg ze verfollegen, déi dem Jesus nogefollegt sinn. Dofir sinn d’Gleeweg op aner Plazen entwëscht. Mee trotz all dem hu se iwwerall, wou si hikomm sinn, iwwert de Jesus gepriedegt.

Frame 45-07

E Jénger vum Jesus, dee Philippe geheescht huet, war ee vun dene Gleeweg, déi vu Jerusalem entwëscht waren, wéi een d’Gleeweg do verfollegt huet. Hien ass a Samarie gaang, wou hien iwwert de Jesus gespriedegt huet, a vill Leit si gerett ginn. Enges Dags huet en Engel, dee Gott geschéckt hat, hien opgefuerdert, op eng bestëmmt Strooss an der Wüst ze goen. Wéi hien op der Strooss ënnerwee war, du huet hie gesinn, wéi en héichen äthiopesche Beamten a sengem Won ugefuer komm ass. Den Hellege Geescht huet hien opgefuerdert: „Géi bei dëse Mann a schwätz mat him!“

Frame 45-08

Wéi de Philippe bei de Won komm ass, du huet hien héieren, wéi den Äthiopier geliest huet, wat de Prophéit Jesaja opgeschriwwen hat. De Mann huet geliest: „Si hunn hien ewechgefouert wéi e Lämmchen, dat geschluecht gi sollt, a wéi e Lämmche stëll ass, huet hie kee Wuert gesot. Si hunn hien ongerecht behandelt an hunn hien net respektéiert. A si hunn him d’Liewe geholl.“

Frame 45-09

De Philippe huet den Äthiopier gefrot: „Verstees du dann, wat du hei lies?“ Den Äthiopier huet geäntwert: „Neen! Ech kann et net verstoen, ausser wann een et mir erkläert. Komm dach emol a setz dech niewe mech! Huet de Jesaja dëst iwwer sech selwer oder iwwer een anere geschriwwen?“

Frame 45-10

De Philippe huet dem Äthiopier erkläert, datt de Jesaja iwwert de Jesus geschriwwen huet. De Philippe huet och nach aner Schrëftstelle benotzt, fir him d’gutt Noriicht vum Jesus ze soen.

Frame 45-11

Wéi de Philippe an den Äthiopier virugefuer sinn, du si se op eng Plaz komm, wou Waasser war, an den Äthiopier huet gesot: „Kuck emol do! Do ass Waasser. Kann ech gedeeft ginn?“ Hien huet dem Chauffer gesot, hie sollt de Won unhalen.

Frame 45-12

Doropshi sinn déi Zwee an d’Waasser geklomm, an de Philippe huet den Äthiopier gedeeft. A wéi se aus dem Waasser erauskomm sinn, du huet den Hellege Geescht de Philippe op eng Kéier ewech op eng aner Plaz geholl, wou hien domat virugemaach huet, de Mënsche vum Jesus ze erzielen.

Frame 45-13

Den Äthiopier ass weider heemgefuer, glécklech doriwwer, datt hien de Jesus elo kannt huet.

Eng biblesch Geschicht aus Apostelgeschicht 6,8-8,5; 8,26-40