47. De Paul an de Silas wierken zu Philippi
Op senge Reesen duerch d’réimescht Räich huet de Schaul ugefaang, säi réimeschen Numm Paul ze benotzen. Enges Dags ass hie mam Silas, sengem Frënd, an d’Stad Philippi gaang, fir d’gutt Noriicht vum Jesus ze verkënnegen. Si si baussent der Stad op eng Plaz beim Floss gaang, op der Mënschen zesummekomm sinn, fir ze bieden. Do hu se eng Fra getraff, déi Lydia geheescht huet an déi eng Händlerin war. D’Lydia hat Gott gär an huet hien ugebiet.
Gott huet dem Lydia d’Häerz opgemaach, esou datt hatt de Message vum Jesus gleewe konnt. Dorophshin ass hatt a seng Famill gedeeft ginn. Dunn huet hatt de Paul an de Silas ageluden, a sengem Haus ze bleiwen. Du sinn déi Zwee bei him a senger Famill bliwwen.
De Paul an de Silas sinn op der Gebietsplaz oft mat Leit zesummekomm. All Dag si se dohinner gaang. Eng Sklavin, déi vun engem Dämon besiess war, ass hinnen nogelaf. Duerch den Dämon huet si de Leit d’Zukunft virausgesot. Domat huet si hiren Hären als Hellsehesch vill Suen abruecht.
Ënnerwee huet si ëmmer gejaut: „Dës Männer dénge Gott, dem Héchsten. Si soen iech, wéi dir gerett gi kënnt!“ Si huet dat esou oft gemaach, datt et dem Paul ze vill ginn ass.
Schlussendlech huet de Paul sech enges Dags, wéi d’Sklavin erëm ugefaang huet ze jäizen, zu hir ëmgedréit an huet zu dem Dämon gesot: „Am Numm vum Jesus: Fuer vun der Fra aus!“ Du ass den Dämon op de Plaz vun hir ausgefuer.
Doropshi sinn d’Männer, denen d’Sklavin gehéiert huet, imens béis ginn. Si hu realiséiert, datt d’Sklavin de Mënschen ouni den Dämon d’Zukunft net méi viraussoe konnt. An dat huet bedeit, datt d’Leit den Häre vun der Sklavin kee Su méi fir den Déngscht vun der Sklavin bezuele géingen.
Dofir hunn d’Häre vun der Sklavin de Paul an de Silas bei d’réimesch Beamte vun der Stad bruecht, déi si da geschloen an an de Prisong geheit hunn.
Si hunn de Paul an de Silas an de séchersten Trakt vum Prisong gespart an hunn hir Féiss an de Block gespaant. Mee matzen an der Nuecht hunn d’Apostele Lidder gesong an hu Gott gelueft.
Op eng Kéier huet et e grousst Äerdbiewe ginn! D’Prsiongsdiere sinn alleguer opgesprong, an d’Kette si vun alle Gefaangenen ofgefall.
Du ass de Giischtje waakreg ginn, a wéi hie gesinn huet, datt d’Prisongsdieren opstoungen, du war hien entsat. Hien huet geduecht, d’Gefaange wieren alleguer entkomm. Dofir wollt hie sech selwer ëmbréngen. Hien huet nämlech gewosst: D’réimesch Autoritéite géingen hien ëmbréngen, wann hien d’Gefaangen entkomme loosse géing. De Paul huet hien awer gesinn an huet geruff: „Stop! Do dir näischt un! Mir sinn alleguer hei.“
Du huet de Giischtje geziddert an ass bei de Paul a bei de Silas komm an huet gefrot: „Wat muss ech da maachen, fir gerett ze ginn?“ De Paul huet geäntwert: „Gleef un den Här Jesus, da gëss du an deng Famill gerett.“ Dono huet de Giischtjen de Paul an de Silas bei sech heem geholl an huet hinnen d’Wonnen ofgewäscht. An de Paul huet jidderengem a sengem Haus d’gutt Noriicht vum Jesus gepriedegt.
De Giischtjen a seng ganz Famill hunn un de Jesus gegleeft a si gedeeft ginn. Dunn huet de Giischtje dem Paul an dem Silas en Iessen zervéiert, a si hu sech matenee gefreet.
Den nächsten Dag hunn d’Autoritéite vun der Stad de Paul an de Silas erëm aus dem Prisong fräi gelooss an hunn un hinnen ugehal, si sollten dach vu Philippi fortgoen. Du sinn de Paul an de Silas bei d’Lydia a bei e puer aner Frënn gaang. Dono si se aus der Stad fortgaang. D’gutt Noriicht vum Jesus huet sech weider ausgebreet, an d’Gemeng ass ëmmer méi grouss ginn.
De Paul an aner prominent Chrëschte sinn a vill Stied gereest an hunn de Mënschen d’gutt Noriicht vum Jesus gepriedegt an hu se geléiert. Si hunn och vill Bréiwer geschriwwen, fir de Gleewege Mutt ze maachen a fir se ze léieren. E puer vun dëse Bréiwer si Bicher vun der Bibel ginn.
Eng biblesch Geschicht aus Apostelgeschicht 16,11-40