Lëtzebuergesch: Open Bible Stories

Updated ? hours ago # views See on DCS

22. De Jean, dee gedeeft huet, kënnt op d‘Welt

Frame 22-01

A vergaangen Zäiten hat Gott duerch seng Engelen an duerch d’Prophéiten zu sengem Vollek geschwat. Mee da si 400 Joer vergaang, an denen hien net zu hinne geschwat huet. Dono ass op eng Kéier en Engel mat engem Message vu Gott bei en ale Priister komm, dee Sacharja geheescht hat.

Frame 22-02

Den Engel huet zum Sacharja gesot: „Deng Fra kritt e Jong, an dee solls du Jean nennen. De Jean gëtt vum Hellege Geescht erfëllt a bereet d’Mënschen op de Messias vir.“ De Sacharja huet geäntwert: „Meng Fra an ech si schonn zu al, fir nach Kanner ze kréien. Wéi kann ech da wëssen, datt sech dat emol ereegent?”

Frame 22-03

Den Engel huet dem Sacharja geäntwert: „Gott huet mech geschéckt, fir dir dës gutt Noriicht ze iwwerbréngen. Mee well s du mir net gegleeft hues, kanns du vun elo un net méi schwätzen, bis d’Kand op d’Welt komm ass.“ Du ass de Sacharja op der Plaz stomm ginn. Dunn ass den Engel vun him fortgaang. Dono ass de Sacharja heemgaang, a seng Fra ass schwanger ginn.

Frame 22-04

Wéi d’Elisabeth am sechste Mount war, du ass den nämmlechen Engel op eng Kéier enger Fra erschéngt, déi mam Elisabeth Famill war a Maria geheescht huet. D’Maria war nach Jongfra a war mat engem Mann verlobt, dee Jousef geheescht huet. Den Engel huet gesot: „Du gëss schwanger a bréngs e Jong op d’Welt. Dee solls du Jesus nennen. De Jong ass de Jong vu Gott, dem Héchsten, a regéiert emol fir ëmmer.“

Frame 22-05

D’Maria huet geäntwert: “Wéi kann dat da sinn? Ech sinn dach nach eng Jongfra.“ Den Engel huet erkläert: „Den Hellege Geescht kënnt iwwer dech, an d’Kraaft, déi vu Gott ausgeet, bedeckt dech mat hirem Schied. Dofir ass d’Kand och helleg an de Jong vu Gott.“ D’Maria huet gegleeft an huet ugeholl, wat den Engel gesot huet.

Frame 22-06

Net laang nodeem den Engel mat him geschwat hat, ass d’Maria d’Elisabeth besiche gaang. Esoubal wéi d’Elisabeth héieren huet, wéi d’Maria hatt gegréisst huet, du ass d’Kand a sengem Läif gesprong. Déi zwéi Fraen hu sech iwwer alles gefreet, wat Gott fir si gemaach hat. D’Maria ass dräi Méint beim Elisabeth bliwwen an ass dann erëm heemgaang.

Frame 22-07

Dunn ass dem Elisabeth säi Jong op d’Welt komm. De Sacharja an d’Elisabeth hunn hie Jean genannt, esou wéi den Engel et gebueden hat. Dono huet Gott dem Sacharja d’Fähegkeet zréckginn, erëm schwätzen ze kënnen. De Sacharja huet gesot: „Gelueft sief Gott, well hie sech u säi Vollek erënnert huet. Du, mäi Jong, gëss emol Prophéit vu Gott, dem Héchsten, genannt a sees de Mënschen, wéi se dohi kommen, datt hinnen d’Sënne verzie ginn.“

Eng biblesch Geschicht aus Luc 1