23. De Jesus kënnt op d‘Welt
D’Maria war mat engem rechtschafene Mann verlobt, dee Jousef geheescht huet. Wéi deen héieren huet, datt d’Maria schwanger ass, du huet hie gewosst, datt d’Kand net vun him war. Hie wollt d’Maria awer net bloussstellen. Dofir hat hir vir, sech heemlech vun him ze trennen. Mee ier et dozu komm ass, ass him en Engel erschéngt, wéi hie gedreemt huet, an huet zu him geschwat.
Den Engel huet gesot: “Jousef, fäert net, d’Maria als deng Fra bei dech ze huelen. D’Kand am Maria ass vum Hellege Geescht. Hatt bréngt e Jong op d’Welt, deen du Jesus nenne solls (Jesus bedäit: De Yaweh rett). Hie rett nämlech d’Mënsche vun hire Sënnen.
Doropshin huet e Jousef d’Maria bestued an huet hatt als seng Fra bei sech geholl. Hien huet awer net mat him geschlooft, bis hatt säi Kand op d’Welt bruecht hat.
Wéi d’Zait fir d’Gebuert komm ass, du huet d’réimesch Regéierung jidderengem gebueden, an déi Stad ze goen, an där seng Virfuere gelieft hunn a sech do registréieren ze loossen. De Jousef an d’Maria hu vun Nazaret, wou si gewunnt hunn, eng laang Rees op Bethlehem op sech huele mussen, well den David hire Virfuer a Bethlehem d’Stad war, wou den David doheem war.
Wéi se zu Bethlehem ukomm sinn, du konnte se néierewou ënnerkommen. Déi eenzeg Kummer, déi se fanne konnten, war eng Plaz, op där sech Déieren opgehal hunn. Do ass d’Kand op d’Welt komm, a seng Mamm huet et an eng Krëpp geluegt, well se kee Bett fir de Jong haten. Si hunn hie Jesus genannt.
An dëser Nuecht waren e puer Hierten op engem Feld nobäi an hunn hir Schof gehitt. Op eng Kéier ass hinnen en Engel an hellem Liicht erschéngt, a si hunn et mat der Angscht ze di kritt. Den Engel huet gesot: „Fäert net! Ech hunn eng gutt Noriicht fir iech. De Messias a Meeschter ass zu Bethlehem op d’Welt komm!“
„Gitt a sicht no dem Kand! Dir fannt et! Et ass a Wëndele gewéckelt a leit an enger Krëpp.“ Op eng Kéier war den Himmel voll mat Engelen, déi Gott gelueft a gesot hunn: „Éier sief Gott am Himmel a Fridden op der Äerd bei dene Mënschen, un dene Gott Gefalen huet!“
D’Hierte si geschwënn op déi Plaz komm, op där de Jesus war, an hunn hien an der Krëpp leie fonnt, genee sou wéi den Engel et hinne gesot hat. Si ware ganz opgereegt. Dono si se op d’Felder zréckgaang, op denen hir Schof waren, an hu Gott fir alles gelueft, wat se héieren a gesinn haten.
Eng Zäitlaang méi spéit hu Männer, déi Wäisheet haten, an engem Land wäit am Osten en ongewéinleche Stär um Himmel gesinn. Si hunn erkannt, datt dat bedäit, datt en neie Kinnek vun de Judden op d’Welt komm ass. Aus dësem Grond hu se eng grouss Rees gemaach, fir dëse Kinnek ze gesinn. Si sinn op Bethlehem komm an hunn d’Haus fonnt, an dem de Jesus a seng Eltere sech opgehal hunn.
Wéi d’Männer, déi Wäisheet haten, de Jesus mat senger Mamm gesinn hunn, du hu se sech verneipt an hunn de Jesus ugebiet. Si hunn him och wäertvoll Geschenker ginn. Dono si se erëm heemgereest.
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 1; Luc 2