Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

11. D’Pessachfest

Frame 11-01

Gott huet de Pharao gewarnt. Wann hien d’Israeliten net goe loosse géing, da géing Gott all männlechen Nokommen ëmbréngen, deen als éischten op d’Welt komm ass. Gott géing dat bei de Mënschen a beim Véi maachen. Wéi de Pharao dat héieren huet, du huet hie refuséiert, fir Gott ze glewen an him ze follechen.

Frame 11-02

Gott huet dofir gesuergt, datt den eelste Jong vu jidderengem, deen un hie gegleeft huet, gerett ginn ass. All Famill sollt e Lamm ouni Feeler auswielen a schluchten.

Frame 11-03

Dunn huet Gott den Israeliten opgedroen, si sollten e bësselche vum Blutt vum Lamm ronderëm d’Dir vun hirem Haus opdroen an d’Fleesch broden a séier iessen, zesumme mat Brout, dat ouni Deessem gebak war. Hien huet hinnen och opgedroen, sech beim Iesse bereetzehalen, fir vun Ägypte fortzegoen.

Frame 11-04

D’Israeliten hunn alles esou gemaach, wéi Gott et hinnen opgedroen hat. Matzen an der Nuecht ass Gott dann duerch Ägypte gaang an huet all Jong, deen als éischtes op d’Welt komm war, ëmbruecht.

Frame 11-05

Un allen Haiser vun den Israelite war Blutt ronderëm d’Dir. Dofir ass Gott laanscht dës Haiser gaang. Jiddereen, deen an esou engem Haus war, war sécher. Wéinst dem Blutt vun dem Lamm ass hie gerett ginn.

Frame 11-06

Mee d’Ägypter hu Gott net gegleeft an hunn dem, wat Gott gebueden hat, net gefollecht. Dofir ass Gott net laanscht hir Haiser gaang. Gott huet all Jong, dee bei den Ägypter als éischtes op d’Welt komm war, ëmbruecht.

Frame 11-07

Jidderee vun den Ägypter, déi männlech an als éischtes op d’Welt komm war, ass gestuerwen, vum Eelsten am Prisong bis zum Eelste vum Pharao. Doropshin hu vill Mënschen an Ägypte gekrasch an an déifer Trauer geklot.

Frame 11-08

An der selwechter Nuecht nach huet de Pharao de Moses an den Aaron bei sech geruff an huet gesot: „Huelt d’Israeliten a geet op der Plaz vun Ägypte fort!“ Och d’Ägypter hunn d’Israelite gedréckt, fir direkt fortzegoen.

Eng biblesch Geschicht aus Exodus 11,1-12,32