14. D’Vollek Israel reest duerch d‘Wüst
Wéi Gott den Israelite seng Gesetzer ginn hat, déi se als Deel vu senger Allianz mat hinnen hale sollten, du si se vum Bierg Sinai lassgezunn. Hiert Ziel war d’Land, dat Gott hinne versprach hat an dat Kanaan geheescht huet. Do wollt Gott si hiféieren. D’Wollekestäil ass virun hinnen a Kanaan gaang, a si sinn hannert der Wollekestäil hiergaang.
Gott huet dem Abraham an dem Isaak an dem Jakob versprach: „Ären Nokomme ginn ech d’Land, dat ech iech zougesot hunn.“ Mee do hunn elo verschidde Vëlleker gelieft, déi Kanaaniter genannt gi sinn. D’Kanaaniter hu Gott net ugebiet an hunn och net op hien héieren. Si hu verkéiert Gëtter ugebiet an hu vill Béises gemaach.
Gott huet zu den Israelite gesot: „Dir musst d’Kanaaniter am Land, dat ech iech zougesot hunn, lass ginn! Maacht kee Fridde mat hinnen a bestued kee vun hinnen! Hir Gëtter musst dir alleguer zerstéieren! Wann dir net maacht, wat ech soen, da biet dir iergendwann hir Gëtter un an net méi mech.“
Wéi d’Israeliten un d’Grenz vu Kanaan komm sinn, du huet de Moses zwielef Männer ausgewielt, een aus jidderengem vun den israelitesche Stämm. Denen huet hien den Opdrag ginn, d’Land auszespionéieren a fir ze kucken, wéi et do ass. Si sollten och d’Kanaaniter ausspionéieren a feststellen, ob se staark oder schwaach sinn.
D’zwielef Spioune si 40 Deeg duerch Kanaan gereest a sinn dann nees zréckkomm. „D’Land ass immens fruchtbar“, hu se beriicht, „an et gëtt do vill eranzehuelen!“ Zéng vun dene Spiounen hunn awer nach gesot: „D’Stied sinn zimlech zolidd, an d’Mënschen do si Risen! Wa mir si ugräifen, gi se bestëmmt Här iwwert eis a bréngen eis ëm.“
Dorop hunn de Kaleb an de Josua, déi aner zwee Spiounen, gesot: „D’Mënschen a Kanaan si wierklech grouss a staark, mee mir kënne ganz bestëmmt Här iwwer se ginn! Gott kämpft nämlech fir eis.”
D’Vollek huet awer net op de Kaleb an op de Josua héieren. Si si mam Moses a mam Aaron rose ginn an hu gesot: „Firwat hutt dir eis dann op dës schrecklech Plaz bruecht? Mir wiere besser an Ägypte bliwwen, fir datt mir net am Kampf stierwe mussen a fir datt eis Fraen a Kanner net zu Sklave gemaach ginn.“ D’Vollek wollt en aneren Iewesche wielen, dee se an Ägypten zréckbrénge sollt.
Du ass Gott immens rose ginn an ass bei d’Zelt komm, an dem d‘Mënschen zesummekomm sinn. „Well dir géint mech rebelléiert hutt, muss d’ganzt Vollek an der Wüst rëmmerzéien“, huet hie gesot. „Ausser dem Josua an dem Kaleb stierft emol jiddereen, dee 20 Joer al a méi al ass, an der Wüst a kënnt ni an d’Land, dat ech iech zougesot hunn.
Wéi d’Mënschen dat héieren hunn, du huet hinne Leed gedoen, datt se gesënnegt haten. Si hunn hir Waffe geholl a wollten d’Kanaaniter ugräifen. Mee de Moses huet si dovir gewarnt, opzebriechen. Gott war nämlech net bei hinnen. Awer si hunn net op de Moses héieren.
Gott ass net mat hinnen an de Kampf gezunn, esou datt hir Feinden Här iwwer se gi sinn, an eng ganz Rei vun hinnen ass ëmkomm. Doropshi sinn d’Israelite vu Kanaan zréckkomm a si 40 Joer laang duerch d’Wüst gezunn.
An dene 40 Joer, déi d’Vollek Israel duerch d’Wüst gezunn ass, huet Gott fir si gesuergt. Hien huet hinne Brout vum Himmel ginn, dat „Manna“ geheescht huet. Hien huet hinnen och koupweis Wachtelen an hir Lager geschéckt, datt se Fleesch z’iessen hätten. Wachtele si mëttelgrouss Vullen. An der ganz Zäit huet Gott dofir gesuergt, datt sech hir Kleeder a Sandalen net ofgenotzt hunn.
Gott huet hinnen esouguer op eng wonnerbar Aart a Weis Waasser aus engem Fiels ginn. Mee trotz all dem huet d’Vollek Israel sech beklot an huet géint Gott a géint de Moses gemotzt. An obwuel se dat gemaach hunn, ass Gott sengen Zousoen un den Abraham an un den Isaak an un de Jakob trei bliwwen.
Eng aner Kéier, wéi d’Vollek kee Waasser hat, huet Gott zum Moses gesot: „Schwätz zu dem Fiels, da kënnt Waasser aus him eraus.“ Mee de Moses war rosen an huet met sengem Bengel einfach zweemol op de Fiels geschloen, amplaz zu him ze schwätzen. Du ass Waasser aus dem Fiels komm, vun dem jiddereen drénke konnt. Gott war awer béis mam Moses an huet gesot: „Du kënns net an d’Land, dat ech iech zougesot hunn.”
Wéi d’Israelite 40 Joer laang duerch d’Wüst gezu waren, du waren déijeíneg, déi géint Gott rebelléiert haten, alleguer gestuerwen. Doropshin huet Gott d’Vollek erëm un d’Grenz vun dem Land gefouert, dat hien hinnen zougesot hat. De Moses war elo schonn zimlech al. Dofir huet Gott de Josua ausgewielt, deen dem Moses hëllefe sollt, fir d’Vollek ze féieren. Gott huet dem Moses och versprach, datt hien enges Daachs en anere Prophéit wéi de Moses schécke géing.
Dono huet Gott zum Moses gesot: „Géi op déi héchst Plaz vun engem Bierg, vu wou aus du d’Land gesi kanns, dat ech iech versprach hunn.“ De Moses huet d’Land gesinn, mee Gott huet him net erlaabt, eranzegoen. Dunn ass de Moses gestuerwen, an d’Israeliten hunn 30 Deeg ëm hie getrauert. De Josua ass hiren neien Ieweschte ginn. Hie war e gudden Ieweschten, well hien op Gott vertraut an op hien héieren huet.
Eng biblesch Geschicht aus Exodus 16-17; Numeri 10-14; 20; 27; Deuteronomium 34