48. De Jesus ass de Messias, dee Gott versprach hat
Wéi Gott d’Welt erschaf huet, du war alles vollkommen. Et gouf kee Sënn. Den Adam an d’Eva hate sech léif, a si hate Gott gär. Et gouf keng Krankheet a keen Doud. Esou wollt Gott d’Welt hunn.
Mee den Däiwel huet am Gaart Eden duerch d’Schlaang zum Eva geschwat, fir d’Eva ze verféieren. Doropshin huet d’Eva géint Gott gesënnegt, a genee sou den Adam. A well se gesënnegt haten, gëtt all Mënsch op der Äerd krank, an all Mënsch stierft emol.
Opgrond vun der Sënn vum Adam a vum Eva ass nach eppes vill méi Schrecklecht geschitt: Si si Feinde vu Gott ginn. Als Resultat dovu kënnt säithier all Mënsch mat enger sënnegen Natur do d’Welt a steet Gott och feindséileg géintiwwer. D’Bezéiung tëschent Gott an de Mënschen ass duerch d’Sënn gestéiert ginn. Mee Gott hat e Plang, fir si nees hierzestellen.
Gott hat versprach, datt emol ee vum Eva sengen Nokommen dem Däiwel de Kapp futti trëppelen an datt den Däiwel dem Nokommen d’Feescht verwonne géing. Dat huet bedeit: Den Däiwel géing de Messias ëmbréngen, mee Gott géing hien erëm lieweg maachen. An da géing de Messias d’Muecht vum Däiwel fir ëmmer briechen. Vill Jore méi spéit huet Gott offenbart, datt de Jesus de Messias ass.
Wéi Gott d’ganz Äerd duerch d’grouss Flut zerstéiert huet, du huet hien dofir gesuergt, datt d’Mënschen, déi un hie gegleeft hunn, an engem Schëff gerett gi sinn. Genee sou hätt et haut jidderee verdéngt, wéinst senge Sënnen ëmzekommen, mee Gott huet dofir gesuergt, datt déijéineg, déi un de Jesus gleewen, gerett ginn.
Joerhonnertelaang hu Priister Gott Affer fir d’Mënschen duerbruecht, fir hinnen d’Bestrofung virun d’Aen ze féieren, déi se fir hir Sënne verdéngt hätten. Mee all dës Affer konnten hir Sënnen net ewechhuelen. De Jesus ass de groussen Haaptpriister. Am Ënnerscheed zu den anere Priister huet hie sech selwer als den eenzegen Affer geaffert, deen d’Sënne vun der ganz Welt ewechhëllt. De Jesus ass de vollkommenen Haaptpriister, well hien d’Strof fir all Sënn, déi ees begaang gouf, op sech geholl huet.
Gott hat dem Abraham gesot: „D’Vëlleker vun der Äerd ginn emol alleguer duerch dech geseent.“ De Jesus ass den Nokomme vum Abraham. D’Vëlleker ginn alleguer duerch hie geseent, well jiddereen, deen un de Jesus gleeft, vu senge Sënne gerett an esou e geeschtlechen Nokomme vum Abraham gëtt.
Wéi Gott dem Abraham opgedroen hat, den Isaak, säi Jong, als Affer duerzebréngen, du huet Gott fir e Lamm gesuergt, dat amplaz vum Isaak, dem Jong vum Abraham, geaffert ginn ass. Mir hunn et alleguer verdéngt, fir ze stierwen, well mir gesënnegt hunn. Mee Gott huet dofir gesuergt, datt de Jesus, d’Lamm vu Gott, un eiser Plaz als Affer gestuerwen ass.
Wéi Gott d’lescht Plo iwwer Ägypte geschéckt huet, du huet hien all israelitesch Famill opgedroen, si sollt e Lamm ouni Feeler schluechten a säi Blutt op hir Dierrumm uewen an op all Säit sträichen. Wéi Gott d’Blutt gesinn huet, du ass hie laanscht hir Haiser gaang an huet hiren eelste Jong net ëmbruecht. Dësen Evenement gëtt als Pessachfest gefeiert.
De Jesus ass eist Pessachlamm. Hie war vollkommen an ouni Sënn, an hien ass an der Zäit ëmbruecht ginn, an där d’Judden d’Pessachfest gefeiert hunn. Wann een un de Jesus gleeft, da bezuelt de Jesus mat sengem Blutt fir seng Sënnen, an d’Strof, déi Gott verhaangen huet, geet laanscht him.
Gott ass mat den Israeliten, déi hie sech als Vollek ausgewielt hat, eng Allianz agaang. An dono ass hien eng nei Allianz agaang, déi jidderengem gëllt. Wéinst der neien Allianz kann all Mënsch, aus wat fir engem Vollek hien och staamt, en Deel vu Gott sengem Vollek ginn, wann hien un de Jesus gleeft.
De Moses war e grousse Prophéit, dee verkënnegt huet, wat Gott gesot huet. Mee de Jesus ass de Gréisste vun alle Prophéiten. Hien ass Gott, an alles, wat hie gemaach a gesot huet, sinn Doten a Wierder vu Gott. Dofir gëtt de Jesus och „d’Wuert vu Gott“ genannt.
Gott hat dem Kinnek David versprach, datt emol ee vu sengen Nokomme fir ëmmer als Kinnek iwwert d’Vollek, dat Gott gehéiert, regéiere géing. Well de Jesus de Jong vu Gott an de Messias ass, ass hien och de besonneren Nokomme vum David, dee fir ëmmer herrscht.
Den David war de Kinnek vun Isarel, mee de Jesus ass de Kinnek vum ganzen Universum. Hie kënnt erëm hannescht a regéiert da säi Räich fir ëmmer mat Gerechtegkeet a Fridden.
Eng biblesch Geschicht aus Genesis 1-3, 6, 14, 22; Exodus 12, 20; 2. Samuel 7; Hebräer 3,1-6; 4,14-5,10; 7,1-8,13; 9,11-10,18; Offenbarung 21