20. Israel muss an d’Exil an dierf erëm zréckkommen
D’Räicher Israel u Juda hunn allenzwee géint Gott gesënnegt. Si hunn d’Allianz gebrach, déi Gott beim Bierch Sinai mat hinnen agaang war. Gott huet seng Prophéite geschéckt, fir se ze warnen an dozou opzuruffen, fir ëmzekéieren. Si sollte Gott erëm ubieden, mee si wollten net op hien héieren.
Dofir huet Gott zougelooss, datt se vun hire Feinde vernicht gi sinn. Op dës Aart a Weis huet hie si gestrooft. D’assyrescht Welträich, eng mächteg a grausam Natioun, huet d’Räich Israel zerstéiert. D’Assyrer hu vill Mënschen an Israel ëmbrucht. Si hunn alles matgeholl, wat Wäert hat an hu villes am Land niddergebrannt.
D’Assyrer hunn d’Iewescht an d’Räich an d’fäheg Leit alleguer gesammelt an hu se an Assyrie bruecht. Nëmmen déi ganz aarm Israeliten, déi net ëmkomm waren, sinn am Räich Israel zréckbliwwen.
Dono hunn d’Assyrer Friemer bruecht, fir an dem Land ze wunnen, dat bis dohin d’Räich Israel war. Déi Friem hunn d’zerstéiert Stied erëm opgebaut an hunn d’Israelite bestued, déi Rescht bliwwe waren. D’Nokomme vun den Israeliten, déi d’Friem bestued haten, si Samariter genannt ginn.
D’Mënschen am Räich Juda hu gesinn, wéi Gott d’Räich Israel gestrooft hat, well een do Gott net gegleeft an och net op hien héieren hat. Mee trotz all dem hu se weider d’Gëtzen ugebiet, och d’Gëtter vun de Kanaaniter. Gott huet Prophéite geschéckt, fir si ze warnen, mee si wollten net héieren.
Ongeféier 100 Joer, nodeem d’Assyrer d’Räich Israel zerstéiert haten, huet Gott den Nebukadnezar, de Kinnek vun de Babylonier, geschéckt, fir d’Räich Israel unzegräifen. Babylon war e mächtegt Räich. De Kinnek vu Juda huet agewëllegt, fir dem Nebukadnezar ze déngen a fir him all Joer héich Steieren ze bezuelen.
E puer Joer méi spéit huet de Kinnek vu Juda awer géint Babylon rebelléiert. Doropshi sinn d’Babylonier zréckkomm an hunn d’Räich Juda ugegraff. Si hunn d’Stad Jerusalem eruerwert an den Tempel zerstéiert. Och all Schätz vun der Stad a vum Tempel hu se matgeholl.
Als Strof dofir, dat de Kinnek vu Juda rebelléiert hat, hunn d’Zaldote vum Nebukadnezar d’Jonge vum Kinnek virun dem sengen Aën ëmbruecht an hunn hien dono blann gemaach. Dunn hu se hien an d’Verbannung op Babylon geschéckt, wou hien am Prisong gestuerwen ass.
Den Nebukadnezar a seng Arméi hu bal d’ganz Bevëlkerung vum Räich Juda op Babylon deportéiert. Nëmmen déi Ärmst hu se zréckgelooss, fir d’Felder ze bestellen. D’Zäitspann, an där Gott säi Vollek gezwong war, baussent dem Land ze liewen, dat hien him zougesot hat, nennt een d’Exil.
An obwuel Gott säi Vollek an d’Exil geschéckt an esou fir seng Sënne gestrooft huet, huet hien et dach net vergiess, och net seng Zousoen. Gott huet weider op se opgepasst an huet duerch seng Prophéiten zu hinne geschwat. Hien huet versprach, datt se no 70 Joer erëm an d’Land zréckkommen dierften, dat hien hinnen zougesot hat.
Ongeféier 70 Joer méi spéit huet de Kyrus, de Kinnek vu Persien, Babylon eruewert. D’persescht Welträich ass an d’Plaz vum babylonesche getrueden. D’Israelite sinn elo Judde genannt ginn, an d’meescht vun hinnen haten hiert ganzt Liewen a Babylon gelieft. Nëmmen e puer ganz al Judde konnte sech nach un d’Land Juda erënneren.
D’persecht Welträich war mächteg. Et huet sech awer dene Vëlleker géintiwwer, iwwer déi et Här gi war, frëndlech verhal. Net laang nodeem de Kyrus de Kinnek vun de Perser ginn ass, huet hien en Erlooss erausginn, datt all Judd vu Persie fortgoen an a Juda zréckkommen dierft, wann hien dat wollt. Hien huet hinnen esouguer Geld ginn, fir den Tempel erëm opzebauen. Doropshin ass eng kleng Grupp vu Judden no 70 Joer am Exil an d’Stad Jerusalem a Juda zréckkomm.
Wéi d’Mënschen a Jerusalem ukomm waren, du hu se den Tempel an d’Mauere vu Jerusalem nees opgebaut. An obwuel se ëmmer nach vun anere Vëlleker beherrscht gi sinn, hu se erëm an dem Land gelieft, dat Gott hinnen zougesot hat, an hu Gott am Tempel ugebiet.
Eng biblesch Geschicht aus 2. Kinneke 17; 24-25; 2. Chronik 36; Esra 1-10; Nehemia 1-13