25. Den Däiwel stellt de Jesus op d’Prouf
Wéi de Jesus gedeeft war, du huet den Hellege Geescht hien direkt an d’Wüst gefouert, wou hie 40 Deeg a 40 Nuechte gefaasscht huet. Dunn ass den Däiwel bei hie komm an huet hien opgestëppelt ze sënnegen.
Den Däiwel huet hien erausgefuerdert, andeems hie gesot huet: „Wann s du de Jong vu Gott bass, da verwandel dach dës Steng a Brout, fir datt s du eppes fir z’iessen hues!“
De Jesus huet geäntwert: „An dem Wuert, dat Gott ginn huet, steet geschriwwen: ‚D’Mënsche brauchen net nëmme Brout, fir liewen ze kënnen. Si brauchen och all Wuert, dat Gott seet!‘“
Dono huet den Däiwel de Jesus op déi héchst Plaz vum Tempel matgeholl an huet gesot: „Wann s du de Jong vu Gott bass, da spréng hei erof! Et steet nämlech geschriwwen: ‚Gott gitt sengen Engelen Instruktiounen, dech ze droen, datt s du däi Fouss net un e Stee stéiss.‘“
Mee de Jesus huet dem Däiwel mat engem aneren Zitat aus der Helleger Schrëft geäntwert. Hien huet gesot: „Gott dreet de Mënschen a sengem Wuert och op: ‚Du solls den Här, däi Gott, net op d’Prouf stellen.‘“
Dono huet den Däiwel dem Jesus all Räicher vun der Welt gewisen an hir ganz Herrlechkeet an huet gesot: „Dat alles ginn ech dir, wann s du viru mir nidderfälls a mech ubieds.“
De Jesus huet geäntwert: „Maach, datt s du fortkënns, du Däiwel! Gott dreet sengem Vollek a sengem Wuert op: ‚Du solls den Här, däi Gott, ubieden an him eleng déngen.‘“
De Jesus huet de Versuchunge vum Däiwel net noginn. Dofir huet den Däiwel vun him ofgelooss. Doropshi sinn d’Engele komm an hunn de Jesus versuergt.
Eng biblesch Geschicht aus Mattias 4,1-11; Mark 1,12-13; Luc 4,1-13