6. Gott suergt fir den Isaak
Den Abraham war elo schonn zëmlech al an den Isaak, säi Jong, en erwuessene Mann. Dofir huet den Abraham ee vu sengen Dénger an d’Land zréckgeschéckt, an dem d‘Leit gewunnt hunn, déi mat him Famill waren. Den Dénger sollt fir den Isaak, de Jong vum Abraham, eng Fra aussichen.
No enger laang Rees an d’Land, an dem d’Leit gewunnt hunn, déi mam Abraham Famill waren, huet Gott den Dénger bei d’Rebekka geféiert. D’Rebekka war d’Enkelin vum Abraham sengem Brudder.
D’Rebekka war domat averstan, vu senger Famill fortzegoen a mat dem Dénger dohin ze reesen, wou den Isaak gewunnt huet. Wéi si ukomm sinn, huet den Isaak d’Rebekka bestued.
No enger laang Zäit ass den Abraham gestuerwen, an d’Zousoe vun der Allianz, déi Gott him ginn hat, sinn alleguer op den Isaak iwwergaang. Gott hat versprach, datt den Abraham esou vill Nokommen hu sollt, datt ee se net méi ziele kéint. Mee d’Rebekka, dem Isaak seng Fra, konnt keng Kanner kréien.
Den Isaak huet fir d’Rebekka gebiet, a Gott huet hatt mat Zwillinge schwanger gi gelooss. D’zwee Kanner hu matenee gekämpft, wéi se nach am Bauch vum Rebekka waren. Dofir huet d’Rebekka Gott gefrot, wat dat ze bedeiten huet.
Gott huet dem Rebekka geäntwert. „Aus dengen zwee Jongen an dengem Läif enstinn emol zwee Vëlleker. Déi kämpfen ee géint dat andert, an de méi ale Jong déngt dem méi jonken.“
Wéi dem Rebekka seng Kanner op d’Welt komm sinn, du ass de méi ale Jong rout an hoereg erauskomm, a si hunn hien Esau genannt. De méi jonke Jong ass komm an huet dem Esau seng Fers festgehal. Si hunn hie Jakob genannt.
Eng biblesch Geschicht aus Genesis 24,1-25,26