Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

29. D’Geschicht vun engem onbaarmhäerzegen Dénger

Frame 29-01

Enges Dags huet de Péitrus de Jesus gefrot: „Meeschter, wéi oft muss ech da mengem Brudder verzeien, wann hie géint mech sënnegt? Bis zu siwemol?“ De Jesus huet geäntwert: „Net siwemol, mee 70mol siwemol!“ Domat huet de Jesus geméngt, datt een ëmmer verzeie soll. Dunn huet hien dës Geschicht verzielt:

Frame 29-02

„D’Räich, dat Gott opriicht, gläicht engem Kinnek, dee mat sengen Dénger ofrechene wollt. Ee vu sengen Dénger huet him eng riseg Zomm Geld geschold, déi de Wäert vun dem hat, wat een an 200.000 Joer verdénge kann.“

Frame 29-03

„A well den Dénger seng Schold net bezuele konnt, huet de Kinnek gesot: ‚Verkaaft dëse Mann a seng Famill als Sklaven, fir d’Schold ze begläichen!‘“

Frame 29-04

„Du ass den Dénger virun dem Kinnek op d’Knéie gefall an huet gebiedelt: ‚Wann ech glifft, sief gedëlleg mat mir! Ech erstatten d’voll Zomm, déi ech dir schëlleg sinn.‘ Dorop hat de Kinnek Matleed mat him an huet him seng ganz Schold erlooss an huet hie goe gelooss.“

Frame 29-05

„Mee wéi den Dénger vum Kinnek fortgaang ass, du huet hien en aneren Dénger getraff, deen him eng Zomm am Wäert vun dem schëlleg war, wat een a véier Méint verdénge kann. Du ass hie sengem Matdénger un den Hals gaang an huet gesot: ‚Erstatt mir d’Zomm, déi du mir schëlleg bass!‘“

Frame 29-06

„Den aneren Dénger ass op d’Knéie gefall an huet gesot: ‚Wann ech glifft, sief gedëlleg mat mir! Ech erstatten dir d’voll Zomm, déi ech dir schëlleg sinn.‘ Mee den Dénger huet hien an de Prisong bruecht, bis hie seng Schold bezuelt hätt.“

Frame 29-07

„E puer aner Dénger hu gesinn, wat passéiert war, a waren zudéifst beonrouegt. Si si bei de Kinnek gaang an hunn him alles beriicht.“

Frame 29-08

„Dorophshin huet de Kinnek den Dénger bei sech geruff an huet gesot: ‚Du béisen Dénger! Ech hunn dir deng Schold erlooss, well s du mech dorëm ugebiedelt hues. Du sollts du d’Nämmlecht gemaach hunn.‘ De Kinnek ass esou rose ginn, datt hien de béisen Dénger an de Prisong gehäit huet, bis dee seng ganz Schold zréckbezuele géing.“

Frame 29-09

Dunn huet de Jesus gesot: „Genee sou behandelt mäin himmlesche Papp emol jidderee vun iech, wann dir ärem Brudder net vu ganzem Häerz verzeit.“

Eng biblesch Geschicht aus Mattias 18,21-35